Hmm, d'Idee ass net schlecht an d'Foto eigentlech och ent, mee et huet een sech sou seier dru saat gesinn. Et wirr menger meenung no e gudde Wallpaper ginn, mee lo fir eng super foto fehlt eppes wou een mei laang sech d'Foto ukuckt a seet: "Dat ass et". Et huet een alles direkt gesinn an da geet een dei nächst kucken. Mee den Titel vun der Foto ass net schlecht. (Kennt bestemmt vum Madonna)
maio ej verstin waats de mengs waat mengs de keint een na su dobei stellen oda eben änneren? wollt et seou man dass amfong d zeigeren sej "beweegen" op der foto mee wees net wei daat geet sin na ziemlej nei am bereich foto
ass eng ganz einfach foto... awer dofiir schein an szene gesat... ech perseinlech hätt den fotoapparat mam stativ mat enger laaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaanger beliichtungszeit (an passender klenger blend ) eng gudd zeitchen do stoen geloos dann wieren d'zären verwescht. Do schengt jo en sekundenzeiger ze sin loos se einfach 30 sekonnen beliichten... dann huet den en tour gemat an dann 'gesait' een souguer wei d'Zeit verlaaf ass!
Dofiir get et och eng funktioun op all besserem fotoapparat... wou s'de kanns d'Beliichtungszeit astellen... misst dat nokucken wei dat op mengem heescht Av oder Tv eent vun beidem... do stells de d'beliichtungszeit an an dann stellt den fotoapparat automatesch d'blend an... als klengen bonus get deng foto dann och schöön scharf wells de eng kleng blend misst rauskreien Vill spass nach beim experimenteieren!!