Di Punkten do, Marc,
riets ënnen hefteg,
an iwwert der Schëller
ugedeit, si well bal de Clou,
zemools mat der Reprise
laanscht de lénke Bord.
Ganz zahm de Sujet
an awer wibbeleg:
diskret gelauschtert.
Hey mam equilizer am hannergrond
Zu Zersch, dann ass et eben keng Concerts Foto, laut Kategorie ass et Menschen emotiounen, och wann et net de "Reegelen" entsprecht gefahle mer d'Fuerwen, dei bäigefügten onschärften an alles zimmlech gudd
De Marc, zersch01,
kéint dir eng super Concertsfoto presentéieren.
Dee weess wéi dat geet:
e bëssen Niwwel,
schaarf op d'A
vum Gittarist,
rosa-bloen Damp
ronderëm, e Spot,
an net schaarf
op der lénker Hand.
Mais dat, zersch01,
hu mir well 100 mol gesinn.
bein, leit.
dem zersch gefällt se net.
den zersch weess fläit och, dass mäer dat egal as.
fannen et awer gudd vun him, dass en sech traut dat ze soen.
allerdéngs nemmen dann, wann heen sech NET als bessere concertsfotograf gesäit.
zersch: du schwetz vu concertsfotoen, wéi wanns de wéisst wéi dat geet.
ech gleewen der net, dass de ahnung vu concertsfotoen hues, bis de der e puer gudder eroplueds.
wanns de beserer hues wéi déi op déngem profil as dat jo däi gudd recht. mee da muss de domat rechnen, dass déng kritik net credibel as.
pardon datt ech der op d'Féiss getrëpelt sin an mech "getraut" (déng Wieder) hun hei méng Meenung zu dëser Foto ze soen - op déi credibel fir dech ass oder nët, an och op déi dir egal ass oder nët
op ech eng Ahnung vun Concertsfotoen hun?: Nee - hun ech nët. dofir hun ech der nach nët genuch gemach fir daat können vun mir ze behaapten.
déi puer schlechter déi's de an ménger Galerie fond hues sinn déi éischt déi ech gemach hun ... ech fannen se gleichen awer schon zimlech dénen Fotoen déi Léit roplueden déi wierklech Ahnung dervun hun ...
ech fannen se net all schlecht. déi S/W mat de rastas as flott. zumol well se net wierklech ausgesäit wéi en koncertsfoto, mee wéi ee portait kann ee bal soen. dat gefällt mer. net nemmen als foto, mee och, well se eben NET ausgesäit wéi all koncertsfoto
dovir hun ech och hei een tiltshift benotzt. ech wollt net SCHO REM koncertsfotoe man. wann dann ee seet se giff schéi geried gin, sin et natiirlech net frou, a froe mech ob een méng foto elo mat standard-koncertsfotoe vergläicht, oder ob een op engem site vir hobbyfotografie all foto nei kuckt, ouni kommerziell standariséiert normen am kapp ze hun :/
ok, soe mer mol sou:
wanns de méng fotoen net als koncerts-foto, mee als fotografie kucks. wat hälls de DANN dovun?
lo hun mer en ganz aneren Ausgangspunkt:
ech weess datt's de keng konventionnel Concertsfoto wolls machen - an datt's de en TS dofir benotzt hues ...
wann déi Infoen direkt derbéi gestanen hätten wär dës Diskussioun guer nët opkomm!