Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

hun emol probéiert ...

 
hun emol probéiert ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (11.02.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.02.2011
  • Gekuckt:
    17138
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    535x800
  • Späicherplaz:
    311 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=53009]
Kommentar vum Fotograf:
... wéi een sech am beschten selwer zenséiert *gg*
He-Lx 10.02.2011 - 22:14
Nëmmen déi iwecht Halschent als Panoformat wir och gutt gewiecht, an ausserdem och eng Zensur vun deeër mir näischt matkrit hätten.
LG Henri
suraki 11.02.2011 - 12:11
et ass jo awer drëm gaangen e bëssen ze stëtonguepelen, Henri closed_eye
Maimonides 10.02.2011 - 22:15
Wei eng Guillotine, Ed,
deng Auto-Zensur.
Krass.
A wat wär déi Foto esou schéin gewiescht !!
Awer als Message ass se clever gemaach.
closed_eye
suraki 11.02.2011 - 12:12
merci Charel, ... ahjo, déibel der den Eck ëm, ... se ass schéin closed_eye
Zora 10.02.2011 - 22:15
Huiii eng ganz hot Fotoclosed_eye
suraki 11.02.2011 - 12:14
nix hot Zora, deenen Zwee war et kal, ...bigsmile
Zora 11.02.2011 - 12:24
Pech fir sie.... nee dei Aarm, geing dei gären onzenseiert gesinclosed_eye
suraki 11.02.2011 - 12:43
PN mat denger Mailadress ... da kanns de se gesinn,
onverschafft , ... oder dach, wann ech den Owend losch soll hun closed_eye
Zora 11.02.2011 - 13:05
Ok schecken der seclosed_eye
suraki 11.02.2011 - 16:54
ass ennerwée closed_eye
Zora 11.02.2011 - 17:08
Mercismile
Zora 11.02.2011 - 17:14
Also mei Mann ech sin der Meenung:"megaaa", schein Poosclosed_eye
suraki 11.02.2011 - 17:18
merci Zora, gell d'Zensur um 18h00 an der Tagesschau ass net esou strengbigsmile
Zora 11.02.2011 - 17:37
Mengs de dann du häss dei esou net ungeholl kritt, domm Fro, natirlech net, ech fannen esou Fotoen super, mä den Model muss passen, smile
suraki 11.02.2011 - 18:02
nee Zora se wär duerchgefall, obschonns se am Original richteg flott harmonesch ass.

Och dëst Bild hei war an der éischter Versioun ouni den @ duerchgefall closed_eye

" Bildzensur "


An de Modell, ... passt normalerweis ëmmer , et muss een sech just e bësse Gedanke maachen, ewéi an a welcher Pose en am beschten eriwwerkennt.

Natierlech kann de mat engem, soe mer mol 110kg Modell net déi Biller maachen ewéi se grad an der Zäitschrëften_Beautywelt gefrot sinn, ewou momentan echter 40 kg Kannerfraen in sinn.

Béides huet seng Berechtegung a mat Béiden, kann een gutt !! Biller maachen. Ech si fir Gläichberechtegung ënnert de Fraen ... op d'mannst wat Fotoen ubelaangt closed_eye
Zora 11.02.2011 - 18:31
Gin der 100 Prozent rescht, d'ass eben net esou esthätesch wann eng 110 Kilo schweier Fraa Model steet, wou ech perseinlech eng Fraa mat mei Rondungen ob den richteschen Plaatzen(z.B Taira Bangs) vill mei flott fannen, wei dei Kazettverschnitter dei iwert den Catwalk laafen. Zu där aanerer Foto, ass normal, bei Kanner sin se streng, gin leider esou vill krank Léit ob der Weltbigsmile
suraki 11.02.2011 - 18:41
ech sinn och de Moment krank, awer anescht ... also richteg *gg*
hunn de schnuddeler hehe ... sou, nach emol merci Zora
Zora 11.02.2011 - 18:47
Dann eng gud Besserungsmile
zersch01 10.02.2011 - 22:35
setzt déi onzenséiert op d'FC closed_eye
suraki 11.02.2011 - 12:14
do ass eng ähnlech closed_eye
Poly 10.02.2011 - 23:46
schued dat se net uncut! ass smile
verstümmelt Konscht, awer trotzdem top
suraki 11.02.2011 - 12:15
heiansdo am Liewen, ass en gezwongen ze "stümmperen"
Jeanny 11.02.2011 - 06:43
hu mir se laang ugekuckt, a mech gefrot, op du däi esou fotograféiert hues oder op dat eng PS Aarbecht ass.
se gefält mir wonnerbar Edy
suraki 11.02.2011 - 12:18
merci Jeanny, wat PS ass, sinn natierlech meng Schriiipsen, d'Rumm an den emgediebelten Eck, d'Modellen waren echt, flott an interessant closed_eye
Jeanny 11.02.2011 - 13:01
dat kann ech mir virstellen smile
gtaddei1 11.02.2011 - 10:21
Fav ouni Komment
suraki 11.02.2011 - 12:20
merci Gennaro, ... lo sinn ech e bëssen paff smile
gtaddei1 11.02.2011 - 16:56
Absolut net paff sinn ... daat as absolut keng spontan foto.
Wannse natiirleh net zensureiert wier wier se doudsecher besser, mé den Highkey, texturatioun an de rescht ass einfach flott douce an draamhaftesch.
suraki 11.02.2011 - 17:12
merci Gennaro !
mischii 12.02.2011 - 17:01
smile
ech gin dann mol op FC kucken!
Gudd Besserung an e schéine WE
bj Michèle
suraki 12.02.2011 - 21:23
Michèle, ech denken lo drunner , do hun ech der 300 gelàscht
grimmel 12.02.2011 - 20:17
stëtonguepeler closed_eye
mee charmant foto !
schéin,den highkey gefällt mer hei ganz gudd
suraki 12.02.2011 - 21:24
dat muss heiansdo sinn Grimmel tongue

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 442 Gäscht online