Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Possedusa

 
Possedusa
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.05.2011
  • Gekuckt:
    31746
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    43
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    88 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Programm:
  • Objektiv:
    105mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55541]
Kommentar vum Fotograf:
Wann de Posseidon an d'Medusa e Kannt hätten, dann géif et wahrscheinleg esou ausgesin...
de rècht vun deem shooting (deen Ech hei net weisen duarf) fan dir op menger HP motiv.lu
nostromo 18.05.2011 - 10:41
Aarmt Vania....
m-otiv 18.05.2011 - 11:12
waat soll den Tentefësch dann soen?
Sirius 18.05.2011 - 11:10
Du quäls deng Models awer ganz schein smile

Ongeweinlech me flott Kombi
m-otiv 18.05.2011 - 11:11
No model has been harmed in the making of this photograph closed_eye
Pit 18.05.2011 - 11:22
Foto as jo ganz gutt, mä wann ech mer virstellen, en Tëntefësch esou op den Kapp gesat ze kréien, dann leeft et mer kal den Réck erof....
m-otiv 18.05.2011 - 13:10
denn Tentefësch war och net graad frou...deen aarmen
Zora 18.05.2011 - 11:24
Hun daat bei Topmodel gesin, mä hat hat en net um Kappclosed_eye, scheinen Tentenfeschclosed_eye
m-otiv 18.05.2011 - 11:26
jo genau....nemmen daat bescht fir meng models
Schluck 18.05.2011 - 12:34
Flotten Portrait an gudd Idee, d'BEA ass wei een ët vun dir gewinnt ass.
m-otiv 18.05.2011 - 13:07
tack så mycket
Locke 18.05.2011 - 12:54
wei war dei Geschicht mat de Kontraster namei? bigsmile
m-otiv 18.05.2011 - 13:05
jo su ongeféier.....was nicht passt....
Locke 18.05.2011 - 13:07
bigsmile
m-otiv 18.05.2011 - 13:09
Georges...Du wees daat beschtemmt: Wéi simuléieren ech eng ennerwaaser distortioun/refractioun?
Locke 18.05.2011 - 13:11
erklär mär dei Begreffer mol op letzebuergesch closed_eye

/edit: wells de dass seng Haut sou ausgesäit wei Waasser? wann ech lo do bei Google daat richtegt fonnt hun.
m-otiv 18.05.2011 - 13:13
verzerrungen...fir dass et emol esou ausgesait wéi ennerwaasser
Locke 18.05.2011 - 13:18
keng Ahnungconfused mee wanns de Photoen vun ennerwaasser brauchs wou een vun d`Uwewefläsch gesäit kann ech där der gären gin wous de rauskopéieren kanns an ant Photo integréieren kann.

/edit hu lo mol daat hei fonnt: mee 1. wees de bestemmt scho wei daat geet, an 2. wees ech net op et gudd ausgesäit closed_eye
Maxx 18.05.2011 - 13:19
Super! Gesäit immens artistesch aus, an net esou ekleg smile
Has de Model nach kéinten naass maachen, just sou eng Iddi, mat Drëtonguesen um Kierper...
m-otiv 18.05.2011 - 13:22
jo effektiv...d'iddi mam "falschen" bodypaint ass Réischt an der postproductioun entstaan
DarkRoom 18.05.2011 - 13:26
grujheleg Virstellung esou een Viech um Kapp ze hun <schudder>
trotzdem erem en richteg gudden Porträit smile
Locke 18.05.2011 - 16:04
dei Viecher si léif a knuffe, a schwammen engem souguer während engem ganzen Tauchgang no, fir ze kucken waats du do dreiws bigsmile
DarkRoom 18.05.2011 - 16:42
léif ?? knuffeg ?? sceptical
nee nee, daat kann net sin - en Petzi ass léif a knuffeg, awer net daat Glibberdings do
klex 18.05.2011 - 13:45
wou fennt een deen dann op denger sait? :S hun e net font...
flott iddi dat do opallefall!
m-otiv 18.05.2011 - 16:00
selwechte shooting awer aaneren Thema...et sin die Fotoen matt der melleg an eng aaner Fashion déi Ech haut wäert Posten..
Ech maachen keng seten méi awer e puer Themen de selwechten Daag fir méi productiv ze sin, sou kann Ech manner fotoen méi laang .... Iddi ass naischt neies
Abacab 18.05.2011 - 16:31
Total génial deng Fotoen! Ech kommen einfach net méi vun denger HP erof! smile
m-otiv 18.05.2011 - 17:23
merci....Ech misst awer emol erem e bessi botzen...do gefällt mir sou munches guer net méi cool
Abacab 18.05.2011 - 17:47
Ech wier schon frou wann ech dat géif ferdech brengen wats du dann do géifs botzen smile
petz65 18.08.2011 - 11:55
Ech ka mech dem Marc nemmen uschleissen ech hun deng Fotoen dauernd am Viseier - top Photo an top Idee
Poly 18.05.2011 - 16:49
ass dat eng foto fir eng pub fir dem cact.. séin fëschrayon
de blo faarf ass gutt gewielt, passt bei d'foto, schliisslech ass d'Mir och blo
kul måste smile




ZerberuZ 18.05.2011 - 18:53
foto ass flott .. just iergentwei huet et eng eckeleg frisur bigsmile
TRASH_Doll 18.05.2011 - 18:56
aarmen tentefesch unhappy sniff
m-otiv 18.05.2011 - 20:30
e war schon doud
Kwitchibo 18.05.2011 - 20:37
daat mescht et besserclosed_eye smile)
TRASH_Doll 18.05.2011 - 20:40
et mecht et net wierklech besser (mee dat freet mech fir d´Vania)
WorldTraveler 18.05.2011 - 19:00
Wei geil! smile gefällt mer immens gudd! smile Den T!entefesch deet mer awer leed! unhappy
Jeanny 18.05.2011 - 20:09
also, sou eng Parréck giff ech net opdoensmile awer Foto ass super Vito
Miisamm 18.05.2011 - 21:42
Mmmh lecker Tentefesch smile. Deck cool dei do. Lo brauchs de nach en eemer voll schlaangen fir eng richteg Medusa closed_eye.
Me likes alot bigsmile
g3ckko 19.05.2011 - 13:20
Wow!

Dude, wann een bis elo net perplex war, dann as een et definitiv nodeems een sech dei hei ugekuckt huet. An genau daat apprécieieren ech.
Scorpius 19.05.2011 - 13:28
Also ech sin en absoluten Deierenfrend, an ka mer gut firstellen das des Foto bei verschidde Leit eng negativ Reaktioun ausleist, me di Foto huet epes. Gut geschafft smile
An fir d'Perfektionnisten : War et gewollt das ennen lenks e Steck Tentefesch ewechgeschnidden gouw ? closed_eye
gloda 22.05.2011 - 14:35
Du bass mautsch. Domat hues de den wichtegsten Critère vun engem gudde Fotograf erfëllt.
m-otiv 22.05.2011 - 16:01
cool ... the beauty and the beast redux
McQueen 30.05.2011 - 15:21
Cool Foto, an CHAPEAU fir de Model....esou een Hut deet net all Model un...
Hues du dei Wellen am PS gemach oder ass daat en op den mm gudden Bodypaint ?
An den Gloda huet Recht !!!! tongue
m-otiv 30.05.2011 - 16:22
Thx Steve...

Also d'Wellen sin echt an den Tëntefësch ass am PS gemollt...
...oder war et emgedréint...ah jo, lo wees Ech et..
Tentefësch ass escht an de Model ass gemolt...oder war alles CGI?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 264 Gäscht online