Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bläulinge beim Liebesspiel

 
All Fotoen an dëser Serie:
15685 Thumbnail
15694 Thumbnail
15695 Thumbnail
Bläulinge beim Liebesspiel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.05.2011
  • Gekuckt:
    33582
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Originaldatum:
    09.05.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm f/2.8 Macro
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:
Dei 2. ass mat Blëtz

Fir anzesetzen: [pg_img=55298]
Kommentar vum Fotograf:
Hei zwee Bläulinge (Lycaenidae) beim Liebespiel angefangen ee Samsteg den Moien zu Remerschen um Baggerweiher. Dei eischt gefällt mir am Beschten duerch den Détail an den mei rouegen Hannergrond. Dei lescht fannen ech weinst dem Himmel delweis flott, deelweis awer och ee bessen onroueg, zevill Foarwen ? ... Wei eng fannt dir am flottsten ?
Jaqueline76 09.05.2011 - 17:53
Herrlech einfach herrlech, schärft, faarwen an cadrage !
Fannen net datt di 3t onroueg wierkt,,,
Schluck 09.05.2011 - 19:47
Merci Jaqueline76, schwanken einfach, am Prinzip gefallen se mer allen drei gudd mais wees net wei enh ech perseinlech am flottsten fannen ... haet villeicht keng Serie sollten machen an se eenzel eroplueden
Zersch 09.05.2011 - 19:38
Och erem ganz schéin , och di 3. , wou soll do Onrouh sin smile TOP Serie
Schluck 09.05.2011 - 19:44
Merci Zersch, wees net ob onroueg dat richtegt Wuert ass, zevill Foarwen ? Ech schwanken tëscht der 1. an der 3. mam Hannergrond
Maimonides 09.05.2011 - 19:57
Di 1. an di 3., Schluck,
sinn d'Illustratioun zum Thema.
Mais di 2. gefält mir am beschten.
Um Schierm ënnen 1 cm
ofgeschnidden
géif se mir nach besser gefalen.

Super Serie.
Schluck 09.05.2011 - 20:00
Merci Maimonides,
misst dann awer d'Fühleren oder d'Flilécken schneiden fir d'Format ze halen, uewen mei frei lossen ... oder ee Carré ?
Maimonides 09.05.2011 - 20:21
Klick op di 2. A scroll se duerno um Schierm. E bëssen ënnert deem groe Punkt, do hätt ech se geschnidden. Soss ass näischt ze änneren.
Dovun ofgesinn ass dat meng perséinlech Meenung, a wann se dir am Original besser gefält, dann ass dat esou.
Schluck 09.05.2011 - 20:45
Jo, ech fannen och, dat ass besser, wees just nach nët wei ech dat soll emsetzen, hun nouewen keen sputt mei ... mol kucken ob den PS mer kann ee bëssen hëllefen. Carrré fannen ech net flott an un d'Format wëll eh net goen
Schluck 09.05.2011 - 21:52
Hun se geännert .... ass effektiv vill besser ... Merci!
Jeanny 09.05.2011 - 20:08
dat ass de Glanz Schluck ,wonnerbar, Top.
dat Gléck hat ech nach net unhappy
allen dräi, gefale mir gläich gutt,
däi eescht ganz roueg, neutral
däi zweet, duerch Blumm, lieweg
däi drëtt, e herrlecht Faarwespill
Schluck 09.05.2011 - 20:49
Merci Jeanny, jo sinn wirklech frou dass ech dei Chance haat fir sou eng ze erwëschen, am Fong sinn ech engem noganegen an do koum ob emol den zweeten an do ass et lass gang.

Sinn ëmmer Dankbar wann d'Natur mer sou Biller schenkt. Hat jo gesoot ech haet nach een Leckerbissen.

Effektiv wierken se allen drei annecht obwuel de Sujet den selwechten ass ...
Maxx 09.05.2011 - 20:55
Ech hunn mer di Serie lo schon de ganzen Dag ugekuckt, a kann net genuch kréien smile
Schlussendlech fannen ech di drëtt am beschten, einfach herrlech, den Cadrage an den HG sin TOP, net onroueg, an och net ze vill Faarwen, au contraire, well den Sujet esou gutt fräigestallt ass, an sou genial schaarf ass.
3, 1, 2 wier hei meng Reiefolleg, obschonn ech se allen dräi flott fannen!
An domadder wier d'Lat fir d'Päiperleken fir dëst Joer och schon relativ héich gesat smile
Schluck 09.05.2011 - 21:14
Merci Maxx, genau sou geet et mier och, ech kucken dei Biller an kann mech net décideieren... D'ass och Chance dobei fir sou Biller ze kreien ... merci fir den Fav
He-Lx 09.05.2011 - 21:03
Eng formidabel Serie zu deeër ech der nëmme gratuléiere kann.
Schluck 09.05.2011 - 21:15
Villmols merci Henri, sinn ëmmer frou wann meng Biller gefallen.
Zora 09.05.2011 - 21:39
Wonnerbar , immens, an allen Hinsichten, an all Respekt fir deng Gedold an d'Aa fir esou Détailerclosed_eye
Schluck 09.05.2011 - 22:25
Villmols merci Zora, Gedold ass dobaussen an der Natur keen Problem, iwwerall laueren nei Sujetën dei drop woarden entdeckt ze ginn.
Zora 09.05.2011 - 22:34
Jo gud, meng laafen emmer fortclosed_eye
Schluck 09.05.2011 - 22:38
Do hues de dann zwou Meiglechkeeten... entweder du leefs hannedrun oder du sichs der een neien bigsmile ... mengs de meng geifen ëmmer sëtzen bleiwen
Zora 09.05.2011 - 22:48
Jo, ech hun daat Gefill, d'ass se sech fir dech an Pose schméissen:-P
Schluck 09.05.2011 - 23:02
Schein wier ët Zora, et sinn der mei oft dei fortfleien ... ass wei bei den Austeren, ganz rar fënns de mol eng Perel
NikonD80 09.05.2011 - 21:41
gefalen mir allen dräi gutt, Respekt
Schluck 09.05.2011 - 22:26
Merci NikonD80, freet mech, thanks fir den Fav
NikonD80 10.05.2011 - 19:40
du hues en verdengt
Schluck 10.05.2011 - 21:32
Thx smile
Scyv76 10.05.2011 - 12:04
Also ech fannen se allen 3 och super, déi éicht gefällt mir awer effektiv am béschten well se, wéis du selwer soss, méi roueg wiirkt ! Egaal wéi, sie sin allen 3 top smile
Schluck 10.05.2011 - 21:31
Merci Scyv76, fir mech och, dei zweet gefällt mer nom Maimonides sengem Tipp och elo besser
sylvie 11.05.2011 - 20:00
Die drett gefällt mer am beschten smile super Serie
Schluck 12.05.2011 - 08:44
Merci sylvie, dat heiert een gaer, freet mech dass de se bei deng Favs gesaat hues
sylvie 12.05.2011 - 21:02
Gär geschitt, et ass jo och der Wert smile
Schluck 15.05.2011 - 17:46
smile
WorldTraveler 15.05.2011 - 15:50
D'Schärft ass esou gudd! smile Top!
Schluck 15.05.2011 - 17:21
Merci gesoot, den Challenge woar fir se allen zwee scharf ze kreien
crici 17.06.2011 - 20:12
Immens schein.smile dei lecht gefällt mir am besten. Ass wirklech genial smile
Schluck 21.06.2011 - 14:38
Merci crici, och fir den Fav
bigmama19420205 15.08.2011 - 12:04
Super dei zee do erwëscht closed_eye
Schluck 15.08.2011 - 12:09
Merci Bigmama, fir mech den bëschten Macro den ech dëst Joer gemach hun
bigmama19420205 15.08.2011 - 15:53
Mëngen och smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 310 Gäscht online