Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wintersunset II

 
All Fotoen an dëser Serie:
12345 Thumbnail
12346 Thumbnail
12347 Thumbnail
12352 Thumbnail
12353 Thumbnail
Wintersunset II
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.01.2011
  • Gekuckt:
    68137
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    65
  • Originaldatum:
    02.01.2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 f/2.8
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51922]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Photoserie dei ech gëschter bei Aspelt geknippst hun. Ech konnt mech nët décideieren wei eng Perspektiv mer dann lo am beschten gefall huet.

Scorpius 03.01.2011 - 14:01
Wau also dat si wieklech schein faarven! Ech perseinlech hun d'numer 4 am leifsten, bei denen anren si mer bessen zefill beem smile An dan nach mat de Figel dobai, ganz flott.
Schluck 03.01.2011 - 15:14
Merci Scorpius, freet mech dass se gefallen, ... jo dei Gänsen sin grad zum richtegen Moment laanscht geflunn
Zora 03.01.2011 - 14:27
Huiii flott Serie, dei 4 ass mein Favorit closed_eye
Schluck 03.01.2011 - 15:12
Merci Zora, freet mech dass se der gefallen.
OK-Photography 03.01.2011 - 14:42
schenial Faarwen do agefaang! closed_eye


en detail: mech steiert dQualiteit fun den klengen jpg hai...se gesin zimlech pixeleg aus waat secher net un dengem ausgangsmaterial lait...iergendswou beim verklengeren gung do wuel en gudden Batz Kualiteit verluer xD
(zefill nogeschärft?)
Schluck 03.01.2011 - 15:06
Merci BlackPanther,

lo wou's du ët sees ass ët mer och obgefall, ech hat se am PS mat der Optioun "Bicubic Sharpen" mei kleng gemach an dat woar wuel zevill dess Gudden. Hun lo mo dei 4ert ersaat ... sin awer nët iwwerzecht ob ët elo besser ass.

Villmols merci dass de mech drop Opmierksam gemach hues
Johny 03.01.2011 - 16:24
Gesäit ëmmer nach iwwerschäerft aus, menger Meenung no. Awer schéine Sonnen-ënnergang (an dat soen ech net oft !!!) closed_eye
Schluck 03.01.2011 - 18:17
Villmols merci Johny, kucken mer dat herno nach eng keier mei genau un ...
suraki 03.01.2011 - 22:41
wat nach hëlleft ass d'Bild an zwee dräi Schrëtt méi kleng ze machen,
genau wéi beim schäerfen, ... oft ass heiansdo méi closed_eye

gefällt mer immens gutt deng Serie do, d'Vulle sin natierlech immens smile
Schluck 04.01.2011 - 16:58
Merci suraki ... wei mengs'de dat an 3 Schrëtt ?? Stufenweis ?
suraki 04.01.2011 - 17:23
ma zb: 4000 op 3000 dorno 3 op 2000, an dann vun 2000 op 800 Pixelen.
beim schäerfen as et besser 3 bis 4 mol 10-15%, ewéi direkt 40%
Schluck 04.01.2011 - 17:59
Ok ... waert mer dat verhaalen ... hun emmer gemengt sei geif mei schlecht gin wat mei oft verklengert/verschaerft... Merci!
gi87 03.01.2011 - 15:16
Einfach Just Mega Flott! Mir gefallen Perseinlech Nr 1 an 4 am Beschten. Beim Eichten dei Goldeg Refelxioun um Wasser wei och de Kadrage an sengen Farwen einfach just Herlech ! Beim 4 Fannen ech de Landscape Kadrage gud Gewielt, leist en nach mei vun da emgeigung Spieren, an den Top op deier Foto sin Fullen dei am Hanagrond iwert dei energoend Son Fleien ! Ganz Flott geknippst !
Schluck 03.01.2011 - 20:31
Merci gi87, fir dein Comment, d'Reflexioun bei der eichter huet mer och esou gudd gefall. Dei 4. woar och main Fav. dofir hun ech dei och erausgesicht fir unzeweisen. Dass d'Gänsen och nach laanscht geflunn sin woar natirlech Chance
Gaga 03.01.2011 - 15:50
hmm, mier gefällt och n4 am beschten, t'Vullen iwert der Sonn sin den Tepelchen um i !

Waat mech bei den aaneren steiert as den Buedem am Fiergronnt, deen gesait sou knaschteg aus ... entweder geng ech deen schneiden oder ech wees net op et un der Bea leit ...

Schluck 03.01.2011 - 20:34
Merci Gaga, d'Vullen woar natirlech Chance ... mais dei sin gradd gudd komm. Ënnen woar effektiv zimmlechen Bulli mais wannn ech deen ewech schneiden velieren ech main Kadrage oder main 3:2 Format. Ech nisst vlicht emol probeieren se als Pano ze croppen .... oder wei geif's du ët machen ?
Gaga 03.01.2011 - 21:30
jo, cropen wier net optimal... ech wees net, ophellen as elo schweier ... mengen do kann ech der keen gudden tip gin.
sorry
Schluck 04.01.2011 - 17:00
Eng Schneikanoun sichen goën an Konschnei drop sprayen ? closed_eye
Gaga 04.01.2011 - 22:18
jo, also postprocessing meisseg um PC wees ech net waat een do kann machen, natierlech 5 schrett no fier goen wier och eng meiglechkeet ... mais bon ...
evtl sch/w !?! bigsmile
Schluck 04.01.2011 - 22:34
Nee .. mei weit ass ët net gangen ouni nass Feiss ze kreien an dofir woar ët mer awer ze kaal ... hat den 16-35 bei der do drop an mei no sinn ech net komm. Haha ... S/W bei der do mengen ech eichter nët
Pixelman 03.01.2011 - 16:23
Ganz flott Serie. nummer 4 ass absolut top.
Schluck 03.01.2011 - 20:35
Merci Pixelman ... freet mech dass se gefaellt
Nathalie 03.01.2011 - 17:39
Immens flott fotoen. N4 ass och mein favorit.
Immens flott fuerwen an cadrage. Einfach top!!!
Schluck 03.01.2011 - 20:38
Thx Nathalie, an villmols merci fir den Fav
Nathalie 03.01.2011 - 23:04
ass neicht, normal bei sou enger foto!
Schluck 04.01.2011 - 16:59
smile
jollyjumper 03.01.2011 - 17:55
Wow wonnerschein!
Schluck 03.01.2011 - 20:39
Thx jollyjumper
VeloBen 03.01.2011 - 23:05
Einfach genial déi Serie! Mech géiff just nach interesséieten wéiss de vill mauve Faarw dran kruss. Eppes spezielles am PS gemaach?
Schluck 04.01.2011 - 09:36
Merci VeloBen, dei Mauve Foarw huet neischt mam PS ze din, den PS ass just gebraucht gin fir d'Photo mei kleng ze machen an nozeschaerfen ... an dat nët zimmlech gudd wei's de hei kanns noliesen. Ech kennen mech leider mam PS nët gudd aus.

Ech hun mat der White Balance gespillt fir dei Foarwen sou erauszekreien, dat kanns de entweder direkt mat der Kamera machen oder bei der "Entweckelung" vum Camera RAW.
VeloBen 04.01.2011 - 18:35
Good to know !
Jeanny 04.01.2011 - 08:05
se sinn all wonnerschéi Schluck, wat eng Stëmmung
däi éischt mam Steer um Himmel ass mäi Fav.
Schluck 04.01.2011 - 09:37
Thx Jeanny, freet mech dass se der gefaellt ... an villmols Merci fir den FAV
sylvie 09.01.2011 - 20:05
Die ass och wirklech schéin deng Serie, mauve, rosa blo sin meng Lieblingsfaarwen . Kann mech och net entscheeden , sin alleguer top
Schluck 09.01.2011 - 23:05
Merci Sylvie, och fir den Fav !
sylvie 10.01.2011 - 19:46
Gär geschitt, sie sin jo awer och do Wert an nach zu der Foto vun der Woch gewielt gin, gudd geschafft cool
Schluck 10.01.2011 - 00:35
Villmols merci un all dei, dei mer hier Stëmm gin hun ...sinn richtech frou mol eng keier d'Wochenphoto kritt ze hunn !!
Nagarjuna 10.01.2011 - 22:29
Ma se huet et och verdéngt. Dat war bestëmmt den Dag wous du mir gesot hues dass du nach gierfs dohin goen, oder net? smile
Schluck 11.01.2011 - 00:02
Jo ganz genau ... hat dei Platz schon dei Woch virdrun gesinn an do woar d'Sonn awer schon fort. Dëss keier woar ech eng hallef Stonn eichter do an wei's de gesais huet ët sech gelount. Dat flottst ass dass ech dei Photo do schon sou ongefeier am Kapp hat ... dat mat den Gänsen woar natirlech Chance. Merci !
Jeanny 10.01.2011 - 06:42
Ech gratuléieren dir ganz häerzlech Schluck
Schluck 10.01.2011 - 17:00
Villmols merci Jeanny, dat as ganz leif gesoot ... Thx!
gtaddei1 10.01.2011 - 09:16
ganz flott serie dei ech verpasst hunn , verdingt d'Wopchefoto
Schluck 10.01.2011 - 17:02
Och dir villmols Merci Gennaro ... keen wonner dass de dei verpasst hass ... do woar der knapps ëremm an bëstemmt nach mat anner Sachen beschaeftegt
ludiol 10.01.2011 - 10:26
Gratulatioun zur Wochefoto
Schluck 10.01.2011 - 17:03
Villmols Merci ludiol !
suraki 10.01.2011 - 19:04
gratuléieren Schluck smile
Schluck 10.01.2011 - 19:08
Villmols merci, hun mech och richteg gefreet ... dat motiveiert fir sech weider dran eranzeschaffen
deSir 10.01.2011 - 21:59
och vun mir mei Gleckwonsch eng super Foto,bravo
John
Schluck 11.01.2011 - 00:04
Thank you Sir smile
mischii 10.01.2011 - 23:02
gratuléiren,
mir gefällt 4 am Beschten, hu bei sou Landschaftsbiller léiwer Breedformat
Schluck 11.01.2011 - 00:04
Merci mischii, dei 4ert woar dei eenzeg wou d'Breedformat erlaapt huet
JG 11.01.2011 - 12:08
och vun mir Gratulation. En Genoss ze kucken!
Schluck 11.01.2011 - 23:04
Merci JG, freet mech dass se der gefaellt.

Mir hatten iwwert d'1D geschwaat ... et gin awer ee puer Sachen dei ech par rapport zur 7D vermëssen:

-D'elektronnesch Waasserwo
-Een IR remote
-Den Q Button (Quick settings um display)
m-otiv 11.01.2011 - 21:09
uh die haat ech verpasst an elo 2 deeg net hei op der colonn gekuckt...
gratz schluck...ganz schéin foto
Schluck 11.01.2011 - 23:05
Och dir Merci Vito .. sin frou mol eng keier d'Wochenphoto kritt ze hun ... dat m-otiveiert closed_eye
m-otiv 11.01.2011 - 23:07
jo...et gewennt een naischt, mä et freet een sech wéi e Gèck
Schluck 12.01.2011 - 08:33
JO .. du sees ët !
He-Lx 16.01.2011 - 14:23
Ech gratuléieren der zu dem Erfolleg.
LG Henri
Schluck 17.01.2011 - 08:41
Merci Henri ... hat mech och immens driwwer gefreet
indian 21.01.2011 - 11:35
genial, super landschaft an immens fuarwen smile
Schluck 16.02.2012 - 18:31
Merci gesoot!
abrissreif 16.02.2012 - 12:38
Klasse Stimmung. Mein Favourit ist das Querformat hier.
Schluck 16.02.2012 - 18:32
Vielen Dank, ist auch mein klarer Favorit und seit über 'nem Jahr mein Desktophintergrund ... bis jetzt bin ich dem Bild nicht müde
De-Neien 19.03.2013 - 19:08
Wow..!! Di ass einfach nemmen herrlech!!
bac 19.03.2013 - 19:32
Den lanscape format ass déi bescht fir mech. Einfach nemmen schéin

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 284 Gäscht online