Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

réckbléck

 
réckbléck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.06.2011
  • Gekuckt:
    20253
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    45 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x594
  • Späicherplaz:
    178 KB
  • Originaldatum:
    04/2009
  • Fotoapparat:
    E-500
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56778]
Kommentar vum Fotograf:
Holocaust Mahnmal zu Berlin
MB-Photos 21.06.2011 - 20:35
Foto un sech as gud Bildopbau asw, waat steiert as dein Sujet (Persoun) sie huet eng falsch Position menger Meenung, an dei Fra am Hannergrond steiert, ech geif Foto besser fannen wann Persoun mam Reck zur Foto geif stoen mat licht gedreintem Kapp an Kierper.
suraki 21.06.2011 - 20:51
leider hunn déi Sreetbiller et esou un sech dat do keng Modelle stinn deenen een Uweisunge ka ginn. Wär et en inszenéiert Bild, häss de awer mam Hannergrond Recht ? mech stéiert e net.
Den Typ den do kuckt, fannen ech cool smile
mischii 21.06.2011 - 21:46
smile
jo den Ed huet Recht daat war kee Model deen ech konnt dirigéiren, do an deem riesege Labyrinth gouf et einfach onendlech vill Weer an ech hu gewaart bis een koum, leider ass am Hannergrond och nach ee komm, an ech mengen hien haat gemierkt, dass ech geknipst hun.
ech stoung do mi laang an dest Bild hun ech perséinlech dat Bescht fonnt
mee neïscht fir Ongudd
mischii 21.06.2011 - 22:58
mmmh, ass e street do kann ech leider d'Leit net dirigéiren, daat muss ee schon huelen wéi se kommen dat soll jo och symbolesch sin fir den Holocaust, am Hannergrond, do am Liicht geet d'Liewe weider, dofir war ech och frou iwwer déi Persoun
suraki 21.06.2011 - 20:42
fir mech en herrlecht Bild Michèle, Street puer smile
mischii 21.06.2011 - 21:48
merci Ed smile, war och frou dass ech mol e street haat
gtaddei1 21.06.2011 - 20:44
Jo daat sinn dei richtesch fotoen wou een drop waard
mischii 21.06.2011 - 22:08
daat freet mech,
fir mech ass dëst Bild och mat Emotiounen verbonnen, well wann een do zum Schluss an de Sall mat den Dokumentatiounen war bleiwt keen Aan drechen
dat war méi wi Horror
gtaddei1 22.06.2011 - 10:20
smile
m-otiv 21.06.2011 - 20:57
saucool
mischii 21.06.2011 - 22:11
e ganz décke Merci Vito, freet mech ganz vill
Maimonides 21.06.2011 - 21:31
Eleng schonn déi Iddi, Michèle,
fir aus dem MAHNMAL 1 Wee
ze maachen, 1 Strooss,
an dann och nach doraus 1 street,
eleng déi Iddi ass et schonn derwäert
fir gewisen ze ginn.
Mais deng Foto ass nach besser wéi deng Iddi.

EISENMAN/SERRA wären déck zefridden.

An hei fehlt de "street" :

http://de.wikipedia.org/w/index.php?title=Datei:Holocaust_Mahnmal_Berlin_2005.jpg&filetimestamp=20060206162725
mischii 21.06.2011 - 22:31
merci Charel,
jo dat Bild op Wikipedia ass wierklech e bessi null, hei brauch ee scho Menschen an am beschten, déi di do derduerch gin,
d'Idi ass am Fong nët nei, well do steet méi wi een mat enger Kamera hannert de Steelen fir e gudde Passant z'erweschen
Leider amuséiren sech och do vill Leit
ech hun di Biller e bessi rouen geloos an du koum mer d'Idi vun der Bearbechtung,
-eng donkel Vergaangenheet,
-ass scho flou am Gedächtnes ,
-mir gin duerch d'Geschicht
- mee de Wee an dës Vergaangenheet soll schaarf bleiwen, sou eppes dierf nët vergiess gin
a wann dann di 2 Architekten och nach déck zefridde wären , sin ech och zefridden
mischii 21.06.2011 - 22:28
;
Jean-Jos 21.06.2011 - 22:32
Ganz flott dat doten (cadrage, Faarwpalett, street, Symbolik...).
Ech hoffen Berlin och emol ze gesin.
An de Maimonides huet Recht: wikipedia kéint hiir Foto wierklech ersetzen.
mischii 21.06.2011 - 22:37
merci Jean-Jos
Berlin ass eng Rees wert, an allen Hinsichten
ZerberuZ 22.06.2011 - 14:19
top street foto
mischii 23.06.2011 - 03:32
och Dir en décke merci, mecht Freed wann eppes appreciéiert gett
mischii 06.07.2011 - 20:49
;
He-Lx 27.06.2011 - 20:28
Erdrëckend , sou wéi et soll sin. Exzellente Schnëtt.
mischii 06.07.2011 - 20:50
merci Heng

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 369 Gäscht online