Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Le regard

 
Le regard
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.10.2010
  • Gekuckt:
    49991
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    225 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.333333333333 EV
  • Gréisst:
    449x700
  • Späicherplaz:
    261 KB
  • Originaldatum:
    2010:10:04 00:00:01
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49517]
Kommentar vum Fotograf:
Des Foto hun ech an Thailand an enger Schoul geholl, déi méng asbl ennerstetzt. Et ass eng Schoul fir Flüchtlingen aus dem Burma, déi wann se géifen zreck an Burma goen, erschoss gin, soubaal se gesin gin.
Déi Leit hun keen Pass, keng Pabeiren, naicht... Hier Situation ass leider zimmlech hoffnungslos well se keen Schrett kennen no vir goen: fir Pabeiren ze kréien muss een Pabeiren hun. An fir déi Pabeiren ze kréien brauch een rem aaner Pabeiren, déi sie natirlech och net hun.
Dir kennt den "Däiwelskrees" vun der Bürokratie.
Dest Meedchen war déi bescht Schülerin an der Schoul et get sech emmer am beschten drun an schafft immens haard (seet den Schoulmeeschter). Leider bidd sech keng grouss Zukunft fir hat un, well een nämlech, wéi gesoot, ouni Pabeiren net wait kennt, och net an eng staatlech Schoul. Him bleiwen also dli meescht Dieren zou.
Trotzdem hoffen ech vu ganzem Haerzen dass op hat net dat selwecht Schicksal waart wéi dat vun séngen Elteren; Nämlech 16-Stonnen Deeg op den Orangen- an Rais-Plantagen ze schaffen. Seng Elteren, wéi all déi aaner Flüchtlingen och kréien nämlech en salaire deen den Groussbesetzer esou bestemmt wei hien sech grad fillt, oder wéi en grad Loscht huet. Wann se eng Kéier 2 Méint naicht kréien, dann kréien se naicht.
"Meckeren" oder eng aaner Schaff sichen sin leider keng Optiounen; et ass dem Groussbesetzer nämlech ganz einfach gemaach se auszelieferen un den thailänneschen Staat, vun deem se dann zréck an Burma geschéckt gin...
An dat ass secher deen leschten Wee deen se wellen goen...

Ech hoffen d'Foto gefällt Ierch.
Buddha 04.10.2010 - 20:26
WEG den Kommentar liesen!
suraki 04.10.2010 - 20:46
an deen mëscht nodenklech !!
eis grouss Problemer sinn momentan den Index ...

en schéinen Portrait smile
Buddha 04.10.2010 - 23:21
Jo ech mengen sie hätten och léiwer hieren probleem wier den Index...
Merci
Poly 04.10.2010 - 20:59
na ja ech denke mer dat Meedchen huet nach e puer Schouljoeren virun sech, dass bis dohin nach muench Problemer geléist ginn.
schéine Portrait
Buddha 04.10.2010 - 23:21
Hoffen mer dat alt...
Merci
mischii 04.10.2010 - 21:03
e bedréckende Bericht, ech ka lo mol soss naïscht maachen wi d'Daimercher drécken
De Portrait ass wonnerbar
Buddha 04.10.2010 - 23:22
Villmols Merci,
d'Daimercher drecken ass natirlech gudd, op dat hinnen vill helleft... Ech HOFFEN et!
Gaga 04.10.2010 - 22:00
en ganz flotten portrait, deen awer duerch deng geschicht nach mei tragik an nodenklechkeet erbai rift !
Fierwaat schecken mer do keng Zaldoten hin, fier deenen Leit ze hellefen ?
ah jo, do as keen Petrol ! :/

passt net 100% an d'Thema, mais kann een roueg mol kucken:
http://www.youtube.com/watch?v=SHihBsS03Sw&p=A...
Buddha 04.10.2010 - 23:32
Hun elo deen eischten Deel gekuckt! Ass wieklech net schlecht. Sin elo midd, dei aaner Deeler gin muer gekuckt. Villmols merci fir dain kommentar an deen interessanten post. wieklech ganz interessant! smile
Gaga 04.10.2010 - 23:35
et get naischt besseres wei satire, an wann se dann nach esou gut as wei dem Pispers seng ... einfach top !
"Ich zitiere Angela Merkel" ... "ja, ich hab noch keinen besseren weg gefunden mich über diese Frau lustig zu machen" bigsmile einfach de glanz !
Buddha 04.10.2010 - 23:47
Haha jo bei deem passage hun ech och heiheem missen haart virum schierm laachen smile
Jeanny 05.10.2010 - 07:22
et gëtt nach vill Elend ob der Welt,
e ganz flotte Portrait vum Meedchen, ech hoffen , dass et, e besser am Liewe kritt
Buddha 05.10.2010 - 07:39
Villmols merci jeanny!
Jo ech hoffen dat wierklech och!
m-otiv 05.10.2010 - 10:25
ganz schéine portrait
Buddha 05.10.2010 - 12:32
Merci Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 331 Gäscht online