Sou, elo wou ech bal 1/2 vun de Memberen hei rosen gemaach hun :-) eng méi traditionell Foto fir et villäicht erëm gutt ze man..also extra un all déi die ech gekränkt hun: sorry
waat ech och dem Edy gesoot hun: ech wosst gëscht guer net méi wou ech dru wor matt all dene Kommentarer gläichzäiteg...di heiten ass méi aal an wollt se och guer net posten....fir nëmmen gesot ze kréien dass se gutt ass...
Bei där anerer wosst ech dass et eng Debatte géif gin
Wat has de gestiicht? Den Titel fannen ech net esou passend bei den Ausdrock an d'Haltung (Jojo ech weess ech hätt eng Woch Zäit gehat eppes besseres virzeschloen Weess awer näischt.)
trau dech roueg ech wosst gëscht guer net méi wou ech dru wor matt all dene Kommentarer gläichzäiteg...di heiten ass méi aal an wollt se och guer net posten....fir nëmmen gesot ze kréien dass se gutt ass...
Bei där anerer wosst ech dass et eng Debatte géif gin
oh hun 350% Stress....
Sin doheem amgaangen an um Büro ass et och net flott am moment 2x
Kucken fir den nächsten WE mol erem op den Tour ze goen..ech mellen mech bei Dir
Wann jidderen dei flott fënnt ... dann ech och mé... jo mé ... ech fannen dass de kapp hätt keitnen e bessi mei zur broscht gebeckt ginn fir daat dei Lëpsen net esou eraus stinn ... nämlech d'Wichtigkét vun den Aan gét verluer... Verschaffung ass douce an interessant mé d'Aan hun d'impressioun dass dei zefill an d'Höl verschwannen... dat ass villeicht gewollt mé dat steiert mech. Natiirlech ass dat Subjektiv, ech hunn bei esou enger douceur vun der Verschaffung och leiwer eng douce Mimick ... dess ass awer agressiv irgendwei
ech verstinn dat net alles wann de kapp méi no fir get, dann verschwannen d'aan jo nach méi an d'höl? nee? Also ech wollt schon den verschwommenen Decolleté dran hunn...mam kapp méi no fir war deen da fort...
Aggressivitéit gesinn ech do och net...verführeresch, jo...
Provokativ verfuhreresch ... hat mat agressiv gemengt ... D`lëps ass awer ze fill am Firgrond ... fir mech natirlesch ... et hellt der Foto harmonie ewesch dann häss du dech missen e bessi mei ewesch stellen op é Stull klammen z.b oder op enger Léder.
Et ass villeicht net daat wat du wollst... ok... an et ass jo evident dat daat nemmen eng Subjektiv Ménung ass.
D'Verschaffung... Firwaat hun dei Baaken an d'Stir dei Komesch weiss-mellesch Teinung an och onregelmeissesch?
ech stung op enger leeder (50mm x1,5 crop..as good as it gets) mä wollt och net méi wait.
Zur verarbechtung invitéieren ech dech op motiv.lu vorher/nachher (oder op flickr) kucken ze goen.
Di téin sin einfach nogepinselt vun den original téin fir d'déift ze simuléieren (hell ass méi no, daischter ass méi wait oder méi déif. Vu dass d'luucht vun enger sait koum fällt se éichter op nues an cheekbones, an och eng sait mei schiet wéi di aner