Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Noperschaft

 
Noperschaft
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2011
  • Gekuckt:
    16615
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x720
  • Späicherplaz:
    393 KB
  • Originaldatum:
    2.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon 24-70
Kategorie: Digital Art »» Architektur  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53159]
Kommentar vum Fotograf:
vun der griichesch-orthodoxe Kierch
Hu mol erëm e bëssche gespillt mat PS
Quaffit 16.02.2011 - 20:35
Super! Ech stin voll op schwarz/wäiss Fotoen. Wéi hueste d'Rumm gemaat? Mat PhotoShop?
Jeanny 16.02.2011 - 20:46
vun enger aler Foto, an e bësschen opgepätonguepelt mam PS.
Soen dir nach villmools merci, et freet mech wann se dir gefält
Quaffit 16.02.2011 - 21:12
Mir gefalen immens vill vun Denge Fotoen, Jeanny closed_eye. Daat mat der aaler Foto als Rumm as eng gudd Idee. Ech maan mir Rummen oft als Layer am PS dass ech mäin Bild als eegen Layer do kann dran asetzen, bal esou wéi an enger richteger Rumm.
Jeanny 17.02.2011 - 06:45
dat freet mech, et mécht och ganz vill Spaass et gëtt schonns bal eng Sucht, gi selten ouni Kamera virun Dir closed_eye unhappy
Déi Rumm aus och eidel, do setzen ech dann Bild dran smile
Schluck 16.02.2011 - 20:38
Ganz flott SW Jeanny .. d'Stemmung kënnt richteg gutt eriwwer
Jeanny 16.02.2011 - 20:52
merci Schluck, dat freet mechsmile
Maimonides 16.02.2011 - 20:45
Exzellent, Jeanny, zemools d'Liicht.
Gefält mir besser wéi déi mam Kueb:

!Dës Foto ass net méi am System!

closed_eye
Jeanny 16.02.2011 - 20:54
Merci Charel, mir och,closed_eye a mäi Man fënnt se guer net schéin ;-(
Maimonides 16.02.2011 - 21:05
Mais eleng déi 2 Kuppelen,
an dat awer dach exotescht Gebäi
wat trotzdem an d'Landschaft passt
an sech net um Trakter stéiert...etc...
Zora 16.02.2011 - 20:51
Do passt alles, eng schein Postkaartclosed_eye
Jeanny 16.02.2011 - 20:56
merci Zora, hunn mol erëm e bëssche gespillt smile
Zora 16.02.2011 - 20:56
Ma gudd, spill roueg weiderclosed_eye
Jeanny 16.02.2011 - 21:00
Muer, lo ginn ech schlofen smile
suraki 16.02.2011 - 21:49
déi op al getrimmte Biller fannen ech ëmmer richteg flott smile
Jeanny 17.02.2011 - 06:49
mir gefält et och, misst emol e puer al Fotoe weisen , mäi Papp huet och als Spaass fotograféiert,
suraki 17.02.2011 - 13:28
dat wär dach emol eng Saach, (wann dann mol net gemeckert gëtt dat dëse Site hei keen Archive wàr closed_eye )
Jeanny 17.02.2011 - 14:18
ahasmile
mischii 16.02.2011 - 22:18
wéi aus dem aalen Album
Respekt fir Deng Spillerei
Jeanny 17.02.2011 - 06:50
dat freet mech Michèle,merci, has de meng Email kritt?
mischii 17.02.2011 - 12:59
jojo, alles ok
Poly 16.02.2011 - 23:20
exzellent smile
Jeanny 17.02.2011 - 06:51
merci Poly
shooting 17.02.2011 - 17:47
Eng schéin schwaarz wäiss Postkaart ! déi gefält mir... bigsmile
Jeanny 18.02.2011 - 07:21
dat freet mech, merci Vito smile
Gaga 18.02.2011 - 09:03
wow, dei as gut dei do Jeanny.
Klengen Tip : ech geiff t'Textur nach e bessen manenr regelmeisseg am Bild machen, mat enger Mask, doucem Pinsel an 10% an der MEtt dei wichteg Elementer e bessen freischaffen. sou kanns de den Bléck nach besser am Bild steieren.

Jeanny 18.02.2011 - 18:37
Villmools Merci Marco, och fir den Tip, sinn am gaang mech do eranzeschaffen, a frou fir all Hellef.
Gaga 18.02.2011 - 23:27
also ech fannen du hues hei ganz propper geschaft, eranschaffen as schon geschitt geiff ech mengen ...
Jeanny 19.02.2011 - 06:40
dat freet mech ze héieren, et ass däi drëtt däi ech nom Dieter sengem Tutorial sou verschaffen.
Marco eng Fro smile, weess du Gro-Toun-Nummer däi hei als Hannergrond fir Fotoen ass?
Gaga 19.02.2011 - 08:53
nee, mais iergendeen haat eng keier en montage domader gemach, oder den John, mais ech sin mer secher 90% vun de Leit hei wessen wei een dei erausfennt ...
Jeanny 19.02.2011 - 19:37
merci Marco, da froen ech en de John
Gaga 19.02.2011 - 20:42
den Johny hun ech natierlech gemengt ... ui ui ui, lo haat ech Chance dat en et nach net matkritt haat!
Jeanny 19.02.2011 - 21:04
ass en y sou schlëmm? smile
Gaga 19.02.2011 - 21:30
Daat muss du besser wessen wei ech Jeann ! closed_eye
Jeanny 20.02.2011 - 08:22
bigsmile
He-Lx 18.02.2011 - 16:59
Se verfeelt hier Wiirkung net. D'Beoarbechtung mecht se zu engem nostalgeschen Dokument.
LG Henri
Jeanny 18.02.2011 - 18:29
merci Henri
gtaddei1 19.02.2011 - 19:32
Haat ech net gesinn Jeanny ... wierklech flott
Jeanny 19.02.2011 - 19:45
Merci Gennaro,
nieft der Kierch, matzen am Duerf, huet elo e Bauer e grousse Kéistall opgeriicht,unhappy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 401 Gäscht online