Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

De Velo

 
De Velo
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.02.2011
  • Gekuckt:
    33871
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f8
  • Brennwäit:
    34 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    225 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Programm:
    AV
  • Objektiv:
    16-35 Canon
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53268]
Kommentar vum Fotograf:
De Velo an d'Valise aus Kartong.
de_ck 22.02.2011 - 19:12
Och wann ech nik verstinn wei den Kommentar ze verstoen ass gefällt mer d Foto. Hätten bestemmt vill ze zeelen dei zwee, wann se schwetzen kinnten
gtaddei1 22.02.2011 - 19:36
DEn Kommentar ass einfach , ech mengen do waerd én schon drop kommen
Nagarjuna 22.02.2011 - 19:53
Déi Valise huet genau sou ausgesinn an dat war een Hit an der Zäit. closed_eye

http://www.youtube.com/watch?v=pmBlZKESmks

Et ass zwar net eppes fir all Mënsch awer ech denken d'Valise en Carton ass een Begrëff fir all Portugis hei am Land (an och fir vill Lëtzebuerger) closed_eye
de_ck 22.02.2011 - 19:57
Naja soen mer mol vier alleguer iwer 35-40 Joër. Ech mengen sen ze jong vier dei Uspillung
Nagarjuna 22.02.2011 - 19:59
Ech hunn de Link grad nach eng Kéier mat dem Original portugiseschem Lidd getosch. Dat misst du villäicht kennen. Ech verstinn zwar och net vill, awer ech kennen den Sënn vum Lidd. bigsmile
(Deux valises en carton sur la terre de France
Un Portugais vient de quitter son Portugal
Comme tant d'autres il est venu tenter sa chance
Le Portugais qui a quitté son Portugal...) *sniff*
VeloBen 22.02.2011 - 19:23
Ech verstinn den comment och net.

Ass awer ganz cool gelongen , den waissen Hannergrond wierkt esou studioméisseg.
gtaddei1 22.02.2011 - 19:36
DE Komment ass evident no menger Ménung.
Et ass kén Studio et ass e weissen Hannergrond an engem Schapp
VeloBen 22.02.2011 - 19:45
deen ass awer schéin propper deen Schapp ! bigsmile
de_ck 22.02.2011 - 19:37
Kartong (Schreibvariante Kartung) ist eine Ortschaft im westafrikanischen Staat Gambia.

Ech gleewen jo wuell kaum dass dei vun do importeiert hues confused

Edit: Pardon falls de sollt mengen ech willt den Geck maan, well mier fällt just eng saach an vier daat ze verstoen, an daat wier, dass den Velo an d Valisse nik escht sin, ma Aus Kartrong, an dono gesait et nik aus
gtaddei1 27.02.2011 - 11:13
Am Gambia war mein Auto geland dén ech geklaut kruut... smile
Also oke fir d0'Schreiweis, mé beid sinn echt , an waren am Schapp vun engem Theatre ze gesinn ...
Maimonides 22.02.2011 - 20:15
1. De Jacques TATI,
an
2. dem Ed seng Posch:

dat hat ech mol direkt am Kapp wéi ech di do gesinn hunn.

Duerno:
"migration",
"eleng",
" plënneren ",
"Aarbecht sichen",
"op der Rull", a gelungenerweis:
"e feine Kärel".
Villäicht well seng Saachen esou propper an der Rei sinn.

Fir mech ass dat eng super Foto, Gennaro.
gtaddei1 27.02.2011 - 11:14
Merci Charel, dei eng soen et waeren Portugiesen , dei aaner soen et waren d'Italiener , Polen , Russen asw asw ... mé ech soen et ass d'Zukunft vun den Araber
Maimonides 27.02.2011 - 16:22
"Portugisen, Italiener, Polen"
an esou guer "Russen"
kommen, orthodox (!),
aus där nämmlechter Kultur,
villäicht.
Do wou d'Spuenier haut sinn,
ass deemools net vun hinnen
d' Alhambra gebaut ginn.
Grenada.

gtaddei1 27.02.2011 - 18:21
Charel all Immigratioun ass met Unverstaendlechkét gebonnen , Intolleranz an Syndrome de Déracinement ... eng Psychose.
Jidderen weilt d'Alhambra dohém bauen ... mé hunn mir nach Plaatz fir en flotten Gebai oder soss eppes an eisen Laenner?
Maimonides 27.02.2011 - 22:32
Wann d'Immigratioun en Thema ass, Gennaro,
dann ass awer och d'Emigratioun en Thema.
Et ass nach guer net esou laang hier
(zur Zäit vu mengem Grousspapp senge Bridder)
dass ganz vill Leit aus Lëtzebuerg "ausgewandert" sinn
well se, doheem, näischt ze räissen an ze bäissen haten.

Kuck och hei:

http://www.migcendo.lu/docu/usa.html

gtaddei1 27.02.2011 - 22:35
Ohh daat wés ech Charel... kennen meng Geschicht, ech geif soen dass ech dem Letzbuerger Geschicht besser kennen ewei die vun hinnen. Repsekt virun denen Lait ...
Kén wés am Fong dass mir (dir) mei arm waren ewei Kierchen Mais, an daat nach gue net esou lang hier.

Maimonides 27.02.2011 - 22:50
Do wou mir liewen, Gennaro,
mir alleguer, hei heem,
dat ass, am Fong geholl,
just eng "terre de passage".
An awer si mir frou
wann e Krokus
sech an eiser Wiss weist.
gtaddei1 27.02.2011 - 23:06
Ech sinn mat dir d accord, wei keint een daat net? Zafferano, an sengem gaard, jo firwaat net.
Wien well awer sein reichtum deelen, ronderem dem jrokus get awer nach en droot gemeet malgres schengen.
Maimonides 27.02.2011 - 23:13
Wann mir eis gutt géifen verdroen,
da bräichte mir keen Drot.
Dat geet awer nëmmen
wann all Mënsch
sech un di "gemeinsam" Regelen hält.
gtaddei1 27.02.2011 - 23:28
Waat fir regelen? Dei oekonomesch? Dei moralesch? Dei spirituell? Jesus , buddha, mohammed asw soen dass dei regel d naechsteliebe wier... Me daat och ass schrecklech komplex ( komplex well et eben necht ze vrrstoen ass)
Maimonides 28.02.2011 - 19:42
Mir sinn jo awer net méi blöd wéi Seechomessen, Gennaro,
huelen ech mol un.
Oder dach ?
Well déi funktionéieren jo
zimlech prächteg.
gtaddei1 28.02.2011 - 22:07
Dei sinn pragmatesch an intelkektualiseiren iert liewen net. Dofir sinn mir oft mei, vill mei , domm ewei seechomessen.
De jesus leiert ais spieren an net denken. Wann mir mei geifen spieten ausserhalb vun aisem ego dann keinten mir schaffen an raschten an haiser bauen wou jidderen dran geif passen, ewei d seechomessen. Daat ass awer net de fall, an de marx, hegel an och de gramsci hunn messsoot.
JohnJ 22.02.2011 - 21:29
flott.... kanns du mir weg den velo siichen goen :o)
ann ech wees genau waats du mengs... mengen ech sin och aal genuch fir ze wessen waats du mengs ann waat et bedeit
gtaddei1 27.02.2011 - 11:15
smile
Zora 22.02.2011 - 22:02
Ech wosst et esou fiers du moies obt Schaff, gefällt mer favmeisseg guddclosed_eye
gtaddei1 27.02.2011 - 11:15
Merci Zora
ZerberuZ 22.02.2011 - 22:22
dei ass jo richteg gudd dei foto
gtaddei1 27.02.2011 - 11:16
E klenge Portrait ...
De Portrait soll d'Gefiller ausdrecken vum Mënsch dén sech knippsen leisst, hien blouss stellen vis à vis vun sech selwer, hai ass et eng bloussstellung vis à vis vun der Zukunft
ZerberuZ 27.02.2011 - 14:59
oder der vergangenheet deen eis duerstellt wei et war an wou mer hierkommen .. an et vergiess hun
gtaddei1 27.02.2011 - 18:29
Genau... et get neischt fir d'Geschicht vun der Immigratioun gemét ... altzäiten net Offiziell.
Wéste, D'Biren, D'Yugoen an D'Polen hunn dest Land reisch gemét , an d'Letzebuerger dobai geholleff. Haut get d'Land weiderentweckelt op der Bunn dei vun déenen eischten Immigreierten gebaut ginn ass. Et ass einfach op flotten glaten Stroossen sech weider ze bewegen. Mé daat brauchen mir och ... anscheinend.
Waat kascht ais awer aisen Wuelstand?
1- Erausfueren mamm Auto --- na well én Tabu
2- Sechr duerch d'Stroossen trëtonguepelen ... én Tabu
3- Suen hunn fir en Haus... én groussen Tabu
4- Sozial Wunnflaechen sinn mei Daier ewei an Frankreich sech é Schlass ze kaafen...

Also ech kenn dir soen dass ech besser geliewt hunn wou mir all mei Aarm waren... ouni elo hypokritesch dei Zait virzezeien ...
Awer alles ze bedenken ...
ZerberuZ 28.02.2011 - 20:40
d'zaiten aenneren sech .. waat freier wichteg war .. ze iessen an d'famill ass haut aanescht .. waat mer mei hun, waat mer mei wellen an neid kennt op an alles ass beis, an dei aaner sin schold wan mer net zu deem kommen waat mer denken waat eis geif zoustoen ..... an schon ass en feindbild enstaanen .. an en naehrbuedem fier groessenwahn ...
fier en tabu ze sin do sin d'letzebuerger gaanz staark dran .. so naischt waat en aaneren keint verwirren oder esouguer waakresch maachen well et mecht dech zu deenen hierem feind smile
awer en interessanten gedankengang an verbindung mat denger foto ... très subtile monsieur closed_eye
gtaddei1 28.02.2011 - 22:08
Jo haut ass et anescht mee d waerter sinn nach emmer wouer. Jo, et annaert verschiddenes mee de mensch an senger Seil bestemmt net. Dei ass immutable.
Poly 23.02.2011 - 00:00
Respekt wann dat an engem Schapp geshoot ass closed_eye
gtaddei1 27.02.2011 - 11:17
En theatre schapp... alles blitzblank
Jeanny 23.02.2011 - 07:36
asstrein, sauber und klar.....oder... , och net kloersmile verloosse Valise eppes fir eis Spreng......
mä op alle fal eng wonnerbar Foto Gennaro
gtaddei1 27.02.2011 - 11:18
Merci Jeanny ... eng kleng Konzeptfoto dei én an der Vegangenhét oder och an der Zukunft lokaliseieren kenn
Richie 23.02.2011 - 11:31
Faszinéierend!
Ech ka mech net sat kucken.
gtaddei1 27.02.2011 - 11:18
Merci villmols... daat ass eng Eier fir mech

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 436 Gäscht online