Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Waschtag
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.11.2010
  • Gekuckt:
    18910
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    +/-0,0
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    98 KB
  • Originaldatum:
    17/02/2009
  • Fotoapparat:
    Alpha 700
  • Programm:
    A
  • Objektiv:
    Minolta 28-105
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50414]
Kommentar vum Fotograf:
gtaddei1 07.11.2010 - 12:16
Esou huet och meng Mamm an meng Bom d'Waesch gemét.
Herrleschen Opbau (mé dat brauch ech dir jo net ze préciseieren)
Miau 07.11.2010 - 19:26
Merci Genaro
gtaddei1 07.11.2010 - 20:28
Willy, gennaro mat 2 nn
Miau 07.11.2010 - 21:28
Sorry...
gtaddei1 07.11.2010 - 22:52
smile
Miau 11.11.2010 - 12:38
Felicitatioun fir Dei Preis beim "Charlemagne" Gennaro
gtaddei1 11.11.2010 - 17:24
Merci Willy ... ech war schons frou .
OK-Photography 07.11.2010 - 14:05
schued dass et just een Schnappschoss as,

eng Plaatz an eng Kultur fun souwait wesch gin engem dMeiglechkeet een Koup interessant Motiver ze fannen, allerdings dierf een trotzallem net vergiessen dass eng Foto méi as wei just den Knätonguepchen ze drecken! closed_eye
Maimonides 07.11.2010 - 16:57
Wann de Knaeppchen net gedreckt gi waer, dann haette mir mol kee Bild.
An eleng d Garderobe ass schein: 1 Staerekleed mat der Sonn um Kapp.
Eng Allegorie wei eng aaner...
an eleng duerfir, Miau,
ass des fir mech
eng super Foto.
gtaddei1 07.11.2010 - 20:28
Ech wollt net den Blackpanther aentwerten ... du hues et gemét Charel...
Wat ass eng Foto dann wann net op de Knaepchen drecken... de richteschen Moment an d'Hand op der Richtescher Platz!
Maimonides 07.11.2010 - 22:08
Genau dat, Gennaro,
ass eng Foto.
Well wann se net gemaach gi wier,
kéint keen se verbesseren.
gtaddei1 07.11.2010 - 22:49
... an wannse fun d'emblé gudd ass dann speurt én vill Zait...
Wat ass dann eng Foto? Knippsen an ... an dann kniwelen?
OK-Photography 08.11.2010 - 10:42
hm...meng Aussoh war net dass een "net soll den Knätonguepschen drecken" - se war fillméi dass méi hannert enger Foto soll stiechen wei GEKNIPPS! (besonnech wann een en dankbart Motiv firun der Lens huet!!)

knipsen as net fotografeiren, knipsen as geféierlech, well et am digitalen Zaitalter sou fuerchtbar séier geet - en Usatz Iwerleeung an technechen Know-How muss och haut nach emmer do sin fir dass eng Foto entsteht! einfach den Knätonguepschen ze drecken geet do wierklech net duer, well an dem Fall entsteht een......Schnappschoss. (Och aus der Famill fun den Fotoen, stemmt, mee meeschtens eischter ennen an der Hierarchie unzesiedelen) closed_eye

Knipsen an Kniwelen...ech wees jo net....fir mech as do jo schon bessi méi derhannert......closed_eye
Miau 08.11.2010 - 11:20
OK, wann ech richteg verstinn hätt's du do an der Situatioun ganz einfach keng Foto gemeet mais ee "Konschtwierk", ech kennen Fotografen di ginn mam kompletten Studio op d'Rees a bezuelen déck fir Fotoen zu maachen, di Modeller ginn opgestallt a dann gëtt Knätonguepchen gedréckt...op eenzel Platzen kee Problem..probéier dat awer emol an een arabescht Land ...zemol mat Fraen..
OK-Photography 08.11.2010 - 12:12
hey
et geet net ëm dMaterial! et kann een och mat enger Kaffismaschinn iwwerlueten an flott strukturéiert Fotoen maachen...closed_eye
ech wollt amfong just soen dass ech mengen bei där Sonn, an den Faarwen, wier sécher méi erauszehuelen gewiescht wei dReckenusiicht vun enger Fra. dFoto ass enk beschnidden, gëtt wéineg Kontext, an ass (fir mech mol) am Endeffekt net sou interessant wei ech mer et (vun der Plaatz hier) kéint fierstellen.

Et ass oft eng Erausfuerderung eppes -méi- an eng Foto ze leeën, dat stemmt! smile

war hei wahrscheinlech net méi erauszehuelen, an mäin läschte Kommentar war och net direkt un dech geriicht closed_eye
gtaddei1 08.11.2010 - 14:39
Willy ech weilt mech mat erann meschen ...
Dear BP:
Ech fannen dess foto ass vum opbau vill besser ewei vill WocheFotoen anet huet vill mei ze soen ewei nemmen eng KaffisKahn ze Fotografeieren.
Et get Street Foto dei net poseiert sinn (wat am Fong bal emmer ass an Zeitungen ewei Geo, National Geographics asw) . Esouguer den Cartier Bresson sinn poseiert.
Hai ass alles drann , de schaluch dén de Wé uwiest, eng Ekzellent Gestioun vun der Luucht, De Moemnt drop gewart fir dass d'Sonn op de Sujet principal faellt (ouni PS an ouni NikSoft an ouni U-Point vun Capture). Also de Becken dén och am Titel eremmkennt!.
Eng einfach Foto dei die ganz Ambiance duerstellt. Ech mengen net dass de Willy des Foto einfach esou eropgelueden huet. Hien ass awer net vu Geschter mat de Fotoen.
D'Analyse vun enger Foto ass net nemmen den Eye Candy mat ze kreien mé d'Qualiteit vum Fotografeschen Language ze verstoen an ze beschreiwen!
Oder hues du net d'emblé verstaanen wat do fir Konditiounen herschen am Land wou di Foto hai geholl ginn ass?. Hien brauch keng Serie opzelueden.

Et ass just schued dass de PG eben eremm an nés emmer eng Klicken Kommunity ass! wou engt Konstruktiv Kritik net oft vierkommen.
All Foto ass schein an schlecht en même temps.

Voilà... ech sinn den Avvekot vum Willy mé vun deser Foto!
OK-Photography 08.11.2010 - 17:36
hmm - dann gin am Punkt fun deser Foto eis Meenungen ganz einfach auserneen!closed_eye
(daat as net schlëmm, an soll mol virkommen, bei enger Kommunity dei sech nun mol aus verschiddenen Lait zesummesetzt)

duerch dEroplueden war souzesoen eng MEENUNG zur Foto gefroot, dei hun ech gin...mei as nik geschitt! closed_eye

(zum fotografechen Language wees ech och weider naischt; et steet KEEN Kommentar fum Auteur derbai an et gesait een op der Fra hierer Stier leider net dass se an engem arabeschen Land lieft (vlait wier et och dowéinst besser gewiescht se vun fir ze gesinn?) - den Kontext hun ech réischt duerno zesummengesammelt kritt)

(waat daat mat den Klicken op sech huet dierfsde ma gären an enger Mail mei ausféierlech beschreiwen: oli@photogen.lu)


fannen awer dDiskussioun ganz interessant - merci fir dÄntwert! closed_eye
gtaddei1 08.11.2010 - 17:51
Eng Meenungsverschiddenhét ass einfach demokratesch an wann dei Vielfalt nitt do wier dan waer et awer wirklech stenk Langweilesch.

De Fotografeschen Language ass net den Language vum Fotograf... mé de respekt vun de Bildregelen. Dei sinn hai total respkteiert. Esouguer den farwenKontrast ass super.
Wou Lokation elo genau ass ... ass no menger Ménung och net esou wichtesch mé dat Bild erzielt villes... et muss én just Fotografesch liesen kennen (e bessi wei wann én eng Peinture kuckt an interpreteirt.
Jo , et ass wouer dass wann én eng Foto weist dass fir dat se soll gekuckt , appréciert oder och net ginn. Mé et ass wouer dass den Auteur d'Kritik akzepteiert oder och net ... an dat ëmmer an dém hien alles justifizeiert soss ass et effectivement en Arroganten.
Klicken ... vun Klick an net Knippsen.

Nu je ech gesinn oft dass dei nai e bessi op d'Sait geloos ginn, dass esou verschiddener sech nemmen un verschidden anerer ier Foteon interesseieren , an net én effort machen fir e bessi mei "Sozial " oder Kommunitär ze sinn... Schued. Mé bon et sinn der awer do dei vir jidderen do sinn wan sie angeloggt sinn !

Dat hat ech domaden gemeingt
gtaddei1 08.11.2010 - 17:52
Du hues recht d'Diskussioun ass interessant an och net schlecht komplex
Mol kucken wat de Willy an den Charel dozou ze soen hun
Miau 08.11.2010 - 18:37
vu fir wier di do Foto einfach nit mëiglech gewiescht...ech wees es aus Erfahrung...an mat ee wéinig Fantasie gesäit een dat d'Opnam nit an America gemaach gouf bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 467 Gäscht online