Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aus der Bürosfënster...

 
Aus der Bürosfënster...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (08.07.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.05.2011
  • Gekuckt:
    20935
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/F16
  • Brennwäit:
    14 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1990x1308
  • Späicherplaz:
    346 KB
  • Originaldatum:
    20/05/2011
  • Fotoapparat:
    D7000
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=55601]
Kommentar vum Fotograf:
HDR 2ten Versuch! an der Mettegstonn op der Schaff! All Kritik ass wellkomm! 2te Versioun, wou ech probéiert hunn d'Kritiken emzesetzen. Villmols merci!
kruemelatease 20.05.2011 - 17:46
Dynamik ass dran, dat gefällt !
Awer: Foto kippt staark no lénks an d'Faarwen gefalen mir perséinlech net; e bëssen too much géif ech soen. Mä bon, mol ob aner Meenungen waarden...
Abacab 20.05.2011 - 20:54
Villmols merci kruemeltease
_MiAmI_ 20.05.2011 - 17:51
vleit een Tick mei vun da Staat drop kreien, jo se haengt e bessen mee daat kritt een jo rem riet smile Wolleken gefaalen ma ganz gud, mee sust deen Blo Stech, as to much...
Abacab 20.05.2011 - 20:53
Villmols merci MiAmI, du bass een vun menge Virbiller smile
Jeanny 20.05.2011 - 17:55
wat eng Stëmmung iwwer der Stad, gefält mir ganz gutt
Abacab 20.05.2011 - 20:52
Villmols merci Jeanny
Pit 20.05.2011 - 17:56
Ech hunn déi schonns iergendwou gesinn....smile
Se kippt eigentlech net, well Kathedral an den Tuerm vun der Spuerkeess sinn parallel zum Rand, et ass wuel éischter den Effet vum Weitwenkel (tonnenförmeg), wat den Androck vermëttelt, dat mierkt en am Beschten bei der grousser Opléisung. Mir perséinlech gefalen Faarwen, well se 'dramatesch' sinn, mä dat ass Affaire de Goût an ech denken, dat bei HDR'en jiddereen wahrscheinlech seng perséinlech Meenungen huet, wat och gutt ass.
Abacab 20.05.2011 - 20:52
Merci Pit, du bass e Kolleg closed_eye
He-Lx 20.05.2011 - 18:09
Esou Perspektive gefale mer.
An dësem Fall ass den dramateschen Himmel immens gutt beoarbecht. D'Foarwen fannen ech gutt - HDR ass onverkennbar.
Abacab 20.05.2011 - 20:55
Villmols merci Heng!
Schluck 20.05.2011 - 18:35
Gefällt mir och ganz gudd, Bildopbau, Perspektiv, Foarwen an natirlech d'Dramatik am Bild ... probeier mol d'Objektivverzerrung am PS ze korrigeieren
Abacab 20.05.2011 - 20:51
Villmols merci!
Abacab 20.05.2011 - 20:50
Villmols merci fier die vill Kritiken déi ech krutt. Huet mech immens gefreet! Hunn elo probéiert déi Kritiken emzesetzen a sinn fier weider Kritiken op. smile
Pit 20.05.2011 - 21:11
Hues jo gutt drun geschafft....déi gefält mer och, ass zwar anescht lo, mä rëm gutt. Et ass jo grad beim HDR dat schwieregt, dat eraus ze fannen, wat eben dat Bescht ass.
petz65 09.06.2011 - 12:59
Och dei gramatesch gut. Du hues och eng super vue aus dengem Büro closed_eye
bigmama19420205 13.06.2011 - 08:09
Ass daat an der Stadt?

Dei Wolleken, supersmile
Abacab 13.06.2011 - 13:06
Merci bigmama, jo dat ass an der Stadt, du geseis die rout Breck an d'Kathedral am Bild.
bigmama19420205 13.06.2011 - 13:21
jo,
crici 23.06.2011 - 21:42
Flott fotographieret, scheinen HDR smile
Abacab 23.06.2011 - 22:08
Merci Crici, esou en HDR spleckt d'Vollek, deenen engen gefält et gutt, deenen aneren béien sech d'Fangerneel closed_eye
crici 23.06.2011 - 22:10
wat wier d welt jo och wann jidderengem dat selwecht gefaalen geif closed_eye
blende11 07.10.2011 - 11:41
Du houes hei eng ganz schéin Aufnahm gemacht.......et ass schoued dat en pouer milimeter am unterteil fehlt.......ass net négativ...des Foto hàtt dann 10/10 anstatt nemmen 9,6/10
denk do drun....ciao elo net kréichen weg........remo
Abacab 07.10.2011 - 14:10
Villmols merci Remo, dach ech kréichen elo...., mee vun Freet well ee mer eng konstruktiv Kritik geschriwwen huet smile Ginn der vollkommen Recht, et war och ennen vill mei drop, mee well ech esou vill Himmel drop wollt kreinen hunn ech de Fotoapparat no uewen gehal, an do war ennen eng immens Verzerrung vun de Gebeier drop. Dono hunn ech se am PS entzerrt, an doduerch ass leider esou vill ennen ewechgefall.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 503 Gäscht online