Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Klassesch Fouer View

 
Klassesch Fouer View
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.09.2010
  • Gekuckt:
    49349
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    2 sec
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    32 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    333 KB
  • Originaldatum:
    2010:09:09 22:46:18
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-105 f/4
Kategorie: Events »» Schueberfouer
2. Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=49046]
Kommentar vum Fotograf:
Merci un all déi déi fir meng Foto gestëmmt hunn :) Freet mech och mol eng Kéier e Konkuer ze gewannen.
gloda 18.09.2010 - 22:19
Congrats smile War och schéi faarweg. Ech hätt mer just eppes am Beräich uewen riets gewënscht. Vläicht en ganzen Tuer vum Airmaxx?
Johny 18.09.2010 - 22:25
Yes I agree. Ech hat nodréiglech probéiert Stären dran ze maachen, mä dat war mer herno awer zevill iwwerdriwwen kitscheg. Mam ganzen Tour dat ass näischt ginn, den Iso war schonn op 100, d' Blend wollt ech net nach vill méi zou maachen an méi wéi 2 sec beliicht dann war riets alles zevill ausgefriess, d' Luuchten etc. E bëssen méi wier sécherlech nach gaang, mee dat Déngen dréint guer net esou séier. Du hues awer eigentlech Recht smile
gloda 18.09.2010 - 22:32
Jo, wann een net drop sëtzt dann wierken déi ~100kmh net esou séier smile
Johny 18.09.2010 - 22:39
Et ass eben alles relativ, huet schonn e schlaue Mann virun e puer Joer gesot ... closed_eye
Maimonides 19.09.2010 - 00:39
Fir mech, Johny, mecht deen eidelen schwarzen Eck, uewe riets, de Charme vun denger Foto aus. Net well do naischt dran ass, mais well en de Raemmidaemmi ronderem ennerstraicht. Op dengem Bild ass esou vill lass dass Alles, wat nach derbai geif kommen, ze vill waer.
Meng (net klassesch) Felicitatiounen.
Johny 19.09.2010 - 00:57
Merci
pixelfern 18.09.2010 - 22:38
Tip top Gratulatiun
Johny 18.09.2010 - 22:39
Merci Fern
mmphotos 19.09.2010 - 00:21
Huet mer gudd gefall. Mee daat soot ech der jo schon wou ech nierft der stoung.

An daat waat den gloda iwwert den rietsen Eck soot, soot ech der jo och schon closed_eye

Trotzdem eng ganz flott Foto.
Johny 19.09.2010 - 00:58
"Trotzdem", pf closed_eye merci awer ... trotzdem!
Locke 19.09.2010 - 01:25
Gratulatioun fir dei 1. smile
Johny 19.09.2010 - 13:18
Merci smile
gi87 19.09.2010 - 01:55
Och Gratulatioun ! Top Bild !
Johny 19.09.2010 - 13:19
Merci
ekimlux 19.09.2010 - 06:14
(geläscht)
Johny 19.09.2010 - 13:19
Thanks smile
Shantideva 19.09.2010 - 06:47
Virun allem d'Muster wat den Airmaxx hei mécht ass Excellent! Du hues extrem vill Fouer op enkstem Raum gesammelt an domat och d'Essenz vun dem Chaos richteg gutt zu Virschäin bruecht.
Johny 19.09.2010 - 13:19
Souvill wéi méiglech Fouer drop ze brengen war amfong och wat ech vun Ufank u wollt, gutt dass et och esou riwwer kënnt smile
Keup 19.09.2010 - 12:01
Gratulatioun Johny. Ech fannen se wierklech gudd. Vill Faarwen an Beweegung.
Johny 19.09.2010 - 13:19
Merci
gtaddei1 19.09.2010 - 12:57
Sinn mat allem d' accord mais lenks geif ech e bessi riicht zeihen an esou liicht kierzen. Esou verschwend e bessi chaos an Den airmaxx ass nach mei present. Also esou haett ech dei gemeet mais bon ....
Johny 19.09.2010 - 13:21
Yes ech weess genee wat s de mengs, do war ech mer selwer net sécher ob ech et sollt maachen oder net an hunn et dunn herno awer si gelooss (wéi ee gesäit).
gtaddei1 19.09.2010 - 20:45
smile
Jean-Jos 19.09.2010 - 13:24
Tip-top Johny, do ass Musék dran!
D'Form vum Airmaxx kënnt super, d'Faarwen si richtég gutt.
Johny 19.09.2010 - 21:49
Merci
Maxx 19.09.2010 - 16:35
Congrats och vun mir, war och eng vun mengen Top-3. Stellt d'Fouer richteg flott duer, esou wéi se ass, faarweg an dynamesch, et fehlt just nach den Geroch.
Johny 19.09.2010 - 21:49
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 448 Gäscht online