Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Am Gronn, revisited

 
Am Gronn, revisited
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.03.2011
  • Gekuckt:
    21965
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x534
  • Späicherplaz:
    414 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MII
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53474]
Kommentar vum Fotograf:
De Gronn wou en am scheinsten ass, teschen Mosconi a Cercle Münster ... :)
Nilagraphics 01.03.2011 - 23:29
flott! just haet ech d'giell bessi roofgesaat, et domineiert die aaner faarwen bessi zevill an laenkt oof, mee soss gefaellt ma dein styl vun fotoen! dei hei gefaellt mir awer besser wei die aaner smile
BAPAX 01.03.2011 - 23:42
Merci Nilagraphics fir dain Kommentar ... mir perseinlech gefällt d'Zesummespill vun giel (waarm) a blo (kaal) ... vlaicht och eng Saach vun goût ...
Nilagraphics 01.03.2011 - 23:51
dat kann gudd sin, ech sin en SW fan doweins sin ch faarwen vielleicht einfach net richteg gewinnt bigsmile
BAPAX 02.03.2011 - 00:04
ben, ech muss soen deng SW Fotoen gefaalen mer och excellent ... smile
Nilagraphics 02.03.2011 - 00:21
merci villmols smile
Garry 02.03.2011 - 18:27
@nilagraphics: heuh...witzege Comment.

Fieru Joren a Joren sohten d'Schuhler an der Schoul: sw & Dunkelkammer-> kee Problem. Daat hu mer enner Kontroll. Mee Faarw...uuh... entweckelen, printen, Opbau...schweier, schweier....

Haut heescht ett: Faarw as keen Thema mee SW as richteg heavy. stemmt och. do geht jo och nach em d'Luucht an de richtegen Opbau vum Bild. Luucht gezielt asetze fier eng bestemmten Athmosphere dran ze kreien...etc.. Wee kann daat dann haut nach richteg wann ett jo sou easy as mat Faarwen Accenter ze setzen an d'Leit am Fong mat flippege Saachen vum esentiellen oof ze lenken an se ze blenden?

a lo sehs du: ech si Faarw net gewinnt..ha...funny... sou aal schengs de jo awer och rem net ze sin tonguetonguetongue

wou bas du dann op der Schoul wanns de Foto studeiers wann ech froen däerf?
Nilagraphics 02.03.2011 - 18:57
O.o
studeiren an england, sin faarwen och gewinnt mee weil ech haaptsaechlech mat schwarzweiss film am studio schaffen sin ech esou krass faarwen net gewinnt weil ech se net benotzen, weil ech nie en grond dozou hun, normalweis iwwersatureiren ech meng portraiter net.
ech sin faarwen wuel gewinnt, och am colour darkroom hun ech mei starek faarwen gaer, et ass just net mein gout, doweins praktizeiren ech en och net.
an nee, sin nach esou aal, jonk 18.
mee leider stemmt et dass haut des daags d'konscht vun faarwfotografien weins digital ennergaangen ass..
Garry 03.03.2011 - 08:38
ach sooo war daat gemengt.. ok smile
ech duecht du häess do an England och su eng Schoul erwëscht wou NEMMEN sw baibruecht get. Op sou enger war ech nähmlech och. Fier genau ze sin 1 Dag laang. Dunn hat ech schon d'Flemm a sin nie mei zreck gaang mee war awer 1 ganzt Joer do 'op der UNI' ...muahaha ...nujee... bigsmile

allez... bon courage dann an alles Guddes fier d'Zukunft smile
Nilagraphics 03.03.2011 - 09:40
haha bigsmile nee nee sie soen engem mir sollen och faarwen maan mee ech hun sw einfach gae smile
merci smile
Zora 02.03.2011 - 11:31
Ech fannen esou faarwesch Fotoen génial, d'Liewen ass gro genuch, tip topsmile
BAPAX 02.03.2011 - 13:03
merci Zora - du sees et ... smile
WorldTraveler 02.03.2011 - 17:18
Mega Photo!
BAPAX 02.03.2011 - 23:11
Merci WorldTraveler !
Miisamm 02.03.2011 - 17:46
Heyy meng eischt hdr huet ähnlech ausgesinn, ech sin zerappt gin wei ech wees net waat... bigsmile

An Amerika ass deen hei Stil irgentwei mei beleift...

Dat haus riets mat den 2 Kamäiner ass uewen onlogesch donkel, an d'Spiggelung ass mär irgentwou ze clean...

Ass lo net mei sou mäi fall. Di aaner och.
BAPAX 02.03.2011 - 23:31
merci fir dain Kommentar Miisamm - an et stemmt, daat onlogescht Donkel steiert an ech sollt nach e bessen drun schaffen ... smile
Gaga 03.03.2011 - 13:21
dat et an Amerika beleift as, misst der am Fong schon alles erklären ...
Nilagraphics 02.03.2011 - 17:55
lo wees ech un wat et mech bessi erennert! also die starek faarwen smile
den tableau fotograf philip lorca diGorcia satureiert seng fotoen och starek fir eng gewessen "cinema" atmosphere ze kreien! net esou starek faarwen mee och "iwwersatureiert" falls du dir hien weils ukuken smile
BAPAX 02.03.2011 - 23:37
merci Nilagrapics - d'Arbechten vum dem Fotograf wärd ech mer définitif ukucken ! En Effet 'tableau' beschreiwt den Styl vlaicht och ganz gudd ...
sylvie 02.03.2011 - 21:10
ech fannen se och top, an die Faarwen, einfach super no engem groen Wanter smile
BAPAX 02.03.2011 - 23:24
Merci sylvie - Zait daat e Freijoer get ! smile
sylvie 05.03.2011 - 09:53
Jo, du sees et, et ass elo schon baal do smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 472 Gäscht online