Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Première

 
Première
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.05.2011
  • Gekuckt:
    21953
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    15 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1284
  • Späicherplaz:
    659 KB
  • Originaldatum:
    2011:05:28 22:21:16
  • Fotoapparat:
    DSLR-A700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Tamron 11-18 f/4.5-5.6
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:
All meng Coursen, en Apel, Molekül-Modell, eng PHOTOGRAPHIE, Motivatioun vir den ganzen Butték herno nees ze raumen (dat war am schwéiersten!), Gorillapod mat Blëtz uewen um Schaf,...

Fir anzesetzen: [pg_img=55928]
Kommentar vum Fotograf:
Hu grad eng kreativ Phase, iwwer deem ganzen geléiers kritt een vill aner domm Iddien...

...z.B. mol seng ganz Coursen aus ze tippen. :)
Mika 30.05.2011 - 08:57
Oh méi oh méi, waat een Drama tongue Waat tipps du dann aus? xD
Mee soss awer schéi gestaltene Chaos cool Just villäicht däi Fouss gesäit een zevill...
Metalbambi 30.05.2011 - 11:21
D'nächst Kéier schneiden ech en of... tongue
Gwendoline 30.05.2011 - 09:54
willkommen im clubbigsmile ech tippen, du bass och op C? Gesinn d'Biosbuch an d'Chimiesbuch do leienclosed_eye
Metalbambi 30.05.2011 - 11:24
Natierlech C, wat soss? bigsmiletongue
Wou bass du dann drun?
Gwendoline 30.05.2011 - 19:59
ma och 1ère Cclosed_eye
Metalbambi 30.05.2011 - 22:28
Mier sinn jo béis an der Iwwerzuel hei... bigsmile
Gwendoline 31.05.2011 - 08:38
ah, ech hun net opgepasst closed_eye Mee ech wenschen der awer dann nach alles gudds fir de recht, gläich ass et jo gepackt bigsmile
Metalbambi 31.05.2011 - 12:48
Majo, Merci gläichfalls! smile
Gwendoline 31.05.2011 - 13:30
Mercismile
DarkRoom 30.05.2011 - 10:02
un esou Zäiten vun "organiséierten Chaos" kann ech mech och nach erenneren bigsmile
Metalbambi 30.05.2011 - 11:29
Vergësst een net sou séier, zwar méi wéinst deem ganzen rondrëm wéi wéinst dem Examen mengen ech... smile
DarkRoom 30.05.2011 - 11:42
genee daat bigsmile
wochenlaang sech Gedanke gemeet, Pläng gemeet wei & wéini een am beschten (rouegsten) léiere kann, Wochen virdrun schon Vitaminnen & Uebst gebufft ouni Enn, mega granzeg gin wann d'Mamm erem vergiess haat Expresso an Red Bull matzebrengen, nach méi granzeg gin wann een dech gefroot huet : an, wéi kennst du virun mam léieren/mat dengen Viirbereedungen ?, ... bigsmile
an dunn - ganz plötzlech - alles eriwwer ...

Ah jo : Vill Gléck, an nach mei kréativ Inspiratioun, fier de Rescht vun den Examen closed_eye
Pit 30.05.2011 - 10:09
Vill Spass beim opraumen smile
Metalbambi 30.05.2011 - 11:26
Schon geschitt. smile
Hat sech en zimlechen Chaos iwwert déi éischt Woch Examen ugesammelt, an hunn mer geduecht dat bëssen méi géif net méi an d'Gewiicht falen beim Raumen. Am Endeffekt ass lo suguer méi Uerdnung an deem Ganzen wéi virdrun, war also net nëmmen gutt vir d'Foto.
BerBe 30.05.2011 - 10:15
D'Haaptsach d'V200 ass direkt gräifbar tongue, an den 8.Juni gett en Lagerfeier gemach closed_eye
Fennec 30.05.2011 - 10:17
Verbrenn den V200 net, keint mech interesseieren
BerBe 30.05.2011 - 10:22
Also meng verbrennen ech 100% net, dat war fir den Papier gemengt smile, well wann een dei Spillsach bis verstanen hud, dann kann een esou een Blödsinn dermat machen bigsmile
Metalbambi 30.05.2011 - 11:26
Awer ëmmer, déi ass ëmmer vir eppes ze gebrauchen! bigsmile
bigmama19420205 30.05.2011 - 11:42
Studentebud, ganz relax, a voll konzentrëiert,,

gut gewisen closed_eye
Metalbambi 30.05.2011 - 19:04
Merci
big-basti 30.05.2011 - 12:50
Gutt dat doten smile sou eng Woch hun mer iwwerstan, one to go smile bonne chance nach !
Metalbambi 30.05.2011 - 13:07
Positiv denken: et ass just nach eng hallef! tongue
Merci gleichfalls
big-basti 30.05.2011 - 14:22
Jo genau! Mee de Schlemmst ass iwwerstan, just nach Chimie vielleicht .. closed_eye merci !
gloda 05.06.2011 - 15:41
Ech weess nach wéi ech op Première d'Flemm hat mam léieren, do hunn ech och Fotoen gemaach amplaz.
Flott Chaos, d'Bild bréngt de Konzept gutt eriwwer. D'Luucht war vläicht e bëssen ze no un dengem Kapp.
Metalbambi 05.06.2011 - 18:34
Mat der Flemm geet et, ech hat mer alles vill schlëmmer virgestallt... smile
Freet mech dat se der gefält, mat der Luucht hues de Rescht. Hunn vun 2-3 Auer moies d'Fotoen gemaach, an dat hei war déi wou mer dunn moies am beschten gefall huet, trotz der Luucht... hat keng Loscht méi nees alles aus ze kippen... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 315 Gäscht online