Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Camouflage

 
All Fotoen an dëser Serie:
11517 Thumbnail
11518 Thumbnail
11519 Thumbnail
11520 Thumbnail
Camouflage
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.11.2010
  • Gekuckt:
    36446
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50913]
Kommentar vum Fotograf:
Sou mol dei lescht Serie vu mär aus dem Roude Mier, dess keier iwert Camouflage Verhaalen vu verschiddenen Fesch.

Nr.1 as e Feierfesch (Tête de Lion)
Nr.2 an 3 e Skorpiounsfesch
Nr.4 e Steefesch, dee läit de ganzen Daag um Buedem a ward drop dass e Fesch e lanschtschwemmt fir en ze buffen, hei op der Foto as e lo relativ gudd ze erkennen, mee a Wierklechkeet as et guer net evident. (en as sou mat daat geftegst waat rondremschwemmt eben doduerch well e net gudd schwammen kann a sech doduerch verteidegen muss. Hun eng Keier gelies, dass wann ee gepickt gin as a kee Géigegeft do wier, een dei betreffend Kierpartie misst a kachend Wassser haalen, also ier Aua oder Hops goen)
Walfreyja 23.11.2010 - 09:45
Wow - dei sin jo wiirklech kaum ze erkennen ... an wann een sech virstellt dass et donidden eigentlech och zimmlech däischter ass ... do muss een entweder e Gefill/en Aa dofier hun, oder gesoot kreien wou een muss hi kucken fier Fotoen ze maan

Schéin !
Locke 23.11.2010 - 10:07
merci smile kritt een tatsach irgendwann e Gefill dofir, mee bei mär as just de Problem, dass ech dei dooten fannen, mee e Nemo fir d`frecken net, an dei sin jo net ze iwersin closed_eye
Walfreyja 23.11.2010 - 12:23
Nemo ass langweileg, dei doten sin vill mei interessant closed_eye
Locke 23.11.2010 - 12:25
eyyyyy nie eps geint e Nemo bigsmile dei sin toll, pötzen alles un waat sech op manner wei 5m hierer Anemon nähert smile (egal wei grouss et as) bigsmile
suraki 23.11.2010 - 12:36
hehe kommen se mat Schléider, David géingt de Golli
Locke 23.11.2010 - 12:37
lol, nee dei kommen dech tatsach deck tapfer an den Arm petzen smile
suraki 23.11.2010 - 12:42
ech hat emol Cichliden an engem Aquarium setzen,
déi och kee fatz gefaart hunn an hier Kleng dech
verteidegt hunn closed_eye

déi Stéefesch kanns de halen unhappy dé lauert just do fir ,
dat een op en trëtonguepelt an dann .. hops geht
Locke 23.11.2010 - 13:49
jo dei Steefesch sin tatsach net sou schéin closed_eye mee emer awer rem toll wann een een entdeckt (war iwregens deen eischten an eenzegen dee mär fonnt haaten) closed_eye
Nemo 23.11.2010 - 12:47
Waat heescht he "Nemo as langweileg" ?? Lo geet et awer duer !! bigsmile
Locke 23.11.2010 - 13:50
Jo Steve, Menschekenner quoi bigsmile bigsmile bigsmile
Walfreyja 23.11.2010 - 14:04
Uuuuups !! bigsmile

ech mengen natiirlech nemmen dei oranje Nemo'en dei do sou ronderem schwammen
Nemo 23.11.2010 - 14:23
Jo jo, déi hu mer gear !! bigsmile
McQueen 23.11.2010 - 13:56
"mee e Nemo fir d`frecken net, an dei sin jo net ze iwersin "

coolen Text....paddelt deen net e puer meter virun oder hannert dir ?
Locke 23.11.2010 - 13:58
lol, nee dei si jo sou schein fuerweg, a meeschtens setzen se an hierer Anemon, bis de se eben nerven gees fir eng Foto ze maan, da komme se rausgeschoss fir dech ze pötzen bigsmile de problem as just emer sou eng Annemon ze fannen ;)

/edit: ok ech sutz op der Leitung bigsmile bigsmile bigsmile bigsmile
Zampano 23.11.2010 - 11:50
die Chamäleons der Unterwasserwelt!!!

Super Serie Locke...
Locke 23.11.2010 - 11:53
Dankö smile
McQueen 23.11.2010 - 12:46
Waat hues du do geknipst ? ech gesin neischt ausser Steng !!!

bigsmile nee seriös, wei emmer --> schéin Fotoen aus dem Neptun sengem Reich...
Locke 23.11.2010 - 13:48
lol, merci smile
Nemo 23.11.2010 - 12:47
Bien bien Figlio !! closed_eye

Demnext maache mer et anescht, du tauchs no riets an ech no lénks.

Da brauch ech mech net méi opzereegen wann ech net sou vill Zait hun fir méng Fotoen ze bearbechten wéis du, an all Motiv da schon hei um Site gepost as wann ech bis kommen.....:-P

As ugaang mat der Nemo Serie a lo och nach de Stonefish, geet jo guer net....smile


Locke 23.11.2010 - 13:48
lo feier keng op dofir hues du eng antsänneg vum Hammerhai closed_eye meng as jo just na gudd zu Dokumentatiounszwecker bigsmile

an ausserdem, de Skorpiounsfesch haat ech bei der Nuetsplonge entdeckt, wanns de dech erenneren kanns bigsmile :P
Nemo 23.11.2010 - 14:22
Egal --> du no RIETS an ech no LENKS !! smile
Locke 23.11.2010 - 14:31
Ennen an uewen geet awer och tongue
Locke 01.12.2010 - 16:49
mee moment, do fällt mär na eps an, du kanns o rem bei den Dr. goen an ech gesin dann e Mola Mola bigsmile bigsmile bigsmile bigsmile bigsmile

(mee natierlech keng Knipps matgeholl, wei kéint et o aanescht sin) ;)
g3ckko 23.11.2010 - 14:24
Top wei emmer smile
Locke 23.11.2010 - 14:31
Messi Härzi smile
sylvie 23.11.2010 - 17:36
Ganz flott ! Top ! smile
Locke 23.11.2010 - 18:03
merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 379 Gäscht online