Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

A Splash of Colour

 
A Splash of Colour
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.07.2010
  • Gekuckt:
    33739
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    85 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    194 KB
  • Originaldatum:
    2010-07-11T15:37:17+01:00
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200mm f/2.8L IS USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Manfrotto nano, Trépied, VAL.

Fir anzesetzen: [pg_img=47146]
Kommentar vum Fotograf:
Yay, d'Eurostar Lounge huet Wifi. Dann kann ech grad sou gutt eng Foto eroplueden amplatz d'Daumen ze dréinen.
Méi Fotoen vum Shooting op méngem Blog: http://gloda.net/20100711-southlands-beach-fashion...
MB-Photos 12.07.2010 - 18:21
Einfach Genial!
Vieleicht as den eichten Steen bessen ze deichter dat as wei een et geseit.
gloda 26.07.2010 - 18:35
Merci, ech wollt deen e bëssen als Rumm benotzen. Ech gesinn awer wat s de mengs.
m-otiv 12.07.2010 - 19:29
De ganze shooting gefällt mir ganz gudd...model, szene, belichtung alles top...bei desem bild huet mech e bessi d'wärmt vum model (gold refleen) matt der keelt vum hannergrond e bessi intriguéiert...wees awer net op am gudden oder am schlechten...(uffangs hun ech et komesch fond, duerno awer intressanten kontrast)
gloda 26.07.2010 - 18:36
Ech mengen ech hätt kënnen 1/2 CTO amplaz en Full CTO fir den Rim benotzen. Et ass e bëssen ze staark ginn.
gtaddei1 12.07.2010 - 20:02
Extrem flott an net nemmen kromatesch mé och d'luucht
gloda 26.07.2010 - 18:36
Freet mech, op d'Luucht hunn ech missen vill oppassen.
Olivier 12.07.2010 - 20:27
Wieren dei ennescht fielsen net, wier se langweileg!
Tfoto huet en super equiliber!! gudd gemaa!
gloda 26.07.2010 - 18:37
Dee bréngt e bëssen Perspektiv dran, gell? Dofir sinn ech awer nach bal op esou een Gelliskapp getrëtonguepelt :/
suraki 12.07.2010 - 20:30
ech wées net ewéis de et mëss, well emol nëmmen eng schlecht Foto vun der gesinnbigsmile Déi fënnef sinn richteg gutt !
gloda 26.07.2010 - 18:37
Freet mech dass der d'Série gefällt. (Déi schlecht Fotoen weisen ech kengem, hehe smile )
Keup 12.07.2010 - 21:16
Wow flott beliicht. An en Modell op sou enger geiler Plaatz ze hun ass en Draam fir mech.

Gudd geschafft.
gloda 26.07.2010 - 18:38
Jo, ech duecht mer, wann ech schon hei festsetzen ouni eng Méiglechkeet un méngen Essayen ze schaffen an rondrëm mech gesäit et iwwerall esou aus... allez hopp smile
Shantideva 12.07.2010 - 21:43
Excellent! Ech hunn verschidden vun deenen aneren Fotoen zwar besser fonnt an der Hisiicht dass dës esou spektakulär ass, dass se schon bal wéi een Collage eriwwer kennt (net béiss sinn). Wann ech dech net gierf kennen dann gierf ech dat och elo behaapten... Mais bon soit... se irritéiert meng Sënner an ech kommen net lass vun dësem Gefill. Ech muss se villäicht nach e puer mol kucken.
suraki 12.07.2010 - 21:48
ech soen der elo net wat dat eicht war, wat ech geduecht hunn smile
Shantideva 13.07.2010 - 12:32
Den Androck kennt vun der Bearbeschtung. Do war ech um Holzwee! Den Gloda huet d'Original op sein Blog beigesaat. Dat gefällt mir zwar e bessi besser well et nët den Androck hannerléisst. Top Aarbescht an och e Fav!!!
suraki 13.07.2010 - 12:47
ech hun och net drun gezweiwelt dat et e Collage soll sin smile
mé grad dofir , duerch déi dreidimensionalitéit dat erausstiechen
as et fir mech esou aussergewéinlech a flott smile)
gloda 26.07.2010 - 18:41
Hehe, ech weess net ob et gutt war dass ech iech esou kritt hunn oder net, mä op d'mannst hunn ech et et hin kritt dass der zwee mol gekuckt hutt.
suraki 26.07.2010 - 19:37
et hunn der ganz bestëmmt méi ewéi zwee geluus, an sech gefrot ... closed_eye
ToPo 13.07.2010 - 23:31
Staark Foto, do stëmmt alles!!! Gudd geschafft closed_eye
gloda 26.07.2010 - 18:40
Merci.
Abacab 12.10.2011 - 21:23
Super sprëtzeg Foto, herrlech Faarwen, Modell asw... gefält mer extrem gutt!
gloda 12.10.2011 - 21:39
Dat freet mech.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 464 Gäscht online