Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ana Morphia

 
Ana Morphia
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (06.07.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.07.2010
  • Gekuckt:
    37996
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    54
  • Beliichtungszäit:
    1/100
  • Blend:
    f3/5
  • Brennwäit:
    11 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    SB-900
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    705x1024
  • Späicherplaz:
    534 KB
  • Originaldatum:
    04.07.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Tokina 11-16mm
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:
reflekter gold

Fir anzesetzen: [pg_img=46948]
Kommentar vum Fotograf:
Sou...hei wäerten Meenungen sech spalten...hei maachen ech jo alles falsch...nimools e waitwenkel vun esou no bei engem model, dat verzerrt etc...
Mir gefällt den stil ganz gutt (artistech gesin) ...Ass e bessi wéi een riichten fisheye. Och wann d'Anatomie irreel ass, eben grad...
Bitte drop klicken fir méi détailler an schärft.
Dir kënnt och soen wann der se gutt oder net gutt fand
Schluck 06.07.2010 - 09:44
Aslo mier gefällt se ganz gudd, ee scheinen Bleck vun engem flotten Model.
m-otiv 06.07.2010 - 16:00
merci villmols
pfoto 06.07.2010 - 11:16
Wat heescht hei : "Du mechs alles falsch" ? Dat schéint un der Konscht, an dat as jo d'Photographie, as jo dat en unkonventionel kann sin ! Richteg Konscht kennt kéng Régelen ! smile


Ech fannen se super gudd !
m-otiv 06.07.2010 - 16:00
jo dat mam onkonventionell ass esou eng Saach...besser bescheed soen dass et Absicht ass soss héiert een nach: "et gesait verzerrt aus, oder d'anatomie stëmmt net...blabla..
Merci fir den Fav an dein léiwen kommentar
m-otiv 06.07.2010 - 20:07
sou...do hun mir et smile
bpereira 06.07.2010 - 12:27
gefält mir. Ass aneschters wei dat wat een gewinnt ass
m-otiv 06.07.2010 - 15:57
dat freet mech...muss en sech jo e bessi distinguéieren....merci nach
suraki 06.07.2010 - 17:01
fannen et flott an aussergewéinlech, just elo kennt et ....
d'Madame as also Bodybuilder, also mam lénksen Aarm,
wei gesot e flott Bild bei dem "ech selwer" ! am PS mam
"verflessegen Filter" dat e bëssen richtgebéit hätt smile


extrem retusche dat sollt nemmen en tuyeau sin ! smile
m-otiv 06.07.2010 - 17:30
jop...ech kennen den filter, an en ass schon déck hei am asaatz gewiecht...haat den aam och méi dënn...du koum de kapp zevill eraus...probéieren den owend e kompromiss ze fannen..mä du wees jo beschtemmt wéi schnell eppes "de mal en pire" kann gin am liquify
suraki 06.07.2010 - 17:41
jo de liquify ass spezial et huet een e gären oder et haasst een en,
... an, ech hätt et bestëmmt net besser gemaach smile
m-otiv 06.07.2010 - 17:45
ech probéieren awer...elo wous du et sees..gesinn ech nëmmen nach den arm
suraki 06.07.2010 - 17:51
.bigsmile
wann s de dann am gaange bass , schneit ënnen en cm closed_eye
m-otiv 06.07.2010 - 19:21
sou, e bessi dru gang...ass se elo da besser gin oder net?
suraki 06.07.2010 - 19:58
ech si nach am gaangen ze kucken, ...
née gefält mer elo net wierklech besser.

waarde mer mol of wat déi aner hei nach schreiwen.
xaph32 06.07.2010 - 19:47
ech fannen den super-waitwënkel hei prinzipiell ganz geféierlëch, ärm an been wierken prinzipiell disproportionéiert par rapport zum kierper, ech sin zwar nët géint ww me iergentwéi denken ech dass beauty (model als sujet) an ww nët wierklëch kompatibel sin. et gin zwar fotografen déi sou schaffen me déi probéiren dacks den waitwenkel duerch den posing ze kompenséiren... an artistech ass schéin an gutt me bass de der sëcher dass dain model dat och sou gesait?
m-otiv 06.07.2010 - 20:05
Dat hat ech gemengt mat gespallte Meenungen
1) Model ass ok
2) Digital Art (surreal/irreal)
3) Titel Ana Morphia
4) Esou e Kommentar hat Ech jo gesinn kommen smile , soubal eppes aus der norm ass...kann mir virstellen dass dat net jidderengem gefällt (mir awer smile
suraki 06.07.2010 - 20:11
Vito dat huet sech elo iwwerschriwwen smile
d' Haaptsaach, ... d'Bild gefält dir ..... nee éischtens dem Model an dann dir closed_eye
m-otiv 06.07.2010 - 20:22
muer posten ech eng foto vun der bomi niewendrun die seng katz spazéiert, awer am S/W matt e grain an eng rum bigsmile .. dat ass manner opfälleg ...oder gin e puer HDRen vun der CT maachen
suraki 06.07.2010 - 20:47
ups Vito, dat doten héiert sech elo awer gekränkelt un ?? :(

jo dat wats du elo ugedeit hues , ass méi Genre vu Fotoen smile , HDR , sch/w, Grain mat oder ouni Rumm. An Jiddereen däerf säin Avis doriwwer ofginn , ech wées jo och, dat net jidderen meng Sache gutt fent a gi net béis doriwwer smile

u sech hun ech just geduecht et kéint eng interessant Diskussioun ginn wou och nach Aner Léit hei hier Meenung derzou schreiwen, an so soll et jo och geduecht sin .... oder ??

Ech wollt deng Foto net erofmaachen a net kritiséieren, wollt .. well se interessant flott an anescht ass, nëmmen "diskutéieren" mat alle gudden an schlechte Séiten smile sorry !!! wann dat elo falsch opgeholl gin as .

m-otiv 06.07.2010 - 20:53
Ma nee Edy... Guer net...du hues dat elo falsch opgeholl...hun dech guer net gezielt, wollt nemmen witzeg sin...(lies dem Jade sein kommentar an meng äntwert)
Ech sin scho frou dass hei eng lass ass smile (op am gudden oder schlechten)
Wei gesoot ech experimenteiere gäer an et get iwwert meng fotoen discutéiert...ass dat dan net wat all artist duerchmecht? Rammstein fannen ech supper, ass awer net jiidereen senges...et get naischt wat jiiderengem gefällt
suraki 06.07.2010 - 20:57
uff lo sin ech awer frou, ech hat elo schon e ganz schlecht Gewëssen kritt smile ... hei iwwerschneid sech alles, ech schreiwen ze lousbigsmile .
m-otiv 06.07.2010 - 20:58
Waat ech wollt soen ass, wann ech eng foto vun der phila posten oder een hdr vun der CT, oder eng hausdeiere foto, dann kreien ech keen kommentar an sin dann manner opfälleg...
suraki 06.07.2010 - 21:04
ähh, heimatter bass de mol op allefalls bei mer opgefallbigsmile an un Kommentaren fehlt et momentan och net smile

An elo sin ech emol e bësse roueg hei, et sollen jo och nach anere hier Meenung heihinner schreiwen, a net nëmme grinsend matliesenbigsmile
m-otiv 06.07.2010 - 21:00
Ech wees dass du objektiv an konstruktiv kritiseiers...aanerer schreiwen nemmen fir ze kritiséieren an nie fir ze luewen...waat jo bei dir guer net de fall ass
suraki 06.07.2010 - 21:09
smile
Shantideva 07.07.2010 - 00:11
"Die meisten Menschen wollen lieber durch Lob ruiniert als durch Kritik gerettet werden."

"Man gewinnt immer, wenn man erfährt, was andere von uns denken."

Also, ob gutt, oder schlecht. D'Kritik ass virun allem wichteg wann se op deng Fehler hiweist. Ausser du hues schon ausgeleiert an brauchs dat alles net méi. Awer dann froen ech mech firwat dass du deng Fotoen hei der Kritik aussetz. Ech kann just soen dass ech aus deenen Leit déi mech hei am mëschten Kritiséiert hunn, och am mëschten geléiert hunn.
Selbstverständlech gehéiert et och dozou dass een e klenge Luef kritt fir eng gutt Leeschtung als Zeechen dass een um gudde Wee ass.

Zum Bild: Firwaat sin d'Hoer uewen sou gro? D'Bild ass zimlech Manga-Style durch den WW an déi stark Bea (...daat war eng einfach Feststellung ouni ze jugéieren), ass daat den Stil deen se sollt duerstellen?
Fazit: Deng Foto "Forgive me" gefällt mir vill besser awer et ass jo nach ze fréi fir mech do een Kommentar ze hannerlossen. closed_eye
m-otiv 07.07.2010 - 08:25
wise words from a wise man.
Ech wees dass forgive me besser ukënnt an dass ech matt där foto manner kontrovers reaktiounen wäert kréien.
dat groot ass eng liichtquel di ech uewen am lénken eck eragemollt hun (waiss op schwaarz eben e bessi gro)
E beispill: rocker haassen rap. Rapper haassen Rock. Dan kënnt RunDMC am Duo mat Aerosmith an schreiwen "walk this way"....e cult lidd.
Innovéieren ass schwéier, bal onméigleg, awer alles zesummen zebréngen wierk op e puer leit kommeg an anerer fannen dat dann eben speziell.
Ech gléwen net dass beauty an WW oder fisheye net kompatibel sin..an wäert weider an där Richtung forschen. Wäll et mir gefält an et huet och e Public, also sin ech net komplett derlaanscht.
D'Barbie Popp ass och anatomesch net korrekt (an wierklechkeet kéint se guer net stoen, seng been sin ze laang an sein pivo punkt ze héich smile

Manga? Ech wees et net ganz eierleg mä elo wou's du et sees kéint sinn..
Hat fir un 10 joer eng werbung vun der 1ster playstation gesinn matt engem model deen extreem grouss Aan hat ... (ech mengen et war och eng japanesch werbung)...an hun dat intrigant fond dass eppes anatomesches falsch war
Shantideva 07.07.2010 - 08:56
"E beispill: rocker haassen rap. Rapper haassen Rock. Dan kënnt RunDMC am Duo mat Aerosmith an schreiwen "walk this way"....e cult lidd." --- Ech lauschteren all Stil vun Musik, vun Trash Metal bis op Klassik. Den Haass entsteet jo just wann een sech ze vill mat senger Musik identifizéiert. Sou ass et jo och mat den nationalen Fändelen, Landesgrenzen, etc. etc. Dat gëtt ëmmer Kaméidi well keng Toleranz do ass vis à vis vun eppes aneschters wéi dat, mat dem een sech selwer ze vill identifizéiert huet. Dofir mepriséieren ech näischt méi wéi den Rassismus an Ausgrenzung (an all sengen Formen). Ech fannen deng Idee eppes neits ze probéieren ganz gutt, awer laanscht Kritik kenns du net. Awer, wann's du et bis geschafft hues verschidden Saachen optimal unzewennen, dann kriss du sécher och manner konstruktiv (oder negativ) Kritik, an nach méi Appreciatioun. Soit... et ass eng Saach vun der Übung an der Erfahrung, an dofir ass PG jo do. smile
Shogun 07.07.2010 - 11:56
@Shanti: ett gin jo sws nemmen 2 Zorte Musik:
TOOL an dann de ganze Rescht tonguetonguetongue
m-otiv 07.07.2010 - 12:01
yeah....Tool sin di bèscht smile
Shantideva 07.07.2010 - 18:53
bigsmile Gutt Idee... sinn grad amgaangen Sober ze lauschteren... closed_eye
m-otiv 07.07.2010 - 19:19
matt dem lidd hun ech Tool entdeckt...
Shantideva 07.07.2010 - 19:42
Ech och... ass schon eng Zeitchen hier... smile
xaph32 06.07.2010 - 21:10
ech denken du verstehs mëch falsch...
d'fro ass nët déi vun der norm/classement/etc (je m'en tappe wann ech éierlëch sin), me déi vun der harmonie, konzept etc. probieren geht über studieren, dat ass sëcher, me nët alles wat een probéiert get direkt zur konscht oder zu mëscht. me eppes mëcht mëch jo awer stutzeg, ech froe mëch (vu d'art a weis wéi's de äntwers) op's de iwwerhapt interesséiert bass eng aaner menung ze héiren?
m-otiv 06.07.2010 - 21:24
smile cool Xaph, ass jo relax... Deng meenung stung schon an mengem kommentar...(wei den Uri Geller)..oder beim pfoto sein kommentar..ech mengen du hues dir guer keng meih gin iwwerhaapt ze liesen em waat et geet..
Ech sin mir jo ganz genau bewosst dass se anatomeg net korrekt ass (steet an mengem kommentar)...nichtdestotrotz probeieren ech mech tägleg erem a fro ze sätzen an eppes neies ze bidden...
Deng meenung ass ok...keen probleem... Wei bei engem film, gin dir 20 kritiker 20 verschidden meenungen...mir sin all aanescht
xaph32 06.07.2010 - 21:48
jo, ech hu mer d'méi gemeet, soss hätt ech naischt gesot. mengs de dann ech hätt nach nie eppes probéiert? oder mengs de vlait jidereen wier ëmmer menger menung gewiercht? ech hun och nët alles akzeptéiert wat ee mer gesot huet, ech schreiwe main pefferkär dann wann ech mengen dass e fotograf oder eng foto "tongueotenzial" huet, an dann mëcht jiddereen wat e wëll. ech soe jhust nie dat wat een aanere lo wëll, dovunner huet keen eppes.
m-otiv 06.07.2010 - 21:53
Absolut agreed xaph...sorry wann ech e bessi sec geänwert hun...meng nächst foto ass dir gewitmet smile
xaph32 06.07.2010 - 22:17
closed_eye lo kriss de och den smiley closed_eye
suraki 06.07.2010 - 20:08
dat mam Kompenséieren ass richteg Xaph, ... d' Been stéieren mech hei awer guer net, déi si flott
( autsch , lo hunn ech eng vu menger Frae kritt lol ) mech stéier éichter nach, deen rietsen
gebrachenen Aarm an deen nach ëmmer, lénksen Hantelaarm
lo halen ech awer op, sos get hei gesot, ech giff op de Vito knuppen, wat awer bestëmmt net esou ass !! smile Ech kann jo nemmen fir mech schreiwen a soen ewéi ech selwer d'Bild gesinn ... Hei sin de jo awer Gottseidank och vill déi d'Foto immens flott fannen smile smile
xaph32 06.07.2010 - 21:13
ech hun nie gesot dass se nët gefällt, ech hu gesot dass se nach den een oder aaneren bobo huet, a wann se mëch nët intesséiert hätt, hätt ech och naischt geschriwwen smile
suraki 06.07.2010 - 21:27
genau esou hun ech et och verstanen, an trefft och op mech zou smile
m-otiv 06.07.2010 - 21:26
...wollt geint de schtroum schwammen smile c'est tout
m-otiv 06.07.2010 - 21:36
Den toun ass esou schweier schrefleg eriwwer ze brengen...Kennen net genuch smileyen smile closed_eye confused
JADE 06.07.2010 - 20:33
ok, ech kommen dann och nach iergendwann eng Kéier hei scriben smile ...
... elo hun ech awer wierklech keng Méiglechkeet ... unhappy




am Fong, sin ech just bessi schupperen komm ... an ... do! tiens! ... hei ass jo erem eppes lass bigsmile
m-otiv 06.07.2010 - 20:40
Op gutt oder schlecht...vill feedback.
Méscht gekuckte foto vum daag...leit di et haassen, aanerer di se supper fannen...
E bessi wéi d'beatles smile
Also sin ech scho frou dass mein bild su controvers reaktiounen ausleist
JADE 07.07.2010 - 19:32
ech haalen mech och ganz kuerz ...
gin leider an der Aarbecht ënner, mee brauch elo eng Paus ...
hun och elo all déi lang Comments net gelies, just dem Shanti säin iwer Musék an Fändelen ...
Shanti, ech muss méi oft an denger Gesellschaft sin smile daat ass eng Beräicherung

aaalso,
an mengem klengen Gehier funktionnéiert ët bei Fotoen betruechten esou:
ët geet direkt "klick: ooooooh!"
oder direkt "klick: hmmmmm ...?"
oder direkt ....... euuuuh ... näischt am Fong ... effektiv, just "Klick: ooooooh!" oder "klick: hmmmmm?" smile

also bei mir ass "hmmmmmm" ze iwersetzen matt "hmmmmm wees nët ... huet nët direkt oooooooh gemach ... also och nët direkt woaow ... hmmmmmm waat klappt dann nët? ... hmmmmmmm"

sou an elo zur Konklusioun vun mengem brain-life smile:
bei dëser Foto huet ët ...
tadaaaaaaaa : ... "klick: ooooooooh!" gemach

waat esouvill heescht wéi:
° "aaah toll déi dooten! gefällt mir gutt ...
° d'Luucht ass gutt (fir mech, ne)
° d'Faarwen sin schéin openeen gestëmmt ...
deen Halo an den Hoer stéiert mech nët, fannen ech passt esouguer ...
° ët gesäit e bessi no fairytale ambiance aus
(wann net nach daat Glänner do wier waat mech zu "industry" zeréckbréngt ;-) )
° een ganz schéint Meedchen matt super Bléck, super Figur (grrrrrrr jalous grrrrrrrr...), schéinen Outfit, ...
d'Haltung ass och gutt, speziell, jo ... well, am Fong, keen hällt sech esou widert een Glänner, mee hatt ass jo d'Ana Morphia an posed (wéi schreiwt een daat??) eben als Model ... an déi daerfen/mussen/sollen oft komesch Posen anhaalen (kënnen) smile
° flott Perspektiv
ech fannen nët, dass do eng Déformatioun entsstaanen ass, verstin awer nix dovunner ... mäin Gehier seet mir: jo, passt, näischt stéiert meng Gehierzellen, deet nët wéi an den Aan an am Kapp an am Kierper wann ech drop kucken ... also: = Ok déi Positioun


sou ... Paus ass eriwer ... ech muss erëm schaffen ... :-(
wollt ët jo och just kurz und bündig machen, ne


ech fréen mech op weider Experienzen/Fotoen/Wierker vun dir ... (hun schon een Aan waat op deen aaneren Portrait luusst ... waat mir och ganz gutt gefällt ...)

fir mech, ass hei een groussen Ënnerscheed matt daer aaner Foto, wou ech zevill déforméiert fonnt haat an komesch Schieter gesin hun (also mäin Gehier huet daat fonnt, ne ... tu suis?;-) )

voilà
byebye
m-otiv 07.07.2010 - 20:53
war dat déi "ech halen mech kuerz" versioun? wéi wier dann di laang gewiescht ? bigsmile
Merci fir deng "detailreich" analys... Deen Halo ass effektiv nogemolt gin...
Ech mengen matt desem Bild hun Ech wierklech jidereen seng Meenung errégt waat och erem beweist dass alles eng affair de gout ass...
je suis closed_eye

Shantideva 08.07.2010 - 18:05
Ma, villmools Merci! smile
m-otiv 08.07.2010 - 21:30
Creativity is allowing yourself to make mistakes. Art is knowing which ones to keep...
gloda 07.07.2010 - 21:22
Ah déi hei haass de gemengt mat den 40 Kommentaren. Mech rappt se net vum Stull mä ech ka mer gutt virstellen dass de do nach eppes ganz interessantes fannen wäerts wann s de weider experimentéiers.
m-otiv 07.07.2010 - 21:29
Gilles...wanns du elo nach äntwers, dann sin mir op 50 Komentaren smile
Jo dat mam WW an models gin ech nach net op smile
gloda 07.07.2010 - 23:20
Ech hat et probéiert, awer net weider verfollegt.
Blimchen 07.07.2010 - 21:35
Ech fannen se elo och net esou flott. Wëll seng Stier esou no hannen gezunn ass an den Kapp immens kleng wierkt.
Mee dat kann och täuschen weinst dem Objektiv
m-otiv 07.07.2010 - 21:39
Den kapp wierk a mengen Ae mei grouss wéi de recht...(verglach mam uewerkierper)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 393 Gäscht online