Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Château de Bourglinster

 
Château de Bourglinster
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.04.2006
  • Gekuckt:
    25654
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    2/1
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    53 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x520
  • Späicherplaz:
    492 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:06 19:40:57
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:
Stativ, Täschelucht

Fir anzesetzen: [pg_img=5006]
Kommentar vum Fotograf:
keen DRI, meng Serie fir DRI haat een klengen sprong.
ech huelen un, dass den Autofokus mir een strech durch rechnung gemach huet.huet een net besser den Autofokus auszeschalten fir een propren DRI hinzekreien?
ech wir frou wann eis spezialisten mir an der fro keinten weider helefen.
MERCI
amBesch 07.04.2006 - 15:35
Muss jo och nët ëmmer en DRI sin, d'Photo ass och esou ganz flott! Du hues wiirklech e gudde Moment ofgewaard, ët ass nët méi ze hell, an awer och nach nët ze daischter, just richteg fir méng Begrëffer.
Wat den DRI an Autofokus ugeet: war dat nët dat wat ech d'lescht nach zu dir sot? smile Froe mech och wéi een sech do am beschten uléet. Kann een bei enger DSLR de Fokus da nët fir eng Zäit "fest" astellen (nodeems den AF automatesch fokuséiert huet) ouni dass een lo den AF ausschalt?
alma 07.04.2006 - 15:57
et ass genau daat wou mir driwer riets haaten.
ech stellen mir daat sou fir dass du dei 1 foto mat autofokus scharfs stells an dann den AF ausschals, dann dierft jo neischt mei äneren. sin mi awer net 100% secher
Focus 07.04.2006 - 17:11
genau sou hun ech mir et mam AF och geduercht, an daat funktionéiert natiirlech.
Focus 07.04.2006 - 17:16
As ganz schein sou, mengen get awer am DRI nach e bescjen besser. Den Himmel kéint vir mech nach méi donkel blo sin. Net dat et vill waert änneren mä ech géif och prinzipiel bei sou enger Foto op den niderechsten Iso goen.
Das du t'Brék mat dénger Taeschenlucht sou hell kruus fannen ech mega!
amBesch 07.04.2006 - 17:39
bigsmile Mouhahahaaa ... Täscheluucht ... Bréck sou hell ...bigsmile smile Allerbescht bigsmile
kola 07.04.2006 - 17:19
Emol eng aner Perspektiv vun dem Schlass. Do hues du bestëmmt missen wait an de Bësch eropklammen fir déi do vue ze kréien; do kann een sëch mol seng Box futti rappen fir op déi do Plaatz ze kommen ;P
Ech fannen ët gudd dass du d'Foto geholl hues wéi ët nach nët ganz daischter war; mee waat mëch e bëschen stéiert ass, dass dat Schlass vun der do Sait mat zwou verschidden Faarwen Spotten belicht ass.
Dat mam AF muss du ausprobéieren, mee ech géif soen de Sprong an denger Serie kënnt éischter duerch Verwacklung vum Apparat oder dem Stativ.

P.S. Bei der Fënster an der Mëtt mengt een do géif e Fernseh kucken ;P
MarcGerard 07.04.2006 - 19:22

ech fukusséieren emmer, an stellen dann op manuell (bei DRI) oder et stellt een ëmmer net schaarf, mee eben nëmme wann ee sëcher ass dass de focus ëmmer op de selwechte punkt geet.

bei der Manueller method: wa méiglech de spigel eropklappen. dat kënnen déi wéinegst spigelreflexen. 't EOS mengen ech net. mee duerch den ausléiser kann den auszuch ëmmer e bessi vibréieren. duerch 't eropklappe vum spigel ass déi gefor méi kleng.

smile firwat dann tescheluucht???
alma 08.04.2006 - 10:19
de spigel haat ech souwiesou erop geklappt an suguer mat selbstauslöser hun ech geschaft. ech mengen daat bescht ass dei 1 foto AF an dann op MF emmschalten. ech probeieren daat dem nächst.
MarcGerard 08.04.2006 - 21:57
genee...
alma 10.04.2006 - 09:36
firwaat tescheluucht --> fir net am pickendroht hänken ze bleiwen.
huet awer leider neischt geholef smile
Jean-Jos 17.04.2006 - 13:51
einfach schéin; ech war mam Junior emol am Daag op enger ähnlecher Plaz fir den Terrain ze sondéieren...
am iwwregen, dat mat der Täscheluucht verstin ech ganz gutt closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 436 Gäscht online