Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Horizontal !?

 
Horizontal !?
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.04.2006
  • Gekuckt:
    36732
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    36
  • Beliichtungszäit:
    1/30
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    863x422
  • Späicherplaz:
    143 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:13 22:47:48
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:
Stativ an Fotosdësch

Fir anzesetzen: [pg_img=5166]
Kommentar vum Fotograf:
Leider haat ech kee Rosé an mer hun mussen Roude Wäin verdënnen an dun mat bessen Liewensmëttelfaarw nach mëschen.
coolpix 13.04.2006 - 23:29
Flott Iddi hunn ech awer schon an der Fotocommunity gesinn.
MarcGerard 13.04.2006 - 23:32

smile hun ech engkéier an enger zeitung gesin. mee do woar et eng digital veraarbechtung wou all glas een anere réelle wénkel hat. d.h. al glas hat eng aner gewénkelt oberfläch smile mee hei ass och flott.... an genial dass de der 't méih mat der faarf gemach hues. sou soll dat sin smile
elmuzo 14.04.2006 - 00:49
Deng horizontal Approch irritéiert an mecht di Saach awer eréischt interessant. Du häss missten eppes soen, ech hun nach eng Fläsch Rosé am Frigo closed_eye
MarcGerard 14.04.2006 - 13:07
iwwert déng alkoholesch firléifte wees ech jo scho bescheed smile
elmuzo 14.04.2006 - 15:08
Ass alles eng Saach vun Image an och net emmer alles esou wéi et ausgesäit...
alma 14.04.2006 - 07:40
super idee an génial emgesaat
wei een trick, hues du daat dann ugewannt fir den wain schief an glas zekreien?
Johny 14.04.2006 - 12:14
Ech hätt d'Glieser och nach kënenn dréinen dass se en aanere Wénkel hun ... closed_eye
Mer hun der secher o nach, also fläsch Rosé mee ech kann net mengem PApp säi Wäin einfach mol klauen goen.
@alma: Ma ech hun de Fotosdësch einfach schief gestallt, Wäin dran, gekuckt dass en iwerall dee selwechten Niveau huet, an dann d'Foto och schief geholl.

Bei dem ganzen huet d'Lydie mer awer vill geholl, muss och mol gesoot gin smile
nikel 14.04.2006 - 12:42
Ech fannen et Flott, häss de sollen eppes soen ech hätt der gehollef eidel man ;P
Johny 14.04.2006 - 13:06
Mäi Papp soot haut mer sollten op kee Fall en drénken well en ass guer net gudd an en huet mer déi Fläsch gin well en se sws wech gehäit hätt sad
CANON 14.04.2006 - 13:38
Eng gut Idee och Gut Belicht ...et ging een mengen am glass an der mett do wier en Bic ze gesinn Lenks....an waat hun ech nach gesinn eng 30D majo dann 8/10 fir Idee an Emsâtzung an vir dem Lydie seng hellef...
Johny 14.04.2006 - 13:41
Daat waat een do gesäit, d'Spigelungen sin d'Luuchten dei op der Säit stungen.
Merci fier de Kommentar an d'Bewärtung smile
Minaa 14.04.2006 - 21:29
Wisou wolls de dann onbedéngt Rosé, mat Roudem wier et dach och bestemmt flott gin, nee? smile
Geseit eben zimlech komesch aus well ee méngt d'Glieser géingen riicht stoen an de Wain schief closed_eye Mee fannen d'Foto awer ganz flott, souwuel d'Iddie wéi och d'Emsetzung.
Johny 14.04.2006 - 22:31
Ma mer haaten et mat Rouden gemaach mee dee war pechschwaarz op der Foto, dofir hun mer en verdënnt an dun nach bessen Faarw derbäi gemaach.
Paulinus 18.04.2006 - 11:50
Lëschteg Iddi, kéint vun der Vinmoselle sin. Mee was du mat dem gudden Wäin gemat hues as schon hefteg!!!!! smile
Johny 18.04.2006 - 12:54
E war net gudd, gleew mer bigsmile
Jury 08.05.2006 - 05:54
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Eva 08.05.2006 - 16:52
Fannen di Foto ganz flott an gefällt mer richteg gudd. Just di Spigelung...mee wor vlait net ze vermeiden
Johny 08.05.2006 - 18:24
Nee war effektiv net ze vermeiden, haat zimlech alles probeiert fier dass se sou weinech wei meiglech opfällt...
Lali 22.07.2006 - 21:32
ech fannen d'spiggelung hei awa ganz intressant... smile
gefaellt ma gudd smile)
depunkt 29.07.2006 - 19:35
hey boa dei foto ass deck witzeg closed_eye relax
Knolles 11.02.2007 - 00:16
/removed/
Johny 11.02.2007 - 00:24
Also déi Fro, wann een et als Fro ka bezeechnen, verstinn ech net ganz smile
Ass et denger Meenung keng Topfoto? Menger och net méi sad
Olivier 11.02.2007 - 00:29
wei mengs de daat lo?
-Laurent- 11.02.2007 - 01:53
hien mengt allt datt den niveau ropgangen ass eng foto mat weißen hannergrond war zu der zeit nach eppes besonnesches an daat hei war allt eppes extraes

vueque datt photogen awer am niveau ropgangen ass ass ett normal datt een aner fotoen,firun allem seng eegen als "mei schlecht" ungeseit och wann se daat net sin wann ech zb meng eegen resultater vun firun puer meint kucken kann ech nemmen lachen sou eng aenlech evolutioun huet photogen och allt gemeet an daat ass gudd smile

hmm war daat bessi verstaendlech?
Johny 11.02.2007 - 01:54
Am fong wär et duergaang matt: "Vill Fotoen dei als topfotoe geholl gi sinn hätten haut keng Chance méi" bigsmile
-Laurent- 11.02.2007 - 01:55
ech sin awer een maennchen vun den villen wieder den sech net kurz fassen kann....
Knolles 11.02.2007 - 15:08
/removed/
MarcGerard 11.02.2007 - 15:01

a genee aus deem grond as et esou schwéier topfotoen ze wielen.
Joma 19.02.2007 - 19:22
hei den ass schein...
Polinger 01.03.2008 - 16:31
deck lusteg cool as der wierklech gelongen !
Jest-Art 09.05.2008 - 19:58
einfach nemmen herrlech
Kiichiii 24.06.2008 - 14:20
Froen mech schon eng zeitschen wie een daat mecht? ass daat een photogeheimnis oder verreits du mir et? smile
Johny 24.06.2008 - 14:23
Dësch schief stellen, Glieser drop, Wäin drann, Stativ och schief agestallt .. dann ass alles schief äusser de Wäin, mee well ech d'Foto eben och schief geholl hun gesäit et genee emgedréint äus smile
Kiichiii 24.06.2008 - 15:12
Asou... an Glieser fallen dann net roff? kA stellen mir et bessen kompliziert vir.... me egal weist du et gemach hues se gefällt mir ganz gutt smile
Johny 24.06.2008 - 15:14
Ech hun et eben bis op d'Grenz gemaach wou se sujust net gerutscht sinn smile
PhotoJuls 24.12.2010 - 18:49
Super,vir iwerhaapt op dei idee ze kommen,fannen se mega!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 355 Gäscht online