Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ass et schonns Mee

 
All Fotoen an dëser Serie:
14906 Thumbnail
14907 Thumbnail
14908 Thumbnail
14909 Thumbnail
14910 Thumbnail
Ass et schonns Mee
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.04.2011
  • Gekuckt:
    19760
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Originaldatum:
    04.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Objektiv:
    Canon100mm
Kategorie: Déieren »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54772]
Kommentar vum Fotograf:
e shoting mat dem éischten Meekiewerlek
DarkRoom 19.04.2011 - 14:26
A waat hues de deem gin fier dass deen esou roueg setze bleiwt, an alles schéin brav matmecht ?

Nr 3 & Nr 4 wou dee klenge Kärel (oder ass et eng Joffer?) een direkt ukuckt fannen ech super häerzeg smile
Jeanny 19.04.2011 - 14:41
en huet sech wuel op menger Fanger gefillt, an du ass e nach op eng Käerz geflunn, a fort war hien, merci
Maimonides 19.04.2011 - 20:49
Schéin Serie, Jeanny.
An op Dikricher ass dat een "Akeschësser", (souguer de Spellchecker kennt deen net).
De Sproochmates: Säit 159.
closed_eye
Jeanny 20.04.2011 - 06:24
En "Akeschësser" smile gutt dass et de Sproochmates gëtt smile
merci Charel
Maimonides 20.04.2011 - 20:36
Gutt dass di net mi grad su junk Dikricher nach wëssen wi di Déieren do, zu Dikrich, heeschen. Su guer de Sproochmates weess et. Mais deen war jo och zu Dikrich am Kolliisch.
closed_eye
Jeanny 21.04.2011 - 06:01
ech mengen wann et esou viru geet an eisem Ländchen, ass eis Sproch geschwënn vergaangen unhappy
Maimonides 21.04.2011 - 20:35
Duerfir schwätzen mir esou, Jeanny:
wéi den Schneewel eis gewuess ass.

An all déi aner
déi hir Mammesprooch
wëllen schwätzen
respektéieren ech,
an ech kann nëmmen hoffen
dass déi och
äis Sprooch
respektéieren.
Jeanny 22.04.2011 - 06:13
an ech schätzen, a bewonneren däi Leit, däi an eist Land wunne kommen, a soen, wann ech well bei iech wunnen, da muss ech och är Sproch schwätze kennen, doheem kann ech jo a menger Mammesprooch schwätzen.
Zora 19.04.2011 - 14:48
Den Glanz dei Serie, dei eischt ass super, awer dei aaner net mannerclosed_eye
Jeanny 20.04.2011 - 06:19
merci Zora, dat freet mech smile
NikonD80 19.04.2011 - 19:27
schéin Serie Jeanny, dëst Jor sinn se fréi drun
Jeanny 20.04.2011 - 06:19
jo, an dach, vill geseet en der net mäi, merci Guy
He-Lx 19.04.2011 - 19:55
Esouguer d'Fisemmen gesäit een. Tiptop Serie Jeanny.
Jeanny 20.04.2011 - 06:18
och dir merci gesot Henri
Schluck 19.04.2011 - 20:50
Ganz flott Serie Jeanny, mir gefällt dei 4. am Beschten
Jeanny 20.04.2011 - 06:17
merci Schluck
bigmama19420205 20.04.2011 - 07:26
Super ,,du hus sëcher ee gut Objektif smile
Jeanny 20.04.2011 - 19:00
merci Bigmama, et gi nach bessere wei mäint smile haut kriss du den 100mm Macro och mat engem Stabelisator,
g3ckko 20.04.2011 - 13:25
Schein Serie smile
Jeanny 20.04.2011 - 18:57
merci gesot smile hues de nach keent gesinn? sou lues kommen eis Insekten aus dem Wanterschlofsmile
svenia 20.04.2011 - 14:10
Oh Jeanny déi do sin jo nees herrlech gin smile also ech muss dir elo awer mol hei e generellt Kompliment maachen fir deng Macro-Fotoen! Tiptop Aarbescht a mengen Aan!
Jeanny 20.04.2011 - 18:55
dat freet mech ze héieren Svenia, maache mäi bescht, a versichen et ëmmer nach besser ze maachen,smile
sylvie 04.05.2011 - 19:55
Deng Serie ass immens, zemols die eischt gefällt mer am beschten. Dest Joer hun ech der schon e pur gesinn. Sie sin eischter wie soss an ech mengen och méi
Jeanny 04.05.2011 - 21:04
jo, do hues de Recht Sylvie, hunn och schonn etlech dëst Joer gesinn. nach merci Sylvie

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 383 Gäscht online