Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

eng "Wanderposch" ...

 
eng
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.11.2010
  • Gekuckt:
    30277
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    6.1 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x508
  • Späicherplaz:
    463 KB
  • Originaldatum:
    2010:11:23 22:38:09
  • Fotoapparat:
    Canon PowerShot G11
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50928]
Kommentar vum Fotograf:

... misst een mol hunn ?

stell iech vir, mer hätten eng Posch déi bei all User hei,
(dée well), eng Zäitchen giff verbréngen.

No deeër Adoptioun , misst deejéinegen dann zwee Biller,
déi mat der Posch gemat gi sinn, hei op PG weisen.

Eng Posch bei enger "Porträt Session" am Studio,
eng schéi "Panoramalandschaft" mat Posch,
"Urbex" souwisou ;) ananan

an ???
ZerberuZ 23.11.2010 - 22:53
LOL dei idee ass esou strange dass se mer einfach nemmen gefaellt bigsmile
suraki 24.11.2010 - 00:00
kucke mer mol wat draus gëtt closed_eye
VeloBen 23.11.2010 - 23:01
Nice idea! bigsmile
suraki 23.11.2010 - 23:59
smile
Gaga 23.11.2010 - 23:49
dat get et dach schon fier petzien, also stoffdeieren, wous de fotoen aus aller welt kriss ...
mais eng genial idee fier PG ... mais firwaat eng posch ?
e Brell vum marc ... oder dem Shanti sein Zilinderbigsmile ... oder nee ... ech soen elo naischt mei !
smile
suraki 23.11.2010 - 23:59
ech fannen eng Posch besser, e Brëll stéchs de einfach an d' Täsch an du gëss net blöd ugekuckt wann de duech Groussgaass Streete gees. Mat enger aler rëffeger Posch ass dat scho vill méi interessantbigsmile
Ok se ka jo eng Kéier gewichst ginn.
Zampano 24.11.2010 - 07:31
nene, wenn dann muss sie schon im Originalzustand bleiben
Gaga 24.11.2010 - 11:47
lol, ech kann mer schon denken wei oft Bomenalarm ausgeleist get wann een mat enger Posch duerch t'Geigendtreppelt an se dann schein op enger Plaatz plazeiert fier se ze knipsen !bigsmile
suraki 24.11.2010 - 12:29
mmm ... jiddereen kritt och nach en Platz virginn Marco,
wat wëlls de Gare oder Fluchhafen hahaha
suraki 24.11.2010 - 12:27
ja Andy closed_eye
McQueen 24.11.2010 - 11:20
@ Gaga:
d'Amelie Poulain huet daat mam Gardenzwerg gemach smile
Gaga 24.11.2010 - 11:48
richteg, t'Idee as am fong sou aal wei den Ed ... nee, villeicht net graat esou aal, mais gut as se bliwen, genau ewei den Ed ! closed_eye

http://www.huffingtonpost.com/2010/11/12/paris-fur...
suraki 24.11.2010 - 12:31
Spillverdierwer ! tongue
suraki 24.11.2010 - 12:31
do ginn ech elo mol kucken smile
Jeanny 24.11.2010 - 06:49
do ass jo eng Edy ???
eng cool Idee, ech maache mat smile
suraki 24.11.2010 - 12:32
ok, ech besuergen eng Uuuural closed_eye
Zampano 24.11.2010 - 07:32
bin dabei...
suraki 24.11.2010 - 12:32
gutt smile
xaph32 24.11.2010 - 08:28
ok, sin dobai
suraki 24.11.2010 - 12:32
jahhh smile
Schluck 24.11.2010 - 09:54
Sin dobei ... eng Posch op engem Concert ...
suraki 24.11.2010 - 12:35
jippiiii mer sin un smile)))))

des Woch kréien ech keng Zäit, ech besuergen eng richteg aal, déi eng oder aner Platz kennen ech jo nach . Maachen dann zwee Biller dermadder, an stellen se hei an. Dono krit de Gaga se ... hien war den Eichten, ( Fluchhafen Gaga ? ;)bigsmile ) fir weider ze machen.

Déi flottst, wann de ganze Site hei duerch ass, gëtt geküertbigsmile

Walfreyja 24.11.2010 - 14:12
wéi laang därf een se dann haalen ?
1 Dag ? 1 Woch ? 1 Mount ? ...
suraki 24.11.2010 - 16:16
dat ass jo alles nach an de Kannerschong Walfreyja, fir Allen eng Chance ze ginn déi interesséiert sinn fir matzemaachen, giff ech mengen dat en se maximal dräi Wochen däerft halen.
Wann déi eicht Biller dervun online sinn , ech weisen d'Posch , (... kann awer och eng kleng Valise ginn ?), natierlech virtéicht hei um Site als Bild, ... kann jo jiddereen schonns e bësse plangen ewei en se duerstelle well.

Et soll just kée Porträt vun enger Valise oder Posch gin, se MUSS an e Bild agebaut (a net kopéiert ! ) ginn

gtaddei1 24.11.2010 - 17:41
Ganz Harsh , mé dat ass elo eriwer ; D'Dokteren sinn elo nés um Dill ... mé elo kennt den OKEBELL (OGBL) un d'Rei fir den Dokteren ze soen ewei se sech endlech mussen behuelen vis à vis vun den Spidäler
Nu jé 2010 est l'année du médecin
suraki 24.11.2010 - 17:54
et gëtt deck Zäit dat elo emol een kennt den iech seet ewou et higeetbigsmile
mä l'année du médecin ? ech wées esou richteg, .. fléit l'année du personnel médical, ... d'Chefdokteren hu knapp e puer Woche gestreikt, an Spidolspersonal huet elo mëngtelaang drun ze knaen, né? closed_eye
gtaddei1 24.11.2010 - 18:12
Jo du wés wuel net ewei dat gét an engem Spidol.... de Personal sinn der 1500 an d'Dokteren 170
De rapport de force ass wuel net gerecht
De Personal huet seng Pai an den Dokter ass én Liberalen... dat passt saumeissech bei en nén ... smile
Jo dén én haellt no 8 Stonnen Arbecht op , an den Dokter bleiwt do , mat oder ouni personal.
Nu jé , iwerall ginn et indisziplineierter , awer dann iwerall! esouguer beim OKEBELL lol
Chefdokteren ginn et net ... nemmen Dokteren... mé et ginn esou vill Chefpersonal (cf den artikel vum Dr Thill am telecran... eppes ganz guddes me awer dann wirklech esou flott... den Typ ass Goldwaert!)

Et ass én Binom : Dokter Personal ---- mé do sinn der nach ëmmer dei ennert engem Minderwaerteschkétsyndrom leiden ... ennert dem Personal ... an et ginn nach e puer Matusalemmen ennert den Dokteren dei sech fir Gott halen smile smile
suraki 24.11.2010 - 18:28
Gennaro, ech hun 115 Séiten vun dém "Projet de loi" do duechgelies, an kann soen, .... ech hu néicht verstanen, guer néicht !! ,... ok fléit ganz ganz ganz e bessen smile
Kann also elo guer net matschwätzen unhappy .... ech freeë mech awer schon op méin ofgesotenen rdv beim Zänndokter, deem ech am Januar ka nokommen closed_eye
gtaddei1 24.11.2010 - 19:10
Né ech hunn net vum Projet de loi geschwaat mé vum OGBL Delegeierten dén um radio geschwaat huet .... dén well elo , noom Minister , alles aenneren ...
Den huet gesoot dass d'Dokteren vill onnezt machen , ass dat wouer? Ech ginn net mei dohinner! also bei den Dokter ! Dén mecht mir wat ech net brauch an dann bezuelen mir mei Krankekéés!
Genial ... dén huet gutt geschwaat.
Dat huet schon eppes mat denger Foto eppes ze dinn well dat ass eng Dokter Posch ... do wou den Dokter nach eng Institutioun war elo ass et nach eppes "waat steiert".
Nu jé
suraki 24.11.2010 - 19:30
wat hues de erwaart Gennaro, et ass eng Partéi .? Et ass awer och déi eng oder aner Wouerecht drun !
Léien zwee Patienten op der Rea, muss gesot gin wou se dorno sollen hikommen, eicht oder zweet Klass, Enzelzemmer oder all dée Quatsch. Wielen se verschidden, deen een also d'High Society den aneren de Pöbel, ... a steiwen se dann Allenzwee , da muss déen een , ... wéivill Méi fir alles bezuelen? .... obschonns d'Local an de Wiert déi nämmlecht waren.
Dat an nach vill aner Saachen si net der Réi.

Awer och heibäi, .... wées ech net genuch fir kenne matschwätzen closed_eye

Zur Posch , also eng Docterposch , ... cool , dann ass den Titel jo mol gutt gewielt. Eng Wanderposch , .... déi wandere jo lo all ausbigsmile

merci och nach fir de Fav Gennaro smile
gtaddei1 24.11.2010 - 19:52
Né dei kommen all bei ais!
1Klass? Dat ass d'Soziteit dei dat wellt. An wann sie keng kreien dann fengen Blaerrereien unn! Den Dokter huet neischt domaden ze dinn wann d'Assurance Prestaplus hinnen dat ausbezuelen ... oder geifs du se nett huelen ... also ech net!
NA ja 1 Spidol as gutt wann d'Haam gutt ass, wéste daat?
" Ech kommen net mei hai hinnen,,,, d0Iessen war schrecklech"! voilà ! 90% fun den Insatisfactiounen
Awer wann d'Iessen net gutt war an den Dokter 1A dann ass alles schlecht ... woar den Dokter schlecht an d'Iessen wa gutt dann war alles gutt!

Hey Jang wei war deng Vakanz?
Immens! Mir hunn giess an gedronk
An wat hueste esou gesinn
Flott sachen am Moarkt dat huet alles esou lecker ausgesinn

Voilà d'1scht Klass¨
Dann ginn et awer Idealisten wei du an villeicht ech
smile
suraki 24.11.2010 - 20:28
so,.... ass d'Haam wierklech bei iech do hannen esou gutt ?,
wien weess "un homme averti en vaut deux " bigsmile


ok Ween well nach eng Posch fir e puer Wochen smile))))

gtaddei1 25.11.2010 - 00:10
Ech hunn och eng ... Bääbigsmile
suraki 25.11.2010 - 12:18
smile
Miisamm 24.11.2010 - 23:28
Dat ass jo wirklech mega witzeg idee, an domm dass den ZErberus se haut net haat closed_eye
suraki 25.11.2010 - 12:18
déi hätt op allefall dohinner gepasst closed_eye
merci Miisamm
Zampano 10.12.2010 - 12:18
was ist jetzt eigentlich aus der Reisetaschen Aktion geworden?
suraki 10.12.2010 - 14:54
ich werde diese Woche ein Bild von der Tasche machen,
dann wird sie zu Schluck auswandern, der sie nachher an
Jeanny weitergeben wird, ... danach ich noch alles offen smile

Start also in den nächten Tagen closed_eye
Zampano 10.12.2010 - 15:19
ok Cheffe

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 332 Gäscht online