Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

0 Gravity

 
All Fotoen an dëser Serie:
13151 Thumbnail
13152 Thumbnail
13153 Thumbnail
0 Gravity
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.02.2011
  • Gekuckt:
    30910
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D200
  • Objektiv:
    Nikon 18-200mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
Weißen Dësch an een externen Bletz (SB 800)

Fir anzesetzen: [pg_img=53089]
Kommentar vum Fotograf:
Ingrédients:
-Glas Waaßer
-Timing
-Photoshop (Faarwen)

no laanger Abstinenz (schoulesch Grenn) huet et mech rem eng keier gepaakt...
michal1993 14.02.2011 - 13:53
Ganz flott smile Do as secher vill nass ginn bigsmile
Surf-republican 14.02.2011 - 15:32
allerdengs! Dofir hun ech dei ganz scene an den Keller verfracht, dat d'Waaßer direkt an den Gulli konnt laafen :p
yoked_prism 14.02.2011 - 14:05
WOW...
Super Idee.
Genial emgesaat.
Surf-republican 14.02.2011 - 15:32
smile daat heiert een gären...
Triton_M 14.02.2011 - 15:43
Super Idee bigsmileD
gefält mer ganz gutt!!
suraki 14.02.2011 - 16:13
flott Serie, mol eppes aneschters ewéi Drëtonguesen smile
Surf-republican 14.02.2011 - 17:56
ech sin dem Waaßer awer trei bliwwen smile
gloda 14.02.2011 - 17:01
Cool Resultater.
Jeanny 14.02.2011 - 19:13
eng ganz flott Serie
nebu 14.02.2011 - 22:21
Déi éischt ass immens. Geséit bal aus wei een Rochen.. Mech giff den Set Up vun där Scene interesséieren.
Surf-republican 19.02.2011 - 11:53
ma et war esou:
Ech hun en Dësch an d'Garage gestallt, den Bletz genau iwwert dem Dësch fixeiert (eng aal Vergreißerungsmaschinn) an dun drop lassgeknippst.
Den Fotoapparat war selbstverständlech op engem stativ an ech hun der einfachkeet halber een Fernauslöser benotzt. Et ass nawell net einfach ze knippsen an während dem d'Glas Waaßer schnell eweg zeien, dass d'Hand an den Aarm aus dem Bild sin an d'Waaßer awer nach an der Schwieft ass. (Dofir den Fernauslöser -> mei Mobiliteit)
No all Glas Waaßer waat ech do verschott hun (dh no all Foto) hun ech dann den Dësch rem schein propper gemaach an mech rem an positioun bruecht fir dei nächst Foto

Erstaunlecherweis hun ech "just" 30 Fotoen missen maachen fir en puer gudder drenner ze hun. Nach mei erstaunlech ass, dass deen "gëllenen Rochen" dei allereischt Foto war, dei ech do gema hun smile
nebu 20.02.2011 - 20:36
Et huet sech ob alle Fall gelount. Jo knipsen an nach eng zweet Aktioun ass wierklech net einfach. Hunn ech bei dëser Serie och festgestallt:

Falling "Bügelperlen"


Ech hunn leider nach keen Fernausléiser, awer meng kleng Duechter hat mir gehollef... Ech wollt dem Gloda séin Rot fir den Hannergrond an Pärelen besser openeen of ze stemmen mol nach ausprobéieren. Bei der Geléigenheet wäert ech dann och probéieren den Blëtz, genau sou weis du ze montéieren, oder indirekt vun Uewen misst eigentlech och goen... mol kucken.

Merci fir deng Beschreiwung.
He-Lx 14.02.2011 - 23:36
Fantastesch tabletops.
VeloBen 15.02.2011 - 18:27
Genial déi do!
Hang_man 15.02.2011 - 18:32
ganz flott!
Kilroy1313 20.02.2011 - 14:44
Eng staark Foto. Ech kann se nëmmen als "ätherësch" beschreiwen.
Engelhaft, iwwerierdësch, Fligelschlag vun engem ausserirdësche Wiesen.
Bien entendu schwätzen ech vun der gieler Versioun !
Erënnert mech och liicht un d'Statue déi een op de Rolls Royce-Ween gesäit... Wann dat hei en Experiment war, soën ech, dat ass Der gutt gelongen, Chapeau a weider esou ! cool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 293 Gäscht online