Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Blo Stonn am Gronn

 
Blo Stonn am Gronn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.03.2011
  • Gekuckt:
    17368
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    32
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    534x800
  • Späicherplaz:
    381 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MII
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53473]
Kommentar vum Fotograf:
e Klassiker, ech wees, awer emmer nach eng vun denen flottsten Vue'en vun der Staad ...
xaph32 02.03.2011 - 08:05
dat ass bis well déi schlëmmsten foto déi ech vun dëser platz gesin hun....
ech weess nët wat's de matt der saturatioun gemeet hues a virwat?
BAPAX 02.03.2011 - 09:05
Merci xaph32 - sin frou fir all konstruktiv Kritik. Den Effet deens de mengs kennt wahrscheinlech vum HDR an ass genau daat waat mir perseinlech a punkto Kontrast a Saturatioun am beschten gefällt ...
xaph32 02.03.2011 - 09:30
majo, dann sin ech mol gespaant op's de an puer méint nach ëmmer déi meenung hues...
stell der jhust eng fro, virwat mengs de dass bis well ausser mir nach keen kommentéiert huet? et ass einfach zevill, sou effekter sollt een diskret asetzen sou dass en ausbalançéiert ass...
Zampano 02.03.2011 - 09:37
jeder probiert es mal, aber nicht zeigt es dann auch closed_eye
BAPAX 02.03.2011 - 09:44
wann ech et net weisen kann ech keng konstruktif Kritik kreien - positif wei negatif ...
BAPAX 02.03.2011 - 09:41
ech hoffen effectif daat ech mech a meng Meenung weider entweckelen mee am Moment ass daat einfach main Styl eigentlech op baal all mengen Fotoen ... den eben gefällt oder och net ...
ZachOry 02.03.2011 - 10:13
Fannen se Speziell mee gudd smile
BAPAX 02.03.2011 - 10:38
merci ZachOry smile
Zora 02.03.2011 - 11:33
Mär gefällt se och, muss net emmer wei aus dem Buch kommen, d'Idée ass gudclosed_eye
BAPAX 02.03.2011 - 12:58
merci Zora - den speziellen Effet steet net am Buch an ass eng Saach vun perseinlechem goût ...
Zora 02.03.2011 - 13:08
Ass jo daat waat ech mengen smile
ZerberuZ 02.03.2011 - 11:55
In farbe .. Und bunt bigsmile
BAPAX 02.03.2011 - 12:59
merci Zerbueruz - sin frou daat se der gefällt ... smile
Johny 02.03.2011 - 13:38
Fir mech ass dat leider e Beispill wéi een et net mécht, de xaph huet et schonn bëssen méi erklärt smile

Spillen um Ufank mat Astellungen an Beaarbechtung ass gutt fir ze léieren, fir ze gesinn wat eraus kënnt, mee d' Foto ass awer net gutt als Endresultat.
BAPAX 02.03.2011 - 13:51
Merci Johny - ech akzepteiren dain point de vue a kann mat dengem Kommentar gudd liewen ... smile

Waat mer eben gefällt op Photogen ass eng kontrovers Diskussioun wou net jiddfereen emmer derselwechter Meenung muss sin ...
Keup 02.03.2011 - 16:58
Den xaph32 ass zwar net ganz diplomatesch mee dein HDR Effekt ass ze krass an mengen Aan. D'Faarwen sin wierklech extrem an vum Kadrage hier ass d'Breck mer ze Metteg.

Bescht Gréiss
BAPAX 02.03.2011 - 23:20
Merci fir dain Kommentar Keup - ech duecht no de Regelen vun der klassescher Photographie soll d'Spiegelung an der Mett sin ?
Keup 06.03.2011 - 10:42
Regelen dorun haalen ech mech net all ze oft. closed_eye An wann dann eischter duerch zoufall. Bei deser Photo ass den Kadrage fir mech den mannsten Problem. Geif deen HDR Effekt mei dezent ansetzen mee du mess natierlech weis de wells mee mein Gout ass et guer net. Ech sin der Meenung daess HDR en Hellefsmettel soll sin an net sollt op den eischten Bléck ze erkennen sin.
xaph32 03.03.2011 - 09:08
dat ass richteg, ech hun diplomatie nët erfonnt. ech weess awer wat et ass wenst mengem beruff. virwat wor ech hei nët diplomatësch? ganz einfach, wann een diplomatësch schwätzt, muss een soen: dat hei ass e bëssen gutt me awer etc. dat wollt ech awer nët fir keen zweifel opkommen ze loossen wat ech denken. Et gët bei dësem bild (a bei senger 2. och) e fundamentalen problem. et gët e plugin benotzt oder e filter an den gët dann bis hannen bai gezun. dat brauch 2 minutten ongeféier. wann een dann eppes seet, dann kënnt zrëck: les goûts et les couleurs, oder main bildstil asw.
e filter opzezéien ass awer leider keen bildstil, sou beispiller gesait een zu den dausenden am internet. en bildstil ass wann ech onverkennbar engem fotograf sait stil aus der grousser mass rauserkennt. dat setzt eng soignéiert arbëcht viraus matt engem konzept an der maîtrise vum outil den benotzt gin ass. wann dat stëmmt kënner mer iwwer les goûts et les couleurs diskutéiren (well et gin leit matt engem bildstil den awer nët jidderengem gefällt), me onofohänneg dovunner hun se respekt an unerkennung fir hir arbëcht verdingt.
an keup, du weess jo och wivill zait an ps-layeren gemeet gin fir bestëmmten saachen ze erreechen.

hei ass e beispill vun engem bildstil...
Unhémlechen Mystère


an dofir hun ech hei den diplomatie-modus ausgestallt.
BAPAX 03.03.2011 - 22:17
Unhémlechen Mystère ass eng super Foto, verdingt all Respekt, do sin ech ganz kloer denger Meenung ... mee grad esou klassesch perfekt Fotoen fennt een am Internet an op Photogen ganz vill ... an dofir fannen ech se eben grad net onverkennbar ...
xaph32 04.03.2011 - 08:49
do sin ech nët d'accord, well grad den gennaro och matt den farwen spillt, ech gesin schon un dem klengen thumbnail dass hien et ass, hei ass d'bildidee zwar simpel an klassëch me sain spill matt der luut an denen doucen farwtéin bleiwt onverkennbar, et sin déi kleng detailler déi seng foto iwwer aanerer stellen, an dat mëcht et aus.
lo kanns de mer nach soen, regelen sin do fir gebrach ze gin, och dat probéiren ech ëmmer rëm, me looss der eppes soen, d'regelen (op dat lo den goldenen schnëtt ass, den farwkrees oder soss eng) sin sait honnerten vun joer an all konschtberaich valabel an 99% vun den fäll, den 1% den bleiwt ass selten.
BAPAX 04.03.2011 - 09:26
Okay, domat kann ech liewen, du erkenns den Ennerscheed un denen klengen Detailler wells de eng Erfahrung hues dei ech manifestemment (nach) net hun ... Fir mech war dei Diskussion ganz utile, dir also en eierlechen Merci fir deng Zait mer daat proper (an diplomatesch) z'erklären ... smile
xaph32 04.03.2011 - 10:33
ech war einfach nëmmen genervt duerch déi onheemlëch masse vun "ausgewäschenen" hdr-en déi ech an der lescht gesin hun, an hun definitiv papeg reagéiert. et ass och nët déi 1. kéier dass mer dat geschitt, sinon ass et ëmmer nach zu enger gudder diskussioun dann komm. du gesaiss jo och selwer dass iergentwann d'menung entsteht (bei den hdr-newien) dat misst sou sin (zumindenst wann keen eppes seet). ech maan selwer onheemlëch gären hdr-en, an weess doduerch och gutt bescheed, wann et dëch interesséiert kënne mer dat och eng kéier gemeinsam maachen vun der foto bis zur bearbëchtung.
BAPAX 05.03.2011 - 10:23
merci xaph32 - interesseiert mech absolut a kënne mer gär eng keier maachen. Ech hun mer deng gallerien (och op denger websait) ugekuckt an ech fennen deng hdr'en (y inclus urbex) sin der am beschten gelongen.
xaph32 07.03.2011 - 08:33
ech melle mëch demnächst eng kéier, et kinnt een sëch well gedanken iwwer een sujet maan?
BAPAX 14.03.2011 - 05:56
salut xaph - hun ech gemaach, doriwer kenne jo dann schwätzen ...
pfoto 02.03.2011 - 17:41
Einfach aanescht, mais ech fannen se nët schlecht !!
BAPAX 02.03.2011 - 23:21
Merci pfoto !
Gibbes 11.09.2011 - 13:47
Deem engen gefällt et deem anneren net esou wei een hei an den Kommentaiiren liesen kann ech fir mein Deel kann nemmen soen "Wouw" eng vun denen beschten Fotoen fir mech
BAPAX 11.09.2011 - 15:58
Merci Gibbes, freet mech, an ech hun gesin du bass och op der Plaatz laanscht komm ... smile
Gibbes 11.09.2011 - 16:23
Jo just mat engem anneren Resultat, mais ech schaffen drun smile)
BAPAX 11.09.2011 - 18:02
Bonne chance !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 333 Gäscht online