Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Into the blue

 
All Fotoen an dëser Serie:
9074 Thumbnail
9075 Thumbnail
9076 Thumbnail
Into the blue
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.08.2010
  • Gekuckt:
    43651
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
De Nemo als Ennerwaasser-Model, Tauchgeschier a meng nei Ennerwaasserfotoknippsmaschin

Fir anzesetzen: [pg_img=48040]
Kommentar vum Fotograf:
Sou puer Erklärungen heizou:) dei Fotoen si Impressiounen vun engem Höhlentauchgang deen mär hei a Spuenien haaten. E Bletz kann een do op deier Distanz wou Fotoen enstaan sin net benotzen, well zevill Sedimenter dodran sin dei dann beliicht gin an een doduerch just "Schnei/Steps" op der Foto geif gesin.
Trotzdem fannen ech dass et gudd contre-jour Foto`en gi sin, an, dass se bessi daat Erliewniss vermettelen kennen :)
Hoffe se gefaalen :)

(wa se bessi rauschen as daat leider net ze änneren, de Fotoapparat as scho bessi mei aal, mee e UW-Gehais fir meng DSLR kann ech mär leider net leeschten:(, all Infos zu menger neier Spillsaach a mengem Profil)
gtaddei1 13.08.2010 - 20:08
Esou Saachen waerd ech nie maachen... Flott
Locke 14.08.2010 - 15:26
messi smile mee du verpass definitif eng smile
arwa 13.08.2010 - 21:34
TOP - an, sie hun hieren Zweck nët verféehlt,
bei mir op jidfer All hu sie richteg -Erliewnës - vermettelt !!

dei eicht gefällt mir am beschten

ongewinnte Fotoën hei op Photogen
awer - ganz intressant allemol
an och eng wonnerbar Quali !!
Locke 14.08.2010 - 15:26
Messi villmols smile
Soffel 13.08.2010 - 21:58
Mega! Ech tauchen och an sinn schon laang amgaang mat iwwerleen fir mer eng Ennerwaasser-kescht ze kaafen... smile Mee well ech mech do net sou richteg auskennen hun ech mech nach net rungetraut! Wou bass de dann am Club???
Locke 14.08.2010 - 15:28
messi smile ma an de Plongeurs Differdange smile ps: meng Knippsmaschinn as dem Nemo seng aal, wanns de Tipps zu enger Ennerwasserkescht wells, fro hien, mee wanns de mam Gedanken spills där eng fir eng DSLR ze kaafen, fänk u mat spueren, ab 3000 hues de dan anstännegt Geschier smile
Soffel 14.08.2010 - 22:08
O gott! dann muss ech wierklech mol ufänken mat spueren! :-S Wisou mussen dei schein Saachen am Liewen dann emmer esou deier sin??
Locke 15.08.2010 - 14:59
gei mol an de Splash op Eileng kucken (deen misst de jo kennen, as emerhin deen eenzegen deen zu Letz Tauchgeschier huet, deen huet puer gudd färdeg Kits do leihen, mee fro mech awer d`Marque net meiclosed_eye, pass just drop op dass de een mat RAW keefs.Dei de Splash do leihen huet kriss de fir ronn 1000Euro a se si net sou schlecht, as zwar lo keng Bridge wei meng, mee fir den Ufank guddsmile) Eng aaner gudd Marque vun deenens de färdeg Kits mat Bletz an allem drum und dran kriss as Sea&Sea, mäi Bletz as vun deenen, einfach duerno googlenclosed_eye)
Soffel 28.08.2010 - 01:14
Soen der villmols merci smile Muss sws na an den Splash dann kucken ech mer dei Saach mol un smile Soen der dann bescheed wei et ausgeet! closed_eye
Locke 28.08.2010 - 02:01
baal nix, haal mech um laafenden smile
Jeanny 14.08.2010 - 07:13
fannen et eng wonnerbar Serie ,
awer neischt fir mech smile
arwa 14.08.2010 - 12:00
ech fir mein Déel wollt daat schon als klenge Jong ëmmer maachen - - hat och mat Coursën ugefaangen,
mais leider huet e Problem am Ouër mir e Strich duerch
d'Rechnong geméet unhappy
Jeanny 14.08.2010 - 19:43
Jo Armand, wann e Probleme matt den Oueren huet,
huet e séier ausgedreemt.
Locke 15.08.2010 - 14:10
nawell. mee et geet awer, kruet duerch Tauchen den Tinitus an konnt doduerch eng Woch an Drockkummer, mee kann et trotzdem na maan bigsmile
Locke 14.08.2010 - 15:30
messi Jeanny smile wann ech zu Letz sin kommen dann e puer Déiercher no smile
Jeanny 14.08.2010 - 19:38
ech waarden op deng Deierchersmile
TseEll 14.08.2010 - 11:48
Du weis eis hei eng fantastesch schéin Welt, déi mär net kennen ... GROUSAARTEG !!! ... déi zweet ass mäi FAV
Locke 14.08.2010 - 15:30
där och e groussen messi smile freet mech dass se gefaalen smile
gloda 14.08.2010 - 19:22
Ganz cool Stëmmung. Gutt!
Locke 15.08.2010 - 13:46
messi smile

/edit: hun o na eng Muräne mat mei Déifteschärft nemme fir dech;) Déierchen war zwar net frou fir geknippst ze gin a wollt mech bessi attaquéieren wei ech amgang war de Bletz op se auzeriichten, mee se sin awer gudd ginsmile kennt alles nächst Woch no smile
Nemo 15.08.2010 - 18:03
Majo da well ech och mol gratuleieren Figlio closed_eye)

Posanias 19.08.2010 - 01:47
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 445 Gäscht online