Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

leider ...

 
leider ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.09.2010
  • Gekuckt:
    33600
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/2000 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    18.098 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.333333333333 EV
  • Gréisst:
    701x1051
  • Späicherplaz:
    641 KB
  • Originaldatum:
    2010:09:29 17:21:20
  • Fotoapparat:
    Canon PowerShot G11
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Déieren »» Hausdéieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49351]
Kommentar vum Fotograf:
... keng sch/w ...
gloda 29.09.2010 - 17:43
Klappt och gutt am faarwegen. D'Strukturiwwerlagerung dréit och nach eemol e bëssen zur Stëmmung bäi.
suraki 29.09.2010 - 18:01
@et klappt och ....
ech hunn mech wierklech gefrot, op ewéi am sch/w, och an der Faarf d'Stëmmung ëmzeschloen ass. Mam Resultat sinn ech awer nëmmen
halbwegs zefridden, ech misst méi Dachs een niewent mer hunn dee
mer seet, komm et geht elo duer, hal op dat gëtt ze vill closed_eye
merci gloda smile
Shantideva 29.09.2010 - 18:03
Do wënscht een sech jo schon bal och sou een Liewen ze féieren. bigsmile Mir gefält se och gutt sou. Schéin Luucht mat engem flotten dramateschem Himmel iwwert deenen lidderegen Kéi.
suraki 29.09.2010 - 18:40
... ewéi Gott a Frankräich smile
Nicon07 29.09.2010 - 18:06
Irgendwéi iwwerweit d'Wollek, oder, wéi soll ech soen, si dominéiert, si spréngt aus dem Bild, si schaimt iwwer, sou wéi eng Casserole Mëllech, déi een op der warmer Kachmaschinn vergësst. Di wäiss Kéi stellen dofir ee gudde Pendant duer. An dann di desaturéiert Farwen, déi et jo sou kaum an der Wiirkléchkeet gëtt, maachen hei ee ganz speziellen Effekt, deen der Foto eppes Besonnesches gëtt. Ech weess net, ob et elo ze vill oder net genuch dees Gudden ass, ech weess juet, datt mir di Foto hei gefällt, well se méch am positive Sënn déroutéiert. Ech kucken se nawell gäre méi wi 3 Sekonnen... closed_eye

An hei mengen ech sin d'Farwen ee must. S7W kann ech mir net richteg virstellen hei.
suraki 29.09.2010 - 18:47
merci Nico, ewéi's du schonns sos, ouni déi hell Kéi wär d'Bild ënnergaangen. Ech hat probéiert se méi déichter ze maachen fir méi Detailer dran ze kréien, dat ass an d'Box gaangen closed_eye Déi Verglach mat der Mëllech , as .... herrlech !
gtaddei1 29.09.2010 - 19:37
Fir mech ass dei och super ... mé ech haett mir villeicht d'Kei e bessi ... awer dann och nemmen e bessi mei hell erwenscht.
suraki 29.09.2010 - 20:32
merci Gennaro, ech probeieren dat emol smile
Maimonides 29.09.2010 - 21:08
Nodeems ech deng Foto gekuckt, an déi éischt Kommentaren gelies hat, hunn ech mech erstaunt gefrot: "Wéi, sinn do och Kéi drop" ?
Bis dohin hat ech gemengt d'Wollek wär de Sujet (cf. Nicon07)!
D'Kéi sinn awer de Clou: e bësse méi donkel (de Gennaro seet e bësse méi hell), a mat e bësse méi Kontrast wär de Sujet besser definéiert.
An dann kéint een sech iwwer SW och nach Gedanke maachen.

Eng super interessant Foto, Ed.
suraki 29.09.2010 - 21:19
ech wées wierklech hei net, wat, wéi besser wär Charel. Schréipsen Flecken an en ale Flair sollt d'Bild vun Ufank un kréien.
D'Wollek ass esou ewéi ech mer se virgestallt hunn, awer ... d'Kéi, méi hell, hunn ech probéiert ... dann hunn se just nach Oueren an keng Ae méi.bigsmile
Méi donkel mat manner oder och méi Kontrast, da ginn se am Bild ënner an stiechen nach méi spéit, ewéi elo, an d'Ae.
E Bild Charel wou ech mer selwer net eenz sinn closed_eye

merci awer ! smile
Maimonides 29.09.2010 - 21:39
Mir sinn eis och net eenz, Ed,
a villäicht ass deng Foto
grad duerfir esou
super interessant.
gtaddei1 30.09.2010 - 12:32
Oh là ... haat mech geirrt .. wollt soen e bessi ze hell dofir e bessi mei donkel maachen... Pardon fir de Lapsus
suraki 30.09.2010 - 18:18
smile
Maimonides 30.09.2010 - 20:49
Ech hat mir dat well bal geduecht....
dr_kim_veis 29.09.2010 - 22:02
Faarwen veraarbechtung an teinung gefaalen mer super mais

ech fannen dass d'foto e bessen an zwee gedeelt as. Vlaicht geing et gudd kommen e quadrat draus ze maachen mat e bessen manner wiss, kei, baam and d'wollek nemmen am usaatz... wees net. just meng meenung.
suraki 29.09.2010 - 23:08
merci Dirk ! Ech mengen du hues Recht, ech hun elo probéiert,
a muss soen, am Quadrat geséit dat guer net emol sou schlecht
aus. ... dat manner Wiss kennt dem Bild och gutt.

Hun et awer elo net geännert well soss d'Kommentaren net méi stemmen closed_eye
Thx smile
dr_kim_veis 30.09.2010 - 05:07
kloer. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 466 Gäscht online