Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

ass de Schléier ...

ass de Schléier ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.01.2011
  • Gekuckt:
    20842
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    46
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    95 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.666666666667 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    339 KB
  • Originaldatum:
    2011:01:18 19:18:59
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark II N
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52396]
Kommentar vum Fotograf:
... elo zugonschten vun der Technik, e bësse gelëft ginn ?
Zora 18.01.2011 - 20:23
Hrrr, hrrr, gesäit komesch aus, mengt een emmer dei hätten naischt esou, coolsmile
Maimonides 18.01.2011 - 20:26
Du weess jo awer nach ze gutt dass een d' Fraen ni däerf ënnerschätzen.
closed_eye
Zora 18.01.2011 - 20:28
Jep, do ass daat beschten Beispill, mär sin souwiesou dei Beschtclosed_eye, wann soss keen do assbigsmile
Maimonides 18.01.2011 - 20:35
Wa soss keen do wär, da géif et awer monter ginn !!
smile
Zora 18.01.2011 - 21:00
Chaos, Weltennergaang, där gid jo net eens ouni eis tongue
suraki 18.01.2011 - 21:16
bigsmile
Maimonides 18.01.2011 - 21:37
Dir eleng (di Bescht), ouni äis: en terminalen apokalypteschen Horror:
Zickekrich wär mol net méi méiglech.
smile
suraki 18.01.2011 - 21:40
bigsmile 2
Zora 19.01.2011 - 06:41
Ma leiwer zickeg, wei besoffen Krich feieren, an kukken ween dei meeschten Broschthoer huetclosed_eye smile
suraki 19.01.2011 - 12:17
nun hal awer op Zora , déi méechte Kricher, sinn dach ëmmer vun de Fraen ugestiwwelt gin. D'Manner hunn sech nëmmen géigesäiteg Broschthoer ausgerappt, déi si guer net esou schlecht ..... ouni hier Fraenbigsmilebigsmile
Zora 19.01.2011 - 13:02
Ok, beloosen mer et dobäi, rappt där! closed_eye
suraki 18.01.2011 - 21:15
hier d' Meedchen, ech huelen mol un, hat eng Nikon mat 300mm Brennwäit !
da staunt der Laie und wundert sich der Fachmann , gell closed_eye
Maimonides 18.01.2011 - 20:46
Wann ech di Hand do gesinn, Ed,
dann ass dat keng jonk Fra.
Dass si sech an deem (!) Alter
mat Technik ofgëtt, wonnert mech méi
wéi dee Fait dass si e Schleier unhuet.

Exzellente street.

suraki 18.01.2011 - 21:18
... ech hunn och gestauntCharel, an och net onbedéngt iwwert de Schleier
merci smile
VeloBen 18.01.2011 - 20:56
gut gesinn !
suraki 18.01.2011 - 21:19
smile hei och merci gesot smile
He-Lx 18.01.2011 - 21:08
Exzellent Gestaltung Ed. Déi Foto huet eng stoark Ausso, niewent der technescher Brillanz.
LG Henri
suraki 18.01.2011 - 21:19
Merci Henri , dat doten héiert e gären smile
Poly 18.01.2011 - 21:19
exzellent, ma wat déi wuel do filmt surprised
suraki 18.01.2011 - 21:22
Poly, ... mengen hier Kandskanner closed_eye
thx
gtaddei1 18.01.2011 - 21:23
De Schleier fiert och an Rolls, Baut fantastesch Architektonesch Meisterstuecken asw asw ... Kultur ass net Technilogie an daat ass mat desst bewisen.
Gaga 18.01.2011 - 21:32
hmmm,
moost een elo eng Gesellschaft un Technik an Konscht, oder an der Toleranz an der liberaliteit ?
suraki 18.01.2011 - 21:50
d' Inka si schon ënnergaangen, u wat war dat ?
... Bauen konnten se mol, a Konscht war och ze gesinn,
war et well se esou tolerant oder ze vill Liberal waren ?
... mmm ... se gin enner closed_eye

Gaga 18.01.2011 - 22:02
graat aus dem orient kann een vill leieren, mier hun t'mathé, phisik an vill aaner sachen vun hinnen geleiert, just sin sie irgendwann stoen bliwen ...
suraki 18.01.2011 - 22:05
jo natierlech an se konnten och nach virun eis rechnen, d'Inder sinn jo haut nach dat beschte Beispill. smile
Maimonides 19.01.2011 - 20:15
An de "Maïmonides", dee Richtegen, war och een vun hinnen. Dee kann een roueg mol eng Kéier nosichen.
suraki 19.01.2011 - 20:26
Charel , dat hu mir dach schonns laaaang gemaach closed_eye
gtaddei1 18.01.2011 - 21:52
Un beides ... Waat ass d'tolleranz? An waat ass Liberté?
Tolleranz ... ass wann én mol net de Bedarf huet dem aneren ze soen dass hien net tollerant ass
Liberté ass én nemmen an sech selwer
Gaga 18.01.2011 - 22:01
gut geäntwert Gennaro ...
gtaddei1 18.01.2011 - 22:08
An wann 500000 esou lait zu letzebuerg liewen dann ass Letzbuerg eng Interessant Gesellschaft , wou Kultur, an DFreihét herrscht...
Eng Utopie...
ED: Guddhét ass é Steck vun der Dommhét. De Problem ass dass D'Guddhét ennert der Schlauhét enner gét... well de Gudden net mierkt dass hien e schlauen do virun sech huet.
Den Ego- zentrismus an ismus ass iwerall ausser bei den Inkaen an Maya. Stell dir vir mir wieren all ewei de Jesus ais weilt... ?
D'Religioun ass ewei den Diplom fir vill Lait ... Ech sinn .... en Ingenieur en Dokter , ech sinn e gudden an ech sinn och Chrescht an Hindu , Moslem an Copt ... an wann mir all geifen soen ... Loosst ais an rou?
suraki 18.01.2011 - 22:54
ahhhhhhhhhhhhh , ... lo hun ech net ofgespéichert , an wéi sou dachs schon
ausgelogt, an alles fort .... ech kucke muer ob ech nach mol ufänken unhappy
gtaddei1 18.01.2011 - 23:06
Copy maachen ed smile
Gaga 18.01.2011 - 23:28
et as am fong ganz einfach,
mir as et egal op een weiss oder schwarz as, kapduch well droen, oder keen schwein well iessen, op en un jesus gleeft oder und den $ oder nemmen un sech denkt, et soll just jiddereen frei sin daat ze machen waat en well, ouni en aaneren dommader ze schiedegen, auszenotzen oder sech en fierdeel op aaneren hier käschten machen.

De porbleem as an mengen aan just, dat duerch t'institutiounen vun all eisen religiounen, genau dei fehler do an all religioun erankomm sin. kuckt einfach nemmen eis kierch, da gesait een waat ech mengen .

mein wort zum sonntag
gtaddei1 18.01.2011 - 23:57
Du sees daat selwescht waat ech soen.
Mein Beiwuerd zum Sonntag.
suraki 19.01.2011 - 12:07
genau esou Marco, wat wär alles esou einfach wann d'Reliounen sech net d'Rechter op alles giffe zouspriechen wellen, oder jiddereen sech e bëssen méi ëm sech selwer giff bekëmmeren. Wann et ëm de Misère an de Welt geet, kucke mer jo och net ganz wéit iwwert d' Grenzen ewech, an halen eis dann komescherweis am Gaart hannert dem Haus op closed_eye
Maimonides 19.01.2011 - 20:25
Fir d'alleréischt, Ed,
misst, dringend, d'Kiirch vum Staat getrennt ginn.
Jiddereen huet selbstverständlech dat Recht un dat ze gleewen wat e wëllt, mais et kann net sinn dass dann déi di net gleewen, wat jo och deenen hiert gutt Recht ass, fir déi aner mussen bezuelen.
Fir e Chrëscht, zb, misst dëst eng Selbstverständlechkeet sinn.
suraki 19.01.2011 - 20:44
ok getrennt soll gin, awer dann och Richteg !

Et geet net dat eis Ministesch eisen moslemeschen Kanner zwee zousätzlech Dech fir deenen hire nationalen Feierdag an der Schoul fräi gëtt . All déi Aner déi net gefaart ginn, ech denken un d'Italiener d'Portugisen an an an, sinn also erëm d'Bellesen, d' Jugoslawen wäerten hiren Daach awer d'nächst Joer kréien closed_eye

Ech sinn derfir dat déi déi vun deenen Deeg profitéieren, missten Chrëschtdag an all d'Mariendeechbigsmile als Kompensatioun dann missten an d'Schoul goen *gg* . An och anerersäits déi déi aus der Krich ausgetruede sinn , missten och déi Kierchlech Féierdeg schaffe goen.
Maimonides 19.01.2011 - 21:00
Fir d'éischt mol trennen, richteg. Dat ass jo och näischt Neies: di franséisch Revolutioun huet dat jo och an d'Wee geleet.
Ech war an der Cité Universitaire zu Heverlee (Leuven/Louvain) an do huet en Deel vun de moslemeschen Studenten hire Ramadan (während der Examenszäit !) gehal, an si sinn awer eens (an och net gestéiert) ginn.
suraki 19.01.2011 - 21:08
ech sin och de leschten den eppes géint deenen Léit hire Ramadan huet, ... awer nëmmen dann, wann ech selver elo net gezwonge ginn mat Kompass an Teppech op d'Aarbecht ze goen.
ok komm mer waarden emol op d'Revolutioun closed_eye

mischii 18.01.2011 - 21:25
Hu mir nët och öfters e Schleier virun den Aan wa mir e Schleier gesin?
ech mengen nët , dass hir Relioun hinne verbidd hir Kanner oder Enkelkanner ze filmen, si hun sech integréiert a kruten och hire Schleier hei nach nët verbueden
Huel dat lo nët perséinlech Edy, well dat Bild huet eng staark Ausso wou een mol nodenke kann
Maimonides 19.01.2011 - 20:33
Kuck hei, Michèle,
(zimlech am Ufank):

"Wann ech di Hand do gesinn, Ed,
dann ass dat keng jonk Fra.
Dass si sech an deem (!) Alter
mat Technik ofgëtt, wonnert mech méi
wéi dee Fait dass si e Schleier unhuet.

Exzellente street."
Gaga 18.01.2011 - 21:34
ps: waat moulen dei awer och huet, nonditjess....

suraki 18.01.2011 - 21:39
ech hat scho gefaart , wann déi dech elo geséit ...
da kriss du eng anstänneg gemoult closed_eye
suraki 18.01.2011 - 21:35
merci deeër Zwee Michèle an Gennaro ech wousst dat dat dote kennt, huet jo missen closed_eye Ech hun e gudde Frënn déen schon öfters am Iran war, an kréien ëmmer erëm bestätegt, .. an ech hu ni dorunner gezweiwelt, dat déi Léit do stënknormal (ewéi mer och?bigsmile ) sinn. An d' Méedecher geheien, doheem ukomm, hier Tunique och mol an den Eck a lafen esouguer dann a Minni (dohém) erëm.
merci !!
Zampano 19.01.2011 - 08:09
das ist einfach nur eine Fantastische Szene und ein excelentes Foto...
Das das noch nicht in der WO ist wundert micht, aber jetzt ab dafür closed_eye
suraki 19.01.2011 - 12:11
danke Zanpanon das freut smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 226 Gäscht online