Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ennerwee an der Toskana

 
Ennerwee an der Toskana
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.08.2010
  • Gekuckt:
    25456
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    48 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1607x900
  • Späicherplaz:
    469 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikkor 24-70mm 2,8
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
Autodesk 3ds Max
VRay
Photoshop

Fir anzesetzen: [pg_img=48136]
Kommentar vum Fotograf:
Wann der lo geduercht hudd, ech hätt well eng nei Mercedes E-Klass an wirr dermatt an d'Toskana gefuer, dann hun ech gudd Aarbecht geleescht.

An zwar ass just d'Zypressenallee real, den Auto ass en 3D-Objet, am 3ds Max matt enger HDR-Sphäre beliicht, wat dei perfekt Reflexiounen vum Lack ergett an och d'Sonnenastrahlung entsprecht däer vun der Hannergrondfoto.

Den Auto ass matt VRay rausgerendert, an iwwert den OpenEXR sen dei verschidden Passes am Photoshop zesummegefügt gin.
Vill Aarbecht stecht do hannendrun, hoffen et geseit fotorealistesch aus.
He-Lx 17.08.2010 - 13:34
Do hues de eng immens Oarbecht gemach. Kann däin Talent a,PS nëmme bewonneren.
ApplEric 17.08.2010 - 17:55
Villmols Merci!
Jo, Photoshop wor vill Aarbecht, ma och schons den Auto am 3D ze textureiren an ze renderen wor zeitobwänneg.
Fier den Mercedes an voller Opleisung matt 5000x2500px hudd mein Computer ronn 10 Stonnen gerendert. closed_eye
alex 17.08.2010 - 14:01
Eier ech den Kommentar vum Fotograf gelies haat duecht ech als éischt ët wier eng wonnerschéin Foto gin (sin en Fan vun der Toskana), wann een nët den Auto mat drop geholl hätt, mee dono, einfach WOW, Respekt! Eric: Super Aarbecht smile
ApplEric 17.08.2010 - 17:57
Villmols Merci!
Et freed mech wann d'Aarbecht su gudd hei ukennt, well d'ass eng aarbecht fier d'Schoul gewierscht, dei och hoffentlech do sou gudd ukënnt. smile
Laurent76 17.08.2010 - 14:10
Ech hun den muren keen Kommentar geschriwwen well mir irgendeppes un der Foto verdächteg virkomm ass...., et war och beim Auto wou den Verdacht obkomm ass, en geseit net wirklech réel aus ...., mee awer nach esou réel daß ech mir net ganz secher war an léiwer näischt geschriwwen hun closed_eye
ApplEric 17.08.2010 - 17:59
Hehe, Merci!
Jo, den Autoslack ass nach net ganz realistesch, mee dat ass emmer en gekniwwels matt den Passes an den Reflexiounen.
Ma freed mech awer dass d'Foto dech awer verwirrt hudd. smile
Geko 17.08.2010 - 14:25
Ech verstin eigentlich nëmmen den 1. Abschnitt vun der Erklärung zu 100%. smile Vu Photoshop kennen ech nët vill, an déi aner Bezeechnungen hun ech nach ni héieren...
Dofir kann ech just soen, dat d'Foto op mech absolut realistisch gewierkt huet an och lo, wou ech zumindest verstan hun, dat den Auto nët do stung, wéi's du d'Foto vun der Allee gemeet hues, fällt mir näischt op. Perfekt!
ApplEric 17.08.2010 - 18:08
Merci!
Ech kann hei och kuerz erklären wat ech gemaach hun:
Mir hu meissen fier d'Heischschoul (FH Kaiserslautern) dëst Semester en 3D-Objet an eng Foto setzen.
Dëst ass eben en Schweierpunkt an mengem Studium well och all d'Autosreklammen an sou weider nëmmen nach digital um Computer gemaach gin, also en groussen Marché do ass.

Wat ech lo gemaach hun ass:
Den Auto am 3d-Programm (Autodesk 3ds Max) textureiert, heescht, Autolack, Lieder, Glas asw. als Material am 3D-Programm opgebaut, an den Polygon-Objeten am 3d-Programm zougewisen.
Natierlech muss den Auto och sou ausgeliicht sen wei d'Foto an och d'reflexiounen vun der Emgeigend am Lack fierkommen.
Do kann een dann iwwert eng speziell 360grad HDR-opnahm am 3d-programm den Auto beliichten.

Dann, wann een am 3D d'Kamera an sou weider richteg agestallt hudd kann een renderen. Dat hun ech mam VRay gemaach. Beim renderen gin dei 3D-Daten aus Polygoner, Shader, Luuchten, etc. emgerechent ob en 2D-Bild emgerechent, wat extrem rechenintensiv fier de Computer ass well den Prozessor d'Beliichtung, d'TExturen asw. berechne muss. Ech hun hei alles an Passes ausgerendert, heescht dass een fier all eenzel Saach en eenzel Bild hudd, also Reflexiounen, Schieder, Beliichtung, Refractiounen asw.

Dës kann een dann am Photoshop matt vill Aarbecht iwwereneen leen, maskeiren, veränneren asw. bis et sou stemmt dass et realistesch ausgeseit.
An d'Foto matt den beem leit dann als eenzelen Layer einfach hannert deem ganzen Layerkonstrukt vum Auto.
Voilà, dat wor ët. closed_eye
Geko 17.08.2010 - 18:39
Dat ass jo ganz einfach ! closed_eye

Merci fir déi ausféierlich Erklärung !
gloda 17.08.2010 - 14:48
Haha, dat hat ech effektiv elo den éischten Moment net gecheckt. Ech géif just soen mach den Auto nach ganz e bëssen knaschteg, dann wierkt et nach méi real.
ApplEric 17.08.2010 - 18:10
En Mercedes ass dach net knaschteg. smile

Jo effektiv kinnt een sech dat nach iwwerleen, bessen matt VRay Dirt als Map probeiren oder ob dei einfach Art a Weis ouni nei auszerendern mam Photoshop. closed_eye

Merci awer, freet mech dass am Ufank d'Illusioun vum Realismus perfekt war. closed_eye
Miisamm 17.08.2010 - 22:19
Hah ech hat am ufank gemengt et wir eng iwweraarbecht hdr. Dat eenzegt wat ech wirklech louche fond hun war, dass d'Plaquebeliichtung un ausgesäit an d'Luuten hannen awer aus.

Awer grandios Arbecht, kann mer virstellen wann dat animeiert an enger Reklamm ass, kennt dat saugudd eriwwer.
ApplEric 24.08.2010 - 12:15
Hehe, villmols Merci!
Wann just d'Reckluuchten mech verrooden hun, muss ech mol den Auto vun fier roplueden, do hun ech emch suguer dermatt geploot fier kleng LED-Luchten anzebauen vum Tagfahrlicht. closed_eye
Tomz 24.08.2010 - 15:24
Super geschafft, wei ech foto seu gekukt hun ass mer bessen komesch fierkomm wei schein weiss den auto wier mee dorop dass deen guer net do stung wier ech secher net komm closed_eye
ApplEric 26.08.2010 - 11:20
Villmols Merci!
Den Auto ass eben fabriknei, an wor nach ganz propper. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 244 Gäscht online