Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vampire Diaries?

 
Vampire Diaries?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.07.2010
  • Gekuckt:
    34763
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f3/5
  • Brennwäit:
    50 (x1.5) mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    1x softbox
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    800x579
  • Späicherplaz:
    238 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    50mm f1.4D
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:
reflekter

Fir anzesetzen: [pg_img=46918]
Kommentar vum Fotograf:
Op Wonsch vum Model: Richtung "Twillight saga" (hunn de Film net gesinn)..
Hoffen et gefällt. Wéi elo gewinnt "motivizéiert" vorher nachher fannt dir op www.motiv.lu .
ludiol 05.07.2010 - 10:16
gefällt mer ganz gudd, e schéinen plasteschen Look. Ech fannen d'Aan just e bessen ze hell
m-otiv 05.07.2010 - 12:06
jo Olivier...di sollen awer esou sin smile...also inspiréiert vum film wou d'aan eben giel sin...Digital Art halt
merci awer
ludiol 05.07.2010 - 16:48
daat gielt fannen ech och zimmlech cool, me d'Aawäiss ass mir ze wäiss, ass awer meng perséinlech Meenung tongue
m-otiv 05.07.2010 - 17:13
ah ok...ech hat d'Iris gemengt an falsch gekuckt...dat waisst jo, kann ech novollzéihen verbesseren dat och
Keup 05.07.2010 - 11:36
Beis verschafft. D'Aan fannen ech just bessen iwwerschaerft geintiwwer den Aapenhoer an fiischten Deel vun den Hoer.

Gefaellt mer awer trotzdem gudd.
m-otiv 05.07.2010 - 12:03
merci Yves...elo wou's du et sees, hues du absolut rèscht smile et ass awer eng première: soss sin d'aan ni scharf genuch smile
dann schärfen ech d'Apenhoer no (geet supper mam neien sharpening pinsel am CS5, deen hun se wierklech gutt iwwerschaft)
Keup 05.07.2010 - 18:19
Ech well och den CS5 closed_eye muss emmer mat Layeren wuerschtelen fir eenzel Deeler no ze schaerfen.

gtaddei1 05.07.2010 - 13:19
jo ech mengen dei ass ganz gudd am allen
m-otiv 05.07.2010 - 14:24
merci Gennaro...
g3ckko 05.07.2010 - 13:52
Flott gemaach obwuel ech elo schon de Keiss hun wann ech bedenken, dass ech deen neien emo-vamp film muss kucken goen smile

Dei Photo as irgendwei esou intensiv nobeaarbescht, dass ech deelweis geduet hun, et wier en 3D model fir e PC Spill. cool
m-otiv 05.07.2010 - 14:24
jo genau...à la final fantasy
Schluck 05.07.2010 - 13:52
Do huet awer een Blutt geleckt closed_eye

Flotten Portrait an schein verschafft.
m-otiv 05.07.2010 - 14:23
merci
Megafred 05.07.2010 - 13:54
Super compositioun! Bravo
Schued dass de Kapp uwen geschnidden ass....
m-otiv 05.07.2010 - 14:20
also dat héscht " composing" an net eng compositoun smile ..dat get et och mä ass eppes aanescht.
Den Kapp ass gewollt gekroppt gin. Wollt keng passfoto maan an esou leit den lénken Aa op engem Spannungspunkt
Merci fir dein Kommentar
flohzirkus 05.07.2010 - 14:18
erënnert staark un den Angelina Jolie Portrait vum Martin Schoeller. nëmmen gespigelt bigsmile Sau cool op jiddefalls.
m-otiv 05.07.2010 - 14:21
ech muss den portrait mol gesinn...du bass haut den 2ten den mir dat seet smile ... gin elo googlen
m-otiv 05.07.2010 - 14:23
taatsaach smile ech sin paff smile also ech hun mech vum poster vun True Blood inspiréiert an gesin dem Angelina sein portrait elo fir d'1st
suraki 05.07.2010 - 16:54
ech muss soe Vito , dës hei gefëllt mer net esou gutt
dei Blutt em de Mond geséit aus ewéi ... mmm, net flësseg, irgend wei ewéi eng rout Spaghetti, d'Hoer gefale mer och net iergendwei statesch, déi schaarf Aen passe net zu den flouen Wimperen. Ok den Hannergrond ass hei awer tip topbigsmile

am eecht, ech hun hei 100x iwerdriwen, mé dest Bild as elo net menges
m-otiv 05.07.2010 - 17:03
autsch smile on ne peut pas plaire à tout le monde...sin awer frou dass ech op e puer fehler opmirksam gemeet gi sin...(schaarf aan an ze waiss aan kann ech no-vollzeihen)
Mam blutt (hei och digital) gesait flesseg guer net gudd aus (platt, also et muss schon een highlight dran fir dass et flesseg ausgesait)
Ouf merci fir den hannergrond, haat schon anscht vignette wier ze schtark bigsmile
suraki 05.07.2010 - 17:27
ech sot jo, net ze eescht huelen ! bigsmile , konnt mer et awer net verquëssen hei emol en Kommentar ofzeginn dee net op Richtung ... top geht closed_eye
alzedachs kann en iwer deng Biller jo net lästeren, wann dann awer mol Méiglechkeet besteet .... hehe , ewéi d' Wëllef déi iwert een hierfalen wann een e bëssen verwonnt ass bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 442 Gäscht online