nr 1 an 3 fannen ech flott, vir de recht sin se ma ze vill ugeschnidden respectiv schued dass en net ganz drop as. an och saturatioun vum Himmel, daat erennert mech uns Vakanzenkatalogen dei sin och sou "iwerdriwen".
Nächst Woch hun ech en ähnlechen Shooting. Soll ech do beim Weitwénkel mat den méi extremen Verzerungen bleiven; oder éischter daat sälwecht mam 24-70 machen; wou mer dan méi gewinnten Formen kréien? Waat as do är Meenung?
Eng gesond 'Mëschung' wär villäicht am beschten, fir niewent deenen 'extrem' Perspektiven, déi ëmmer interessant sinn, och e pur 'normaler' ze hunn, soss sinn et villäicht ze vill 'extremer', obwuel mir déi och gefalen.
wann's de elo a Richtung Fësch wëlls goen, kennen, ... nee bei der kommen, ganz flott Saachen derbäi eraus. Et gëtt awer séier langweileg eng Serie vun nennen Extremer ze kucken.
Wann et eng Serie vum Jempy soll ginn, ass et awer flott esou en eyecatcher mat dertëscht ze geheien. Fir eng aner Persoun déi nach keng "normal" Biller vun sech huet oder vun der du nach néicht vir dech gewisen hues, éichter ewéi den Pit ... eng gesond Mëschung .
Genial Perspektiv fir d'Nummer 3! Vill méi spektakulär geet jo net méi
D'Bearbeschtung vun 1-3 gefällt mer guer net, ze vill saturéiert an ze vill Clarity, dat lenkt mech vum Bild selwer of. D'Bearbeschtung vun der 4 fannen ech ganz gelongen, do hues de och eng knackeg gréng Wiss ouni dass et no ze vill wierkt. Och nees ganz interessanten Kadrage bei der 4.
D'5 erënnert mech un déng aal Experimenter mat der Beweegung. Wann s de se zesummen mat deenen aneren géifs weisen géif se nach vill besser wierken well se do déi aussergewéinlech Perspektiv erabréngt. Hei bei d'Serie passt se fir mech net esou gutt.
Ech géif soen bleif beim Wäitwénkel mä forcéier dech net fir däi Motiv dann an den Eck ze setzen. Profitéier éischter dovun wat mam Hannergrond geschitt.
Thx fir är Comments an Ureegungen. Eng Saach as wuel secher; ech muss onbedéngt kuken en anstänegen calibréierten Ecran kréien. Den Notebook mat deem ech meeschtens schaffen huet vill manner Kontrast wéi zB den Iphone. Wann et um Lap nach normal ausgeseit dan sprudelt et mat den Farwen um Apple. Den sälwechten Problem hun ech och mat den Prints déi ech machen. Do muss ech wuel un eng gesamt Calibratioun gléven, hoffentlech net meng Gukelcher.