Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Zeltik 2011

 
Zeltik 2011
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.03.2011
  • Gekuckt:
    25309
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    535x800
  • Späicherplaz:
    123 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53713]
Kommentar vum Fotograf:

Geschter um Zeltik !
Maimonides 12.03.2011 - 16:41
Di Punkten do, Marc,
riets ënnen hefteg,
an iwwert der Schëller
ugedeit, si well bal de Clou,
zemools mat der Reprise
laanscht de lénke Bord.
Ganz zahm de Sujet
an awer wibbeleg:
diskret gelauschtert.
big-basti 12.03.2011 - 17:19
Déi huet eppes .. ass speziell ! Déi Farwen an Dégradéen do, machen des Concertsfoto wierklech bessen aussergewéinlech!
zersch01 12.03.2011 - 18:10
Concertsfotoen sin nët einfach hinzekréien!
déi hei gët nëmmen schéingeried - sorry
Schluck 15.03.2011 - 13:06
Sinn ganz denger Mehnung zersch .. naischt fir ongutt Marc
Miisamm 12.03.2011 - 21:11
Hey mam equilizer am hannergrond smile
Zu Zersch, dann ass et eben keng Concerts Foto, laut Kategorie ass et Menschen emotiounen, och wann et net de "Reegelen" entsprecht gefahle mer d'Fuerwen, dei bäigefügten onschärften an alles zimmlech gudd smile
Maimonides 12.03.2011 - 21:38
Genau esou, Miisamm.
!!
zersch01 12.03.2011 - 21:47
ët steht och ënner "Doku an Reportage"....
mat der Onschärft huet den Marc iwwerdriwwen - just den Kënn an den Baak sinn eenigermoossen scharf

bon: alt rëm eng Foto déi een ënner "affaire de goût" muss ofklasséiren
Maimonides 12.03.2011 - 21:57
De Marc, zersch01,
kéint dir eng super Concertsfoto presentéieren.
Dee weess wéi dat geet:
e bëssen Niwwel,
schaarf op d'A
vum Gittarist,
rosa-bloen Damp
ronderëm, e Spot,
an net schaarf
op der lénker Hand.
Mais dat, zersch01,
hu mir well 100 mol gesinn.
zersch01 12.03.2011 - 22:27
hien weess bestëmmt wéi ë geet - daat soen ech jo nët
- mais déi hei fannen ech nët gelongen, egal wéivill gudd Fotoen hien ropgelueden huet
Maimonides 12.03.2011 - 22:33
Villäicht, zersch01,
fannen nach Leit dës gutt.
A wann s du se net gutt fënns,
ass dat däin gutt Recht.
MarcGerard 13.03.2011 - 16:56

bein, leit.
dem zersch gefällt se net.
den zersch weess fläit och, dass mäer dat egal as.
fannen et awer gudd vun him, dass en sech traut dat ze soen.
allerdéngs nemmen dann, wann heen sech NET als bessere concertsfotograf gesäit.
zersch: du schwetz vu concertsfotoen, wéi wanns de wéisst wéi dat geet.
ech gleewen der net, dass de ahnung vu concertsfotoen hues, bis de der e puer gudder eroplueds.
wanns de beserer hues wéi déi op déngem profil as dat jo däi gudd recht. mee da muss de domat rechnen, dass déng kritik net credibel as.
zersch01 15.03.2011 - 22:14
pardon datt ech der op d'Féiss getrëtonguepelt sin an mech "getraut" (déng Wieder) hun hei méng Meenung zu dëser Foto ze soen - op déi credibel fir dech ass oder nët, an och op déi dir egal ass oder nët

op ech eng Ahnung vun Concertsfotoen hun?: Nee - hun ech nët. dofir hun ech der nach nët genuch gemach fir daat können vun mir ze behaapten.
déi puer schlechter déi's de an ménger Galerie fond hues sinn déi éischt déi ech gemach hun ... ech fannen se gleichen awer schon zimlech dénen Fotoen déi Léit roplueden déi wierklech Ahnung dervun hun ...
MarcGerard 16.03.2011 - 07:23

ech fannen se net all schlecht. déi S/W mat de rastas as flott. zumol well se net wierklech ausgesäit wéi en koncertsfoto, mee wéi ee portait kann ee bal soen. dat gefällt mer. net nemmen als foto, mee och, well se eben NET ausgesäit wéi all koncertsfoto smile
dovir hun ech och hei een tiltshift benotzt. ech wollt net SCHO REM koncertsfotoe man. wann dann ee seet se giff schéi geried gin, sin et natiirlech net frou, a froe mech ob een méng foto elo mat standard-koncertsfotoe vergläicht, oder ob een op engem site vir hobbyfotografie all foto nei kuckt, ouni kommerziell standariséiert normen am kapp ze hun :/

ok, soe mer mol sou:
wanns de méng fotoen net als koncerts-foto, mee als fotografie kucks. wat hälls de DANN dovun?
smile
zersch01 16.03.2011 - 20:55
lo hun mer en ganz aneren Ausgangspunkt:
ech weess datt's de keng konventionnel Concertsfoto wolls machen - an datt's de en TS dofir benotzt hues ...
wann déi Infoen direkt derbéi gestanen hätten wär dës Diskussioun guer nët opkomm!

näischt fir Ongudd an e schéinen Owend.
MarcGerard 17.03.2011 - 12:08

näischt vir ongudd, och vu ménger säit.
dieses gespräch ist zu ende smile
Metalbambi 12.03.2011 - 21:40
Déi hei gefält mer net sou gutt wéi déi éischt, ass net sou gefillsvoll. Meng Meenung... tongue
Maimonides 12.03.2011 - 22:01
"net esou gefillsvoll"...
Wat d'Gefill betrëfft,
sinn ech och denger Meenung.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 514 Gäscht online