Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hotel 74

 
Hotel 74
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.12.2010
  • Gekuckt:
    22571
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    Blëtzanlaag
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    310 KB
  • Originaldatum:
    26.12.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikkor 50mm f1,4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51774]
Kommentar vum Fotograf:
Shooting am Royal...Extreem Retro Zëmmeren hunn se do :-)

Hunn probéiert mam filtrage och déi Stemmung erriwer ze bréngen
Jaycee 28.12.2010 - 09:59
... an de Model huet mech spontan (zumindest aus dem Blëckwënkel) un d'Romy Schneider errënnert, also och Retro. Tip top Vitorio!
m-otiv 28.12.2010 - 14:43
da muss ech glaich e puer aaner bléckwénklen eroplueden bigsmile
Dann sin mir fixéiert
Keup 28.12.2010 - 11:52
Super Teinung an beisen Cadrage. Gefällt mir mega gudd.
m-otiv 28.12.2010 - 14:42
Merci Yves
Zora 28.12.2010 - 12:52
Super perspektiv, super Stemmung, super Fotoclosed_eye
m-otiv 28.12.2010 - 14:42
merci Zora
Poly 28.12.2010 - 15:33
wonnerbar, do passt alles
m-otiv 28.12.2010 - 16:14
merci Poly...merci
m-otiv 29.12.2010 - 15:26
thx fir den fav
_MiAmI_ 28.12.2010 - 16:55
Fannen iwerhaapt Retro, oldschool etc deck gud, an fannen Farwen och bei denger Foto flott gelong
m-otiv 28.12.2010 - 19:42
Merci My ami closed_eye
_MiAmI_ 28.12.2010 - 20:31
hhmm no. -->miami closed_eye
m-otiv 29.12.2010 - 15:16
Ech wees... Ech iwwersaetzen:
Thx my friend = merci 'my' ami
Gaga 28.12.2010 - 17:00
super de ido vito,
hues de am Royal t'zemmer missen bezuellen ?
ech sichen och graat en zemmer fier weineg, resp. guer keen geld fier 2-3 Stonnenbigsmile , freen mech schon op den Bleck wanns de dann mat 2 Fraaleit ukenns bigsmile

t'leppsen geiff ech e bessen mei erausschaffen, dei sin mer zefill an der teinte vun der Haut ... no den Aan as den Mond daat sennlechs am gesiicht ... deen fehlt hei e bessen ...
kadrage geiff ech gär gesin wann ennen e bessen mei ze gesin wier, mais esou gefällt en mer och gut, en gesait spontan aus ...

ganz flotten portrait, flotten model och !
m-otiv 28.12.2010 - 17:59
zemmer huet den coiffer (kenns hien jo) gelount an d'nuecht do verbruecht (ouni d'Models, versteet sech)...
Gaga 28.12.2010 - 21:14
hun ech mer och schon geduecht, als alternativ, zemmer lounen, shooting, scheinen owend (mat der Fra, net dem Model) an den Daag drop den eichten um Bureaubigsmile !

TomEwert 28.12.2010 - 17:43
wann ech mech net täuschen hues du probéirt vum filtrage hiir an richtung cross-development ze goen. grad sein ielenbou (riets) huet en bessen vill magenta ofkruet, also ménger meenung no. fannen ech schued dass du séng (schein) hoer net ganz mat dropgeholl hues, daat haett dei ganz szenerie direkt méi weiblech riwerbruecht. eppes wourunner ech perséinlech mech en bessen schwéier doen, ass dat d'aen duerch den maquillage dermossen hervir gehueven sin, dass den bleck awer an der photo selwer net richteg vill ausseet. d'kleed ass par contre schéin an szene gesat, eng touche décolleté get eng touche sexyness. mais : waat steet do um nuetsdesch ? bigsmile an den luuchtschalter giff ech nach schnell wegmaan, daat ass eng saach vun 2 clicken.

léiw gréiss, tom
m-otiv 28.12.2010 - 17:57
Tom,
Mir sin définitiv net am selwechten Film smile...Déi Fotoen hunn ech och...hunn mech awer fir dëst décidéiert wéinst dem indirekte Bléck an deen spontaane kadrag
Die Luucht huet "absolut" missen an d'Bild, Dorems ass et mir gaang, mir gin net am Hotel fir dann den hannergronn ewegzeretouchéieren....mengste net dass, wann Ech se weg wollt, wier se weg? smile

Merci awer fir deng Mehnung, mä an mengen Ae hätt d'Foto alles verluer ouni di onschaarf Luucht
TomEwert 28.12.2010 - 18:03
ech mengen jo net d'luucht, ech mengen den luuchtschalter.

an jo bon, wann dir den bleck gefaellt ass daat natiirlech och gudd esou smile just dass et zevill poséirt ass fir spontan ze sin. awer daat sin just my 2 cents.

// EDIT
ganz nierwenbei zweifelen ech net un dengen photoshop qualitéiten fir eng luucht wegzemaan, mais wéi gesot ass et jo just em den schalter gaangen closed_eye
m-otiv 28.12.2010 - 18:14
gudd gesinn smile den schalter kéint effektiv fort...daat mam Magenta Aarm hues och rèscht...durch d'vignet ass déi méi donkel ginn, wosst awer net op ech op där plaatz d'vignett erausmaskéieren, an dann wär den arm net ofgedonkelt par rapport zur vignet, oder et esou lossen...Ech hun dann déi plaatz liicht gedodged (et war nach méi daischter)
Jeanny 28.12.2010 - 19:11
Du weess, bess elo hunn ech mech nach ni un e Portrait getraut.
vill kennen ech och net, awer mäi Bléck seet mir, dass se wonnerbar ass Vito TOP
m-otiv 28.12.2010 - 22:22
merci Jeanny...Trau dech einfach smile
Houll-art 28.12.2010 - 21:55
Do kann ech och nemmen soen Tip top geschafft. Mir gefällt Retrolook souwisou am allgemengen. Deng Téinung ass dir gudd gelongen, an déifteschärft och. Och prise de vue.

PS: Wosst net dass de Royal Retro Zemmer hätt. Esou eppes kann een emmer gebrauchen, vir e shooting. Freet sech just waat de Spaas kascht.
m-otiv 28.12.2010 - 23:56
ganz éierlech wees Ech net waat et kascht huet....Eisen coiffer huet matt senger fra d'Zemmer gelount....an mir hunn him d'Minibar ausgeraumt smile
Schluck 28.12.2010 - 22:00
Neischt fir ongudd Vito mais mir gefaellt dei do nët esou. Virun allem d'Schatteierung (Maquillage) vun den Aen steiert mech.
m-otiv 28.12.2010 - 22:11
keen Thema smile den Daag wou Ech et fäerdeg bréngen eng Foto ze knipsen, die jiiderengem gefällt, dann haalen Ech op matt schaffen smile

PS: Dës ass méng méscht gefaveden foto op flickr (vun all meng Fotoen)...
Mais on ne peut pas plaire à tout le monde...Fotografie ass "emmer" eng affaire de Gout
Schluck 28.12.2010 - 22:14
Do hues de mol Recht ... dass jo och nët den Still oder d'Photo an sech mais d'Schatteierung vun den Aen dei ech net flott fannen
ludiol 29.12.2010 - 15:42
Flotten Retro Look. Du häss nach e bessen Grain kennen dra maachen (respektiv gesäit een net well se ze kleng ass smile.

Daat eenzegt waat mech do stéiert ass den Schalter (waat den Tom och schons soot, gesäit aus wi en Fleck oder eng Méck an d'Model kuckt drop), well deen fällt direkt an d'Aan, den magenta Aarm fannen ech net sou schlemm
m-otiv 29.12.2010 - 17:55
merci Oli....den Schalter ass glaich net méi do....dann kucken se am Royal dass se eens gin fir d'Luuchten un an aus ze maan cool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 272 Gäscht online