Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

De Wutz

 
De Wutz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.11.2010
  • Gekuckt:
    20319
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    120 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    495x800
  • Späicherplaz:
    156 KB
  • Originaldatum:
    2010:11:23 19:15:18
  • Fotoapparat:
    NIKON D5000
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50924]
Kommentar vum Fotograf:
wollt emol eng kéier, eng Peruanerin vun hannen weisen, well oft maachen de kleng Konschtstécker mat hiren Hoer...
Zora 23.11.2010 - 19:34
Hun mol eng Fro zou deenen Leit do, firwaat sin dei emmer esou fuarweg ungedoen???
Poly 23.11.2010 - 20:31
jo dat ass eng Philosophie, hu mer emol soen gelooss dat zb Beispill a, Asien, respektiv Indien, d'leit all esou fuerweg ugedoen sinn fir e bëssen eng aner Atmosphère an hiert oft trist "dasein" ze bréngen, an och eng Saach vu Religioun, fir den ënnerscheede an de Faarwen ze bréngen, wat zb ganz oft an Indien de Fall ass..
eng interessant fro, mä leider kann ech der och net mäi dozou soen, villäicht de google closed_eye
Zora 23.11.2010 - 20:40
Jo merci, ass jo schon ganz gudd erklärt, ass mer ebend ob dengen Biller obgefall, an hun mer geduet d'ass daat een Hannergrond muss hun, ech google mol, merci closed_eye
Poly 23.11.2010 - 20:41
smile
suraki 23.11.2010 - 19:37
erëm flott a schéi faarweg,
Poly eng schwaarz Rumm erënnert mech ëmmer un en Doudebild, as awer wahrscheinlech nëmmen en Perséinlech Saach closed_eye
An dat vun engem deen de Gros vu senge Fotoen verrummt a vergarrelt, ech wollt der just zevirkommen bigsmile
Poly 23.11.2010 - 20:22
jo ech hunn och jons oft iwwer dat Thema rumm de kapp zerbrach,
hun se gekuckt mat rumm an ouni rumm, an ech fannen dat eng rumm Foto fäerdeg mëscht,
natierlech hänkt et och oft vum Sujet of,e Kannerporträt gesinn ech net, weist de sees mat enger schwaarzer rumm, dann ass et fir mech en Doudebilt, do hues de recht, do giff ech zb eng wäiss maachen mä fir mësch, mëscht eng rumm Foto fäerdeg, wei bei engem Tableau,
ka mer kee Van Gogh ouni net virstellen, e Picasso jo,
hu mech jons an Fotosausstellungen inspiréiert , wou ech nach net bal eng Foto ouni gesinn hunn
mä du hues en interessanter Thema ugeschwat, dat wir jons e Forum wäert smile
suraki 23.11.2010 - 20:44
jo Poly du heels mer d'Wieder aus dem Mond, ech setzen och ëmmer debéi a soe mer, soll ech dës Kéier keng maachen? Ech kommen och ëmmer erëm op dat nämmlecht Resultat.
Am sch/w , wann een vill Biller weist, hëllefen d'Rummen, wann et ëmmer déi nämmlecht oder ähnlecher sinn aus dem Ganzen eng "ronn" Saach ze maachen.
Kuerz ... ewéi du geschriwwen hues, ouni geet et nëmme ganz selten (bei mer closed_eye )

Mä wat wäerte mer der elo op d'Ouer kréienbigsmile
Poly 23.11.2010 - 20:55
ech fannen esouguer dat net oft genuch déi "Saach" mat der rumm ugeschwat get, wou jo awer sos als Stëbskär(gottseidank) ugeschwat gëtt smile
fir mech fannen ech dat e gudden Ustouss zu enger Diskussioun wir smile
suraki 23.11.2010 - 21:02
loss mer mol kucken wat nach aner Useren hei ze soen hunn.
Get bestëmmt interessant nach aner Meenungen ze liesen closed_eye
Maimonides 23.11.2010 - 21:19
Wann ech eng Rumm gesinn, Ed,
dann denken ech ëmmer fir d'éischt
un 1 Meter:
fir ze moossen an d'Mëtt ze fannen.
Wou klappen ech elo den Nol dran ?
suraki 23.11.2010 - 21:25
ok, flott den Owend hunn ech emol gutt gelaacht,
eng kleng Kompensatioun vu mengem Daach haut smile
Poly 23.11.2010 - 22:57
closed_eye
Jeanny 24.11.2010 - 06:57
Freier hat bal all Foto eng gezackte wäiss Rumm, fannen dat esou schéin, oft mécht eng Rumm eng Foto fäerdeg.
eng schwaarz Rumm ass fir mech traureg.
deng Foto ass wonnerbar Poly,
Poly 24.11.2010 - 12:40
merci Jeanny smile
Maimonides 23.11.2010 - 21:15
Exzellent, Poly,
di do, a bal abstrakt.
An den Titel och.
suraki 23.11.2010 - 21:20
Charel, du bass de Picasso ouni Rumm closed_eye
Maimonides 23.11.2010 - 21:30
Fir zweet, Ed,
gesinn ech eng Rumm als Grenz,
als Limite:
gehéiert d'Rumm
zum Hannergrond,
oder zu der Foto ?
suraki 23.11.2010 - 21:58
eng Rumm mëscht d'Verbindung tëscht der Foto an dem Hannergrond,
du kanns net eng Serie déi harmonesch soll wierken, an zwee grondverschidden Emfelder weisen. Et wär fléicht interessant, mä et giff eppes (komplett) aneschters weisen. ... meng Meenung
Maimonides 23.11.2010 - 22:16
Dat stëmmt, vir eng Serie.
Fir eng eenzel Foto misst eng Rumm awer och un den HG ugepasst ginn. Di nämlecht Foto, fir an den Album, hei gewisen, oder fir an eng Ausstellung: huet déi di nämlecht Rumm ?
suraki 23.11.2010 - 22:53
ech denken souwisou ëmmer an Serien, och wann ech hei meeschtens nëmmen Eenzelbiller weisen. Dat klengt elo fléit arrogant, as et awer net! Fotografie ass fir mech eng Geschicht a Biller déi zesumme muss gewise ginn.
dat kann awer och elo eng Serie vun Hippches an Happches sinn, an Charel ech vergiessen och d'Bild wat eenzel an der Stuff hänkt net, a schléissen dat do aus smile
An engem Album ass dat natierlech quatsch a kitscheg, woubäi et hei op der Säit awer erëm flott kann sinn
Maimonides 24.11.2010 - 20:36
..."eng Geschicht a Biller", Ed,
esou gekuckt sëtze mir
dann well bal am Kino...,
a waarden op d' Glacemadame...

closed_eye
suraki 24.11.2010 - 20:45
Popcorn smile)))
Maimonides 24.11.2010 - 20:30
...awer nëmmen well ech net weess wéi een déi mécht, Ed.
Heiansdo hunn ech schonn un eng Rumm geduecht, awer dat war mir ze vill komplizéiert.
suraki 24.11.2010 - 20:34
du muss souwisou emol erof kommen, da kucke mer dat closed_eye
Poly 23.11.2010 - 23:00
merci, dat freet mech ,
munchmol denke ech mer, op dat net ufänkt langweileg ze ginn, wann ech erëm esou Sujeten eroplueden(vu menger Rees)
suraki 24.11.2010 - 12:43
dat dote get net langweileg closed_eye
Poly 24.11.2010 - 17:42
oh jo, dat doen ass de Nol op de Kapp getraff,
gutt dat de site op lëtzebuergesch ass, sos giff et nach eng international... affaire à suivre ginn smile))
JohnJ 24.11.2010 - 08:01
ganz flott
Poly 24.11.2010 - 12:41
merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 347 Gäscht online