Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ausgang

 
Ausgang
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.09.2010
  • Gekuckt:
    25877
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/1000
  • Blend:
    f/5,6
  • Brennwäit:
    240mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x672
  • Späicherplaz:
    391 KB
  • Originaldatum:
    02.09.2010
  • Fotoapparat:
    D300
  • Programm:
    manuel
  • Objektiv:
    70-300
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:
capture nx & ps

Fir anzesetzen: [pg_img=48996]
Kommentar vum Fotograf:
gesin zu Brugge
gtaddei1 16.09.2010 - 23:19
Oh la fir en Italiener brengt daat Ongleck
arwa 17.09.2010 - 08:09
erklär mol !
gtaddei1 17.09.2010 - 08:57
Also wann én eng Schwester dei Schwarz ungedoen ass dann geschitt engem neischt ... wann én der e puer begeint dei weiss ugedoen sinn dann muss én onbedingt sech enzweuch kratzen fir den Ongleck ze verdreiwen... an dat aller schlemmst ass: Eng Schwester (egal ewei ungedoen) an engem Grengen Auto ze fueren .... dann ass et eriwer ... et ass anscheinend Letal.
Aberglauben ... mé d'origine ass net kloer .
arwa 17.09.2010 - 09:57
Abéeeeee jo,
also, dei Italjeiner hu jo komesch Usiichten a Gebraicher
(kucken daat awer ((interessehalber)) mol no smile...)
arwa 17.09.2010 - 10:00
Abéeeeee jo,
also, dei Italjeiner hu jo komesch Usiichten a Gebraicher
(kucken daat awer ((interessehalber)) mol no smile...)

lies mol hei, a Polen as et sou: Wenn man Nonnen sieht, sollte man drei Mal über die linke Schulter spucken, da sonst Unheil droht.
gtaddei1 17.09.2010 - 10:19
Dat ass dann dat selwescht bei den Polen... et get jo gesot dass d'Polen dei selwescht sensibiliteit hunn ewei d'Biren
Jeanny 17.09.2010 - 13:10
a wann se, sou schéin ugedoe sinn, wei déi dosmile
Shantideva 17.09.2010 - 14:11
Dofir hunn déi ëmmer déi lénk Schëller sou besaut... bigsmile
gtaddei1 17.09.2010 - 15:17
Souvill gesinn mir der awer och elo nunn nitt. dei verstoppen sech an der Roll vun Hausfra, Businessfra, Botzfra awer religiosen ginn der nitt mei vill...
dei just virum Baam lenks gleicht esouguer menger Niece
Shantideva 17.09.2010 - 16:59
smile Jo, dat kéint Zoutreffen. An dat och nach zu Brugge als Nonne. smile
gtaddei1 17.09.2010 - 17:34
... an Ausgang smile
Jeanny 17.09.2010 - 13:13
a wou kommen däi dann hier, an esou vill, ech hu gemengt, haut giff et nach just al Nonnen ginnsmile
wonnerbar gesinn a fotograféiert
g3ckko 17.09.2010 - 13:53
Do sinn jo souguer eent oder daat aanert jonkt dobai. Schrecklech Paafen. unhappy
Shantideva 17.09.2010 - 14:20
Uh? Firwaat Paafen? Si mussen jo jonk ufänken als Nonne. Wann si op déi Art an Weis glécklech sinn an hiren Wee fonnt hunn, dann ass dat jo gutt. Haaptsaach et gëtt een sengem Liewen een " perséinlechen" Sënn. Si kéinten jo och op den Strech goen, Businessfra sinn oder als Hausfra vun engem Alkoholiker all Dag Streech kréien. Ech mengen ech hunn dech net richteg verstanen (obwuel ech Ex-Kommunizéiert sinn).
gtaddei1 17.09.2010 - 15:15
Ex-Kommunizeiert oder Exkommunizeiert smile
Richtesch waat du do sés
Shantideva 17.09.2010 - 17:07
Oh! Elo hunn ech mol gegoogeld an den éischten Moment hunn ech erausfonnt dass "Exkommunizéiert" eigentlech eng Strof ass. Ech hunn awer eng Schrëftlech Demande un den Bëschof gemeet fir aus der Kierch auszetrieden. Awer neierdéngs (säit dem 20. Jh) gëtt dat och Exkommunizéiert (ouni Bindestréch) genannt. smile
gtaddei1 17.09.2010 - 17:33
Also ëmmer eng Stroof... smile
NikonD80 18.09.2010 - 09:52
Merci alleguerten, ech wosst net,m dat e puer Nonnen sou géifen inspiréieren closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 459 Gäscht online