Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Am Besch

 
Am Besch
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (28.12.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.12.2010
  • Gekuckt:
    41180
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    109 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.333333333333 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    420 KB
  • Originaldatum:
    2010:12:27 13:41:21
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Fier dei dei sech lo wonneren, jo ech haat deen Daach och eng 5D am gebrauch. An ech sin lo berouegt, Canon as net besser wei Nikon :) Se hun all hier fier an Nodeeler)

Fir anzesetzen: [pg_img=51753]
Kommentar vum Fotograf:
Am Mai haat ech een ganz flotten Shooting am Mellerdall. Den Shooting war fier een Meedchen waat Moud studeiert an Fotoen vun sengen Diplomarbescht Kleeder gebraucht huet. Et war eng super Erfahrung dei warscheinlech emoleg bleiwen wärt. Dofier een riesen riesen Merci un daat ganzt Team.

Waat mech lo hei am meechten interesseiert as är Meenung iwwert den Filtrage?

Kleeder: Nathalie Siebenahler
(fier lo all dei aaner Leit obzezielen get mengen ech zevill Text ;) )
gloda 27.12.2010 - 14:00
Immens wat s de do gemach hues. Den Filtrage gëtt der Foto de leschte Schlëff, mä et ass d'Manéier wéi d'Faarwen zum Kadrage bäidroen déi wierklech iwwerrascht. Ech kann mer virstellen dass dës Foto am SW nëmmen nach hallef esouvill hiergëtt.
mmphotos 27.12.2010 - 15:11
Merci Gloda, et freet mech daat vun dier ze heieren. Ech hun net probeiert gehaat d'Foto schwartz weiss ze maachen mee kann mer gudd fierstellen dass se dann en deel manner interessant get.
Gaga 27.12.2010 - 14:08
kann dem Gloda nemmen Recht gin, super dei do !
e bessen schuet as et dat deen Schiert duerch hat leeft (vun riets no lenks uewen iwert t'Kleed)
mmphotos 27.12.2010 - 15:12
Merci Gaga. Waat mengs du lo genau mat deem schied? Deen ganzen enneschten Deel vum Rack?
Gaga 27.12.2010 - 15:16
jo, et gesait een dat dei ganz "schlauf" vum rack am Schiert leit vis à vis vum recht ... as minimal...
mmphotos 27.12.2010 - 15:20
Ok dann as et awer daat waat ech gemengt hun. Et as unsech lo keen direkten "schied" deen dropfaellt, d'Luucht vum Reflektor as do ze Flaach ob dei matière (dei eng aaner as wei uewen) agefall an gouf dofier zevill reflekteiert.
Gaga 27.12.2010 - 15:28
jo, do braicht een wahrscheinlech mei wei een reflektor, an keen ze klengenbigsmile
an mat engem diffusen bletz ophellen, hues de daat net probeiert ?
keng ahnugn ob daat gaang wier, dofier meng Fro...
mmphotos 27.12.2010 - 15:35
Dach ech haat mat engem 2ten Reflektor probeiert, mee deen huet zevill den recht obgehellt.
m-otiv 27.12.2010 - 14:13
mir gefällt se och ganz gudd...den filtrage an d'onschärft vum Hannergrond hues du Gutt hikritt...
Ech kann mech net ganz matt der Hand ufrënnen di esou do leit, d'Achselhölle-faal Truc stéiert mech och, an seng Been gefaalen mir hei guer net..Ech hunn och schon mam Tati geschafft an Ech wees wéi einfach an angeneehm et matt hier ass...

Wéi gesoot, et ass emmer einfach engem aaneren seng Foto ze kritiséieren...op ech et elo aanescht oder besser gemaach hätt...Wahrscheinleg net
mmphotos 27.12.2010 - 15:18
Merci och dier.
Zu der Hand, dei Leit net einfach do mee un där steipt hat sech oof. Wann dei also fort wär geif et trellen. Den eigentlechen Grond fierwaat ech se awer sou do hun (ech hun och eng Foto wou et se mei no um Kierper huet) as well ech fannen dass sou eng gewessen dynamik an d'Bild kennt dei soss feelt.
Zur Achselhöhle, wann een dei Wäschretoucheiert geseit daat ganzt duerno zimlech fake aus.
An mat den Been gin ech der recht, dei sin net obtimal, fier dei ze retoucheieren, dass et nach gudd ausgeseit kann ech net. Et as dann einfach zevill hannergrond deen "erfonnt" misst gin.

Dass et angenehm as mam Tati ze schaffen as kloer, einfach well ech awer och lo net soen, well ech fannen dass een bei him och ob engerseit mei Drock huet dass d'Foto duerno nach als Foto usprecht an net nemmen well Tati drop as. Verstees de waat ech mengen?
Gaga 27.12.2010 - 15:30
Zu der Hand, dei Leit net einfach do mee un där steipt hat sech oof. Wann dei also fort wär geif et trellen.

rofl
m-otiv 27.12.2010 - 17:09
Waat ech matt der hand gemengt hunn ass, dass d'fanger komesch gespraitst sinn... Ech verstinn dass hat sech misst unhaalen smile
Awer mam elebou den villaicht gediebelt wier an eng mei elegant Hand hätt hei net geschued...
Daat matt de Been, muss een keen Hannergrond erfannen, e bessi liquify hätt et och gemaach...

Soit...
mmphotos 27.12.2010 - 18:07
Un den liquify hun ech net geduecht. Probeieren daat mol den Owend. Lueden dann d'resultat nei rop.
Mam Aarm as wei ech soot, ugefenkelt wierkt den arm fleit besser, d'Foto wierkt awer manner dynamesch.
mmphotos 28.12.2010 - 11:18
Hun daat mat den Been lo mol probeiert...froen mech ob et wirklech eppes zur Foto beidreit...
m-otiv 28.12.2010 - 16:18
ass awer gutt, nee?
mmphotos 28.12.2010 - 16:42
Ob eng manneier schon, mee wann ech se kuken steieren se mech nach emmer closed_eye
JADE 30.12.2010 - 23:52
an wanns du deen donkleren deel, ënnen um rietsen oberschenkel géings ewegpinselen?

fir den rescht, fannen ech êt eng ganz schéin foto fir daat kleed ze présentéieren ... "just" dem tati seng kleng taille (Bauchumfang) kënnt hei e bessi ze "kuerz"

schéin téinung, gudden choix vun location (och an harmonie matt dem banneschten vum kleed)
Houll-art 27.12.2010 - 19:22
Mir gefällt Pose hei ganz gudd, an vir un allem och Kleed waat hatt unhuet. Iwerhaapt daat ganzt Konzept stemmt. Just Schong, oder besser gesoot Stiweletten, daat ass net esou menges closed_eye
m-otiv 27.12.2010 - 22:38
Ma ech fannen deen Kontrast matt de stiweleten graad genial...et muss net emmer alles passen closed_eye
ludiol 29.12.2010 - 15:59
An déi hues de eis sou laang vir enthaal. Flotten Cadrage, d'Modell ass och top, an d'Pose gefällt och.

Zu den Stiwwelen: Daat ass der Modedesignerin hieren Touch, ech hätt et langweileg fonnt wann et do an klengen Schéngelcher komm wir. Besser wir vläicht just nach extra héich Dockers gewiecht. Mee daat ass et och schons gin. Alles eben Affaire de Goût.
mmphotos 29.12.2010 - 17:27
Merci. Ech hun se firun Juli net dierfen weisen. An duerno war et bessen stresseg closed_eye
ToPo 30.12.2010 - 23:33
Flotten Outdoor. Pose a Luucht sin tip top, gudd geschafft !
nunc 10.02.2011 - 18:44
super shooting, super model, super fotoen! merci dass ech konnt dobai sin! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 296 Gäscht online