Jo, et war eng richteg super Vakanz. D'Photo ass aus der Jeep geholl, et däerf een net eraus. Ech wär och net op d'Iddi komm, eraus ze klammen, well sou e Léiw weit 300kg an leeft bis zu 80km/h
Super Christian,
Du woors am August do ? Geséit nämlech zimlech greng aus ...oder et haat just geréent...bei mir am September woor net méi vill greng Wiss do
OK
Jo well et huet mer erstaunlech gréng ausgesin, ech misst och eng kéier déi Zeit dohinner goen, dann sin vill jonk Déieren ze gesin an et ass net alles esou giel / brong wéi am September wou ech do woor
Et waren och net sou vill Touristen do. Am Masai Mara haten mir eng Kéier 6 aner Autoen bei engem Déier begengt. Am Schnëtt ware mir meeschten alleng oder zu zwee Autoen do fir Déiere ze kucken. Sou ass een och gutt bei komm.
Merci Lynn,
Sou e Ruddel ass ganz interessant, well anscheinend ginn déi Kleng och bei aner Léiwinnen drénken, déi net hier Mamm sinn, dat geet do ganz liberal zou.
Asu jo dat kann ech mer gudd firstellen Haas de dann do Vakanz gemat oder wéi? Ass bestemmt eng wonnerschéin Géigend. Ech muss o unbedingt engkéier an Afrika goen.