Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

d'Wanderposch 1

 
All Fotoen an dëser Serie:
11959 Thumbnail
11960 Thumbnail
d'Wanderposch 1
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.12.2010
  • Gekuckt:
    24542
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Originaldatum:
    14.12.2010
  • Fotoapparat:
    Canon
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51444]
Kommentar vum Fotograf:
ups , lo war et mer e Strapp ze séier gaangen, nodeems ech no der Posch gefrot gi sinn :)



De Gros vun eis weess ëm wat et geet, ... dén dën interesséiert ass kritt d'Posch geléint, a soll se dono erëm weider oder zeréck ginn.

E puer Regelen solle mer anhalen, wann dat Ganzt e bëssen serieux soll gehandhaabt ginn.


1) d'Posch soll maximal zwou Woche bei engem bleiwen dono soll se weidergoen.

2) gëtt d'Posch weiderginn, soll (am Kommentar) drënner drageschriwwen ginn ween se kritt huet ( da wësse mer ëmmer ween se huet )

3) nodeems d'Bild hei gewise gëtt, soll de Virgänger ëmmer am Haaptkommentar ënnert der Foto weiderverlinkt ginn, ... ewéi hei elo ze gesinn :)
eng "Wanderposch" ...


4) um gewisene Bild, muss a soll d'Posch gutt ze gesi sinn, se muss awer net den Haaptthema dervunner sinn.

5) den Titel soll ëmmer "d'Wanderposch" mat fortlafender Nummer sinn.

6) changéiert d'Posch de Proprietaire, sollen vum Virgänger ( OP FRËIWELLEGER BASIS !! ) zwee Euro an iergendeng Photo, esou ëm 10x15 , mat hannendrop Adresse Numm an Telefonsnummer an der Posch verbleiwen.

7)Grondregelen sollen wegl als éichte Kommentar agesat ginn:)





Et soll ganz zum Schluss eppes Organiséiert ginn, fir déi Leit déi matgemaach hunn, loosse mer eis iwwerraschen ;))



Ech hoffen dat elo vill Leit Loscht krit hunn fir matzemaachen, ech selwer a nach vill Anerer giffen sech driwwer freeën :)))


den Eichten dën elo ugefrot hat an d'Posch kritt ass de Schluck


edit:
esou de Schluck as se siche komm, et geet weider


mischii 14.12.2010 - 23:33
wann een eist Astrid freet!
Kennt Dir den Ënnerscheed aus dem aalen Ägypten an Lëtzebuerg?
hei d'Léisung
am aalen Ägypten danzen d'Fraen virun engem goldene Kallef, zu Lëtzebuerg danzt e Kallef virun enger goldener Fra!
hat ass nët frou mam Mischi bigsmile
an deng Géigeniwwerstellung ass wuel gudd
suraki 15.12.2010 - 11:54
lo hunn ech gutt gelaacht Michèle bigsmile
merci nach !
gtaddei1 15.12.2010 - 01:17
Dann well ech dén 2ten sinn ... merci
GD Charlotte ass eng Gelle Fra gewiescht ... fragile , hai an do feisch mé eng Gellen ... Gutt daat sie do war (irgendwei)
suraki 15.12.2010 - 11:53
no der GD Charlotte kommen elo gëllen Zäiten op eis zou Gennaro ?
Bijouen a Bëscher solle verkaf ginn ... fir d'Gold eran ze kréienbigsmile

ah jo, mat dem weiderginn vun der Posch muss jiddereen sech mat dem eenz ginn den se dann grad huet, an dengem Fall de Schluck elo. smile)
gtaddei1 15.12.2010 - 11:58
Ohhh do muss awer én Coordinateur sinn ... wei kenn én dann wessen wîen se grad huet?

Jo ... ais M.T get zefill Suen aus
suraki 15.12.2010 - 12:25
e Coordinateur gëtt schwéier

@2) gëtt d'Posch weiderginn, soll (am Kommentar) drënner drageschriwwen ginn ween se kritt huet ( da wësse mer ëmmer ween se huet )

Deen den interesséiert ass, muss sech eben d'Méi maachen, dat lescht Bild erauszesichen, so steet jo dann drënner ween se huet . Steet néicht do , misst se nach am Besetz vun Deejéinege sinn, den dat lescht Bild hei agesat huet.

Ginn dei puer Regelen agehalen misst et klappen ? Och e Cooerdinateur kann net fir en aneren Äntwerten wéini den grad doheem ass.


Ech mengen mat engem minimum un Disziplin misst dat klappen smile)


Grondregelen kéinten fléit bei all éichtem Kommentar agesat ginn closed_eye
gtaddei1 15.12.2010 - 12:27
OOOOkééé
Jeanny 15.12.2010 - 07:10
herrlech Edy,wei aus gold,
maache jo och mat
suraki 15.12.2010 - 11:55
merci Jeanny, lo kritt de Schluck wuel e puer PN'en ze liesen closed_eye
Zora 15.12.2010 - 08:09
En gudd Idee, wär interessant do mat ze maan closed_eye
suraki 15.12.2010 - 11:56
ma ech wäert hoffen dass de mat mëss Zora closed_eye
merci smile
Zora 15.12.2010 - 12:54
Jo kloer, huel schon den bloen Tütü eraus Lolll closed_eye
suraki 15.12.2010 - 12:58
tongue
Gaga 15.12.2010 - 11:26
top ... du hues daat super emgesaat, lo as kreativiteit gefroot fier t'Nofolger !

Ech sin derbai !

smile
suraki 15.12.2010 - 11:57
merci och un dech Marco,
eng Poschestudiosessioun ?bigsmile
m-otiv 15.12.2010 - 11:33
supper Edy....ganz ganz supper
suraki 15.12.2010 - 11:58
och hei Vito thx,
op deng Versioun sinn ech och gespaant closed_eye
Schluck 15.12.2010 - 12:23
Salut Ed,

super Idee an top emgesaat ! wann ech dei do gesin freën ech mech schon fir den naechsten ze sin den se kritt.
suraki 15.12.2010 - 12:30
ech si gespaant ewéi en ale Flitzbou closed_eye
... mer gesinn eis jo nach smile
OK-Photography 15.12.2010 - 17:56
wow! KUHL aktioun an flott Emsetzung dofun!!
gefellt mer, wann se dann mol nees enka ennerwee as, giff ech dei och enka mat op den Tuer huelen hehe! smile

FLOTT!!!
suraki 15.12.2010 - 20:28
@giff ech och enka ??,
....quatsch, du muss enka closed_eye
thx Blacky
OK-Photography 16.12.2010 - 00:28
haha bigsmile TIP TOP closed_eye

ech soen merci, fir haut! smile (Konzert war GUDD!)
ZerberuZ 15.12.2010 - 18:34
Daerf den Darkman se och kreien ? bigsmile
suraki 15.12.2010 - 20:29
merci ZeberuZ,
... an beim Darkman sin ech mer elo awer net esou sécherbigsmile
ZerberuZ 15.12.2010 - 20:40
unhappy
suraki 15.12.2010 - 21:05
ok , dann awer, du hues mech elo iwwerzeegt smile *gg*
ZerberuZ 15.12.2010 - 21:06
bigsmile
Maxx 15.12.2010 - 21:09
Wow cool Iddi bigsmile genial
Jo, déng Foto och!!!
Also wann ech déi iergendwann och an d'Hänn kréien... smile
suraki 15.12.2010 - 21:15
du wärs jo hoffentlech, ... well hei gëtt sech net gedréckt gell !! bigsmile
suraki 20.12.2010 - 20:20
ALS 1FO

de Schluck ass se siche komm, et geet also weider closed_eye
Schluck 20.12.2010 - 20:23
Yep ... hun se closed_eye mol kucken waat ët gët
OK-Photography 20.12.2010 - 23:04
oki
Zampano 20.01.2011 - 07:30
das hatte ich ja totel verpasst, sorry!!! Staub auf mein Haupt. Schön in Szene gesetzt...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 459 Gäscht online