Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stoney Sea

 
Stoney Sea
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.09.2010
  • Gekuckt:
    32978
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    hdr
  • Blend:
    f/hdr
  • Brennwäit:
    10mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x497
  • Späicherplaz:
    329 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon Eos 50D
  • Programm:
  • Objektiv:
    Sigma 10-20mm
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49018]
Kommentar vum Fotograf:
Déi éischten kéier dat ech mech un enger Schwaarz/Wäiss HDR probéiert hunn. Also am Fong iwwerhaapt déi éischten kéier dat ech hei eppes Schwaarz-waisses eroplueden... War an der Bretagne an hunn, fir bretounech Verhältnisser, extrem laang missen op en Dag waarden wou d Wieder méi schlecht war, eng ganz Woch haaten mer tatsächlecht just Sonn ;)
Nicon07 17.09.2010 - 20:37
Dann häss du missen d'läscht Joer an d'Bretagne goen. Mir haten do 14 Deeg nëmmen deses Wieder, an dat war op deene gudden Deeg... smile

Mais déng Foto gefällt mir vum Opbau a vun der Dramatik ganz gudd. Just hues du durch den HDR brdingt een Halo ronderem d'Kräiz. Dat ass awer hei an desem Fall net schlëmm, well d'Kräiz keng zevill dominant Plaz anhëllt a well et passt. Eng Aura ronderem ee Kräiz ass ëmmer gudd... closed_eye Wat méch just interesséiert: ass et ee richtegen HDR mat enger Bracketingserie op der Plaz oder ee Pseudo-HDR mat enger Beliichtungsserie aus enger RAW-Foto?
Mexx 17.09.2010 - 21:42
also den halo ronderm d kraiz, hun ech nodreiglech dobai gemat, deen ass net duerch den tounmapping komm, besi passenj schon op closed_eye hun fonnt d kraiz gif sos ze weineg rausstiechen, an besi an den wolleken ennergoen. Tatsächelech ass den ennerscheed zweschen Pseudo HDR an richteger an desem Fall zimmlech gereng, dat hei ass lo eng richteg, mee hat och eng pseudo probeiert an d ass keen dramatechen ennerscheed.
Nicon07 17.09.2010 - 21:49
Merci fir déng Äntwert.
Shantideva 17.09.2010 - 21:05
Boah... too much! Du misst eng Warnung dobäi schreiwen fir Leit déi Epilepsie hunn. Do kennt d'Ae jo net zur Rou. An, wéi den Nicon07 och schon seet ass een Halo em d'Kräiz duerch den iwwerstarken Tonemapping. An leschter Zäit ass ze vill HDR am SW op PG. Dat ass net gutt. Ech kann mir ganz gutt virstellen wéi en am Faarwegen ausgesäit. Less is More!
Mexx 17.09.2010 - 21:47
Ma hat se och Faarweg geplangt, mee wollt schon emmer eng keier sou eng high-contrast HDR man. Hun wei laang um tonemapping gespillt, an einfach keng contrast-stärkt fonnt dei mer richteg geschengt huet, dofir hunj se ropgelueden. An den "Halo" hunj nogemolt, well d Wollek sou donkel gin ass dat d Kräiz bëssen ënnergaang ass. Mee ech appreciéieren d Kritik closed_eye
TomEwert 17.09.2010 - 23:21
ech fannen dass och am sw en hdr kann schéin sin. par contre mecht fir mech grad ENG speziell an iwerluechten beliichtung (also keng 3 verschidden beliichtungen am bild) den reiz ausmecht. hei mierkt een leider einfach zevill dass en eng hdr ass... den halo gouff jo schons ugeschwat ... mech perséinlech stéirt dass den 1/3 drettel vum bild (viir riets) net schaarf ass.
Shantideva 18.09.2010 - 07:02
Ech mengen, du hues et besser formuléiert wéi ech. Mat SW kann een méi einfach een dramateschen Effekt hikréien wéi mat enger faarwescher Foto. Den HDR gesäit am SW heinsdo iwerdriwen aus. Ech hun awer selwer och schon SW HDR gemeet fir mat Luchtkontraster ze spillen. Awer hei wier wuel eng gutt kontrastéiert normal beliichten Foto besser komm, an net sou iwwerlueden. smile
gtaddei1 18.09.2010 - 02:02
Mmmh villeicht e bessi ze fill op deer foto. Den himmel ass flott awe villeicht mat engem mei enken cadrage geif d foto sech e bessen equilibreiren.
ChLo 18.09.2010 - 08:23
Ganz flott. Ech menge bei deem Motiv (Landschaft) bitt sech S/W un.
Ob jidder Fall hues du dat super hin kritt.


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 513 Gäscht online