Mee sierf eng klëng Kritik erlaabt... Heinsdo kommen jo esou Kommentarer wann eng Foto nët autoriseiert gët resp. bei eischten Versich hei eng Foto ze weisen, wei "hm jo flott mee waat wells de eis mat der Foto soen, du hues der nët genuch Gedanken iwert den Titel gemaat, waat soll dei Kierperhaltung ausdrëcken usw."
A genau daat ass ët waat ech mech och hei gefroot hun
Wei gesoot fannen et eng ganz flott a proper gemaaten Foto, mee weisou graad des Pose, usw...
Ass ët meiglech do iwerhaapt eppes mat esou Fotoen wellen auszedrëcken? Oder waat ass den Hannergedanken bei esou Fotoen.?
ech fannen déng fro berechtegt a well der eng éierlech äntwert gin:
wat ee mat esou posen ausdrécke well as mer selwer dacks e rätsel. allesdéngs as dat doen -an sou hun ech et och scho virun dénger fro gesin- eng gudd sedcardfoto. also eng foto wou de model sech presentéiere kann. et erkennt ee ganz gudd dem xenia séng proportiounen. och de bléck as intressant. och wa mech dat eent verdeckten aa' stutzeg mecht, mee eigendlech mecht dat 't foto fläit e bessi méi geheimnisvoll, well ee säi bléck sicht an net ganz fënnd. dat as spannend
mee och photografesch hun ech mer hei eigendlech gedanke gemach. och wann op der foto "nemmen" e mënsch as deen do steet an e wäissen hannergrond hun ech mer awer dach gedanken driwwer gemach wéi ech méng studiosluucht setzen, ob ech mech bécken oder stellen, wéi ech de cadrage man, a wéi ech se filteren.
bei deene refuséierte fotoen as sech an der reegel net nemmen iwwert de sujet, mee och iwwert déi aner sache keng gedanke gemach gin. a wann der et engkéier virkënnt, dass een déng foto mat deem argument refuséiert an du gesäis et net an kanns de dech ouni problem beschwéieren. mäer loossen emmer gäer mat eis schwetzen (mee mäer loossen eis net bestiechen ;P)
also fazit: "net genuch gedanke gemach" schwetzt net onbedéngt de problem un dass eng foto näischt ausseet, mee dass och bild-, faarw-, anperspektiv-méisseg näischt ennerhol gin as.
Merci fir deng Äntwert. Wei gesoot, sollt jo och nët wierklech eng Kritik sin. Mee wei ech se gesin hun, war ech mir schons bewosst, datt's de dech mat der Duerstellung auserneengesaat haas, just ass mir den Titel an desem Fall den Numm vum Model, an den Komentar e bessen "just" vierkomm. Geing ët gudd fannen wann och dei schon relativ
" perfektionneiert " User hei geingen heinsdo mei détaileiert hier Iwerleeungen matdeelen, waat se zu enger Fotoduerstellung beweegt huet. Och wann daat individuell ass a bleiwen soll, kann een wei ech z.b. och dovun sech e bessen inspireiren. Och wann een nët zu all Fotoen nu wierklech e Meterlaagen Komentar schreiwen kann.
Mee wei gesoot, mir gefällt se gudd, an doduerch hun ech mir jo meng Gedanken dozou gemaat weisou graad dei doten Pose an waat se soll bedeiten.
Wann et an desem Fall eng "Sedcard" ass, ass daat jo och gudd, an keint am Komentar stoen. Et well een jo emmer eppes bei deenen aaneren ewechkucken.