Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mesures

 
Mesures
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.03.2006
  • Gekuckt:
    21173
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x769
  • Späicherplaz:
    415 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
d'Mimi Mumi Mami Mima Muuu

Fir anzesetzen: [pg_img=4820]
Kommentar vum Fotograf:
Wen geift der wuel eischter uschwätzen?

D'Qualiteit huet wierklech grave ennert dem aranscannen an zesummenpäschen gelidden dofiir kann een net mei feststellen op se lo mol eng keier schaarf waren oder net... an et kann een den herrlech eidelen bleck vum mima net mei gudd erkennen :-( Se waren awer scharf :-) Wier frou wann e puer leit sech gengen iwwert d'Idee, den Cadrage etc ausloossen :-) hun nach drei anerer am selweschten Cadrage eng Keier am Hausfra, Sportlech an ähm ondefineierbar Asi :-) an dei ganz serie na eng keier mam mima mat enger kescht um kapp... fiir d'identiteit na mei verschwannen ze loossen... wann ech eng keier zevill zeit hun (dei ech lo net hun) lueden ech dei dann och erop... well wees net weieng besser sin...
MarcGerard 28.03.2006 - 19:31
mäer gefällt dat! wéi all meedechen direkt ganz anecht gett mat anere kleedersmile
fläit stëmmt jo de sproch:"kleider machen leute" si gespant op déi aner. well ech fannen déi heien immens flott. iwwert 't pose an der läschter foto kann ee streiden , mee soss gefällt et mer awer! fannen et firun allem coll wéi all déng biller entstane sin. ech géing dat éierlechgesot net(méi) fäerdechbréngen. hun net 't méiglechkeet fir et ze man. oder soe mer esou: ech hun se, mee sin ze faul et ze man smile
Metti_Spaghetti 28.03.2006 - 20:04
messsiiii smile
wei mengs de dat wei meng biller entstanen sin? Ech hun e puer outfits zesummengebastelt sin d'mima sichen gaangen an hun et op d'bushaltestell gestallt smile an dun huet et sech dierfen am auto un an aus doen (wat och sou munchen erfreet huet smile )
kucken dann och mol op ech na dei aner eroplueden smile
NoHa 28.03.2006 - 20:29
heielei, mesures et démesures beim salvi an der Optioun, as et dan net sou? smile
also mir gefällt di compositioun och ganz gudd...
waat as dann deng demesure? oder as et eng noogestallten scene?

Metti_Spaghetti 28.03.2006 - 20:59
dei szene do ass ganz gestallt smile mee d'démesure ass amfong dei mesure dei d'gesellschaft sech setzt... am kloertext dat bild soll dei haudeg mentaliteit vun der gesellschaft geigeniwwer dem äusserlechen duerstellen... eben Kleider machen Leute... et brauch een nemmen MTV unzeman an et gesait een dat dat Thema hautesdaags immens aktuell ass... wat wichteg ass ass d'couche, dat wat een representeiert... net dat wat een ass Oder hues du schon eng keier eng ellen Sängerin op MTV sangen gesin? Eigentlech missten all talenteiert menschen schein sin... lange rede kurzer sinn smile ech man mer emmer ganz vill gedanken wat meng fotoen duerstellen sollen tongue
NoHa 28.03.2006 - 21:49
wei wou, wu as da lo mei kommentar hiner? onein...
dann na eng ka: datt di szene do noogestallt as wees ech shcon, mee meng fro wua eijentlech sou geduet, op se vun enger mei bekannter Photo noogestallt waer?! bei ais huet neemlech een "le cri" mat 30 verschiddenen persounen noogeknippst, wannste verstees waat ech mengen...
nee, mee deng iwelreeung as awa amfong och ganz gudd bigsmile
an jo, ellen sänger hunj o schonop MTV gesin, mee daat as affaire de goût closed_eye
Metti_Spaghetti 28.03.2006 - 22:43
aaaaaaaaasou du bass eeng vun denen wirschtescher dei eis d'idee vum cri weschgeholl hun smile nee mir haten dei idee och (onoofhängeg vun iech) an den salvi soot eis dat wier kaka... an dofiir hun mer eis dun eng aner iwwerluet... an dun koum en no der vakanz erem an sot eis jo seng 3ième dei wieren sou creativ... mir wieren all sou null dat mer keen bild gengen noman sie hätten sou en super bild fond an zwar "le cri" an oh an ah... an mir waren baal geplatzt smile
dei foto ass selwer ganz eleng vun mir erfonnt smile ech wollt och nach eng man wou ech leit geng froen dat se sech nierwt dei riiiiiiiiiiiiiiieeeessseeeeeeeggg louis-vuittons-reklamm gengen stellen.. mee dei hun se mer jo wuertwiertlech fiirun der nues wesch geholl eier ech konnt eng foto man!! grr
LuxRescue 29.03.2006 - 08:55
Gudd Idee och ziemlech gudd eriwer bruecht!!

Mee so sait weini stellt een Fraleit op Bushaltestell eieiei wat as nemmen mat eisser Gesellschaft geschiit smile hehehehehe grins
NoHa 30.03.2006 - 13:24
nee ech si kee vun deenen wirschtecher dei da daat weggeholl huet, ehc maen richesse et pauvreté...
lo reeg dech mol nit op smile
op allefall sin ech op di weider fotoen gespannt vun dir...
wawa
patty 07.04.2006 - 20:28
smile d'foto gefällt mer, d'idée och an d'emsetzung gefällt mer och!
se ass just e bessen onscharf!
an nach en klengen tipp ( also deng s/w fotoen sin all schien) mee versiich e bessen d'farf an d'spill ze brengen z.b mach d'scheld vum buss farweg loos et einfach blo! probeier engkeier flait gefällt et der jo selwer!
vun mier kris de 6/10!
mmphotos 07.04.2006 - 21:36
SW film foten kann een nemmen sw maasmile
patty 07.04.2006 - 21:50
ahok hat den text net gelies jo dann verstin ech et!
Metti_Spaghetti 16.04.2006 - 12:12
merciii beaucoup smile ma sorry mat dem onscharf hun d'fotoen missen ranscannen (well se analog geholl sin) an dun wollt ech se na sou nierwteneen hun an dun wollt ech na en rand an dono war d'schärft eben net mei sou do... unhappy an mat den faarwen... nuje fannen dat net onbedingt emmer schein an dei fotoen sin einfach schwarzweiss mengen net dat dat gudd geng ausgesin... t'huet alt net jiddereen sou eng digital spigelreflex... unhappy
Lensman 24.09.2006 - 20:23
Flott Idee a gudd emgesaat. (Ech geif daat lenks uschwätzen.)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 310 Gäscht online