Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

et brauch een ...

 
et brauch een ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.02.2011
  • Gekuckt:
    21005
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    5/1 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -2 EV
  • Gréisst:
    1276x850
  • Späicherplaz:
    489 KB
  • Originaldatum:
    2011:02:08 19:41:05
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 550D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Architektur  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52959]
Kommentar vum Fotograf:
... nëmmen opzepassen, se sinn iwwerall

meeschtens lafen se awer mat wäissem
Hiem a Krawatt dorëmmer

lo war ech (gëschter) och emol mat Fotoapparat do, hat dat iergendwéi ëmmer verpasst.
gtaddei1 08.02.2011 - 21:13
Also daat ass elo eppes Superes ... vun Fantasie an vun realisatioun!!!!
suraki 08.02.2011 - 21:30
he, merci Du zwee Mol closed_eye
Maimonides 08.02.2011 - 21:16
Ouni Romulus a Remus ?
suraki 08.02.2011 - 21:30
du setz natierlech nach een drop Charel hehehe
merci !
Killertik 08.02.2011 - 21:44
Immens.
suraki 08.02.2011 - 21:57
hei och en decken smile
Poly 08.02.2011 - 21:45
de Wollef ass do, elo feelt nach e Vampir, dir lafen jo awer vill am Frack do smile
super zesummengesponnen bigsmile
suraki 08.02.2011 - 21:56
kretscheft, elo weess ech wat do nach am Himmel fehlt closed_eye
Poly 08.02.2011 - 23:13
bigsmile
Zora 08.02.2011 - 21:47
Hei den Wolferin ass och do, an esou dezent ant Foto gesaat, d'ass een mengt daat misst esou sin.... An hues de den Daag drop keen Kapp wei?
suraki 08.02.2011 - 21:55
merci Zora,
Kappwéi ? ....nö, wéi ech heem komm sinn hat ech e puer Biller an der Këscht, war net voll ... awer och kee Fatz méi duuschtereg closed_eye
Zora 08.02.2011 - 22:18
Hun jo och gemengt, wans de dech nuets esou verwandelsclosed_eye
suraki 08.02.2011 - 22:22
jo natierlech, ech kann och mat Schnutz, laangen Zänn a Krallen, Biller maachen. Ok beim drénken stéiert deen laangen Eckzannt e bëssen closed_eye
Zora 08.02.2011 - 22:27
Rofl smile
Houll-art 08.02.2011 - 22:04
Flott prise de vue a flotte montage.
suraki 08.02.2011 - 22:07
montage ? dat war richteg !! bigsmile
och hei e merci gesot smile
Poly 09.02.2011 - 00:19
ech hu mer iwwerluet wat nach fehlt dat ass.... de Batmanspot smile
giff den nach dramaachen smile
suraki 09.02.2011 - 12:08
dat ass mol nach guer keng esou eng schlecht Iddi smile
Gaga 09.02.2011 - 00:21
geil dei do Ed !
As dach nach eng Woch bis Vollmount, oder net ?
suraki 09.02.2011 - 06:54
Pëch fir dech, häss de Canon ... déi hunn eng Woch virun der Zäit Automatik closed_eye
Gaga 09.02.2011 - 08:32
Ah, du hues einfach den Datum op der Canon geännert, clever Idee ... smile
suraki 09.02.2011 - 11:56
ahjo, ... bei deenen geet dat, so ....
firwat muss du ëmmer dat lescht Wuert hunn ? closed_eye
Gaga 09.02.2011 - 13:44
dofier!
suraki 09.02.2011 - 16:12
asou ok
Gaga 09.02.2011 - 19:24
keen thema ...
gären erem!
suraki 09.02.2011 - 19:28
smile tongue
Gaga 09.02.2011 - 20:08
dat as keen Wuert !
suraki 09.02.2011 - 20:24
sou ech halen elo op, mat dengen Domméten do kréien
ech soss dat Bild mat den meechten Kommentaren.
Gaga 09.02.2011 - 22:22
wanns de mengs
JADE 09.02.2011 - 00:50
oh tiptop!
en plus passt et richteg gutt dohinner,
also vum Contenu vun der Foto hier ... well vun deem waats du undeits, daat wees ech net ... kennen deen milieu do guer net smile
suraki 09.02.2011 - 12:02
merci Jade,
ech kennen dee Milieu och net,
kennen awer een deen e kennt,
da kennen ech och nach een deen eppes kennt,
an dann der och nach e puer, déi einfach nemme kennen,
.... also mech kennenbigsmile
m-otiv 09.02.2011 - 14:55
tiptop Lord Ikarus
suraki 09.02.2011 - 16:10
bigsmile merci Vito
zersch01 09.02.2011 - 22:15
boahh - do ginn ech och schon nët méih hinn closed_eye
datt d'Léit lo iwwerall hiir Hönn fréih laafen loossen ...
suraki 10.02.2011 - 12:07
an du häss déi Kéipercher vun dem Riesenfei misse gesinn *gg*
He-Lx 09.02.2011 - 23:03
Du hues en elegante Schwong dra bruecht, an dat bëssen Grujelescht ass diskret awer wirkungsoll.
suraki 10.02.2011 - 12:07
Henri , och hei merci gesot smile
sylvie 10.02.2011 - 18:30
einfach schéin, gefällt mer supergudd . Gudd dass de do wars smile
suraki 10.02.2011 - 19:35
merci Sylvie dat freet smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 341 Gäscht online