Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ouni Wieder

 
Ouni Wieder
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.01.2011
  • Gekuckt:
    19953
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    32
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f5.6
  • Brennwäit:
    250 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    325 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 1D MK4
  • Programm:
    AV
  • Objektiv:
    70-300 L USM IS 4-5.6
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51993]
Kommentar vum Fotograf:
Zora 05.01.2011 - 19:44
Dei kukkt awer en beschen verluer dran, schon baal ängstlech, gud angefaangen bigsmile
gtaddei1 05.01.2011 - 19:51
Mmmh villeicht ass sie verdeift an sengen gefiller?
Zora 05.01.2011 - 19:54
Fannen eischter d'ass se sech onwuel an hierer Haut fillt, esou kennt et fir mech eriwerclosed_eye
dr_kim_veis 05.01.2011 - 20:20
eierlech gesoot, an huel et net perseinlech. mais ech fier main gout hun ech net sou gaeren sou street. fier mech as daat en bessen "emotiounen-fescherei" .
gtaddei1 05.01.2011 - 23:42
Dirk, et ass wouer dass dess emotioun fescherei ass. Mee daat ass och ee stil vun street. D menschlech emotiounen anzefaengen, onoofhaenglech vum kontexte. Fir ee beispill aus der fotogeschicht ze huelen , lee Miller huet emotiounen aus dem 2 ten weltkrich geknipst waerend de kappa fakten festgehaalen huet. 2 verschidden stiler!
Dofir ass den emotioncatcher och e stil. Ech sinn keen reporteur vun fakten. D emotiviteit verstinn ech besser .
Ech soen dir merci.
dr_kim_veis 06.01.2011 - 05:10
keen problem, hun just gemengt dass daat net sou menges as...
gtaddei1 06.01.2011 - 07:42
Daat ass och oke , soen dir merci fir laanscht komm ze sinn
Nagarjuna 06.01.2011 - 08:14
Den Himmel stéiert mech e bëssi well en sou hell ass. Eventuell kéints du den nach e bëssi gro afierwen fir dass en de Bléck net sou op sech zitt. Et ass awer schwéier ze behaapten dass hei eng Emotioun agefaangen ginn ass. Wat gesinn mir hei? Mir gesinn hei dat wat mir aus eis eraus op dat Bild projezéieren, also just eis eegen Emotioun well d'Bild net an sengem ganzen Kontext gewisen gëtt. Ech kéint mir gutt virstellen, well ech den Chaos an den Stroossen do kennen, dass déi al Madame sech do just duerch d'Masse vun den Mënschen, Autoen, Vëloen an Rikschaen gekämpft huet an sech dobäi gefrot huet, wou si wuel nach gutt Gromperen kritt fir den Aloo Paneer virzebereeden. smile Interessant ze gesinn wéi all Mënsch seng eegen Gefiller doran projezéiert well se als Detail aus dem Gesamtkontext (oder Szene) gerappt ass, an och eng sou ënnerschiddlech Gesellschaft zu eiser Gesellschaft weist.
gtaddei1 06.01.2011 - 12:57
Mrrci fir dest wieder, du ergaenzt am fong waat ech wollt soen. D projektioun vun sengem eegenen gefill an daat waat een gesait ass oft onvermeidlech. Dekontextualisatioun isoleuert d madame vun sengem geosozialen environnement an dofir kenn een dest foto net gerad als reportage foto betruechten an leisst dann dem subjektiven deel vum betrachter freiheet zur interpretatioun. Aloo paneer!!! Eng sach dei mir feelt an emmer meismile
dr_kim_veis 06.01.2011 - 15:45
hmm, sin net iwwerzeegt das daat ganzt sou neutral as weis du mengs. Et gett jo awer jkontext gewisen: Alter, decken iwwert dem Kapp, e gestressten bleck... alles zesummen en rezept fier matleed ze erreegen, eng vun deenen ueblechsten an meescht genotzten emotiounen an der photography. Just eng aaner versioun vun enger roud-kraiz oder unicef werbekampagne. Mais daat as dann och alles - nemmen een level. duerfier steiert et mech am fong. well et sou simplistesch fierurteeeler zerveiert ouni mei asiicht an verstaendnis ze brengen...
gtaddei1 06.01.2011 - 16:39
Interessant, mee bass du dann esou secher dass dest fra mattleed evokeiert? Mir eierlech net esou! Et geseit een och keen armut keen leiden an och keng nout. E bessi eweist du keinst sinn bei eng denklecher attitude! Ech mengen du gees iwert d intentioun vun der foto(mol net vum fotograf) d h du iwerinterpreteierst villeicht?
Nagarjuna 06.01.2011 - 18:46
Ech verstinn ganz genau wat's du mengs an ech kéint mir och virstellen dass déi Foto tatsächlech fir eng Roud-Kräiz oder Unicef Werbekampagne "mëssbraucht" kéint ginn. Dat läit och ganz kloer un der Art an Weis wéi se presentéiert ass. Den Moment, den Bléck, den Cadrage, d'Kleedung, etc. Ob den Gennaro elo genau dat mat der Photo an mam Titel ausléisen wollt soll dohin gestallt bleiwen. Awer dann wier et een Spill mat Stereotypen den menger Meenung guer net der Realitéit entsprécht. Definitiv léist se jo bei verschidden Leit Matleed aus obwuel ech net denken dass déi Fra do Matleed brauch. Awer, wéi gesot, ech verstinn ganz kloer wat dir un der Foto net gefält, an dat ass den emotionalen Bäigeschmaach, den se huet.
VeloBen 05.01.2011 - 20:40
Erennert mech vun der Haltung an vum Emhang un den "Emperor" aus Star Wars. bigsmile
gtaddei1 05.01.2011 - 23:43
Gudd gesinn!
suraki 05.01.2011 - 21:03
ech fannen se flott, mat der ganzer Beweegung do dranner smile
gtaddei1 05.01.2011 - 23:43
Merci Ed
ZerberuZ 05.01.2011 - 21:26
ganz gudd agefaangen deen gesiits ausdrock .. fier mech gesait sie konzentreiert an gehetzt aus .. als geif se un eppes denken
gtaddei1 05.01.2011 - 23:44
Jo dat ass waat ech och empfond hunn.
Jeanny 05.01.2011 - 21:45
U wat denkt si? bestëmmt huet si schonns vill traureges erlieft.
eng ganz flott a nodenklech Foto
gtaddei1 05.01.2011 - 23:45
Merci jeanny. Waat sie denkt? Mir kennen ais daat nemmen virstellen , mee dousecher net daat selwescht waat ech geif denken.
Schluck 06.01.2011 - 08:22
Ech hun och direkt un Star Wars geduecht wei ech dei gesinn hun ... ganz flott
gtaddei1 06.01.2011 - 12:58
Hai ass eidchter a food war!
Schluck 06.01.2011 - 21:18
Jo, kann ech mer virstellen dass de do och vill Misère gesais... wees nët ob sou eng Rees eppes fir mech wier
gtaddei1 06.01.2011 - 23:38
smile
xaph32 06.01.2011 - 08:31
all guddes gennaro closed_eye
schéin emotioun agefaangen
gtaddei1 06.01.2011 - 12:59
Dir och alles guddes! Merci
suraki 06.01.2011 - 19:36
lo gesinn ech dat eréischt Gennaro, net fir elo d'Moral ze zerstéieren, gell !
Dat ass dach de neien 70-300L f5,6 a net schaarf ?? tongue
jo ok se ass e bëssen verwackelt , wat mech interesséiere giff ... also wengst dem Objektiv ... ISO 400? an d'Zäit 1/200? Ausschnëtt, vill gecroppt ? ( an ech wées dat e gutt !! as closed_eye )
gtaddei1 06.01.2011 - 23:42
Also et ass eng kleng Bewegungs onschaerft am gesiit an ech hunn guer net mamm Compu gepusht.
Den 70-300 ass én super apparat an nach lang net esou deier mé et muss én Luucht hunn!
Gekroppt , e bessi 30% /-
D'Exifen hues du jo.
Probeieren gét iwer studeieren, komm lanscht an dann probeiersten ganz einfach, ech fannen dén Stén einfach super (net esou performant ewei den 70-200 f 2.8 mé vill besser ewei den 100-400. Liicht an kleng ... super fir den transport
suraki 07.01.2011 - 00:21
besser ewéi den 100-400 ? dann Gennaro as e gut ,
ech hu nach den 70-200 F4 an dén asoch super ,
.. mä do fehlen halt déi 100mm smile)
gtaddei1 07.01.2011 - 00:46
An den tester schneit den 70-300 besser ewei den 70-200 aus. Ech geif soen aenlech awer besser stabiliseiert
suraki 07.01.2011 - 19:19
ech knaen a spueren elo mol fir eng Vollformat an halen mein aaaalen 70-200 f4 closed_eye Mä am eecht, et wäR eng alternativ techt dem 70-200 an 100-400, déen e nie derbäi huet !
gtaddei1 09.01.2011 - 11:57
Genau daat, ech hunn elo mein 24-70 Oder 24-105 plus 70-300 emmer bei mir. Daat weit Baal neischt!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 401 Gäscht online