Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Golden Gate at night

 
Golden Gate at night
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.03.2006
  • Gekuckt:
    61376
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    78
  • Beliichtungszäit:
    61
  • Blend:
    f//8.0
  • Brennwäit:
    31 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    97 KB
  • Originaldatum:
    19/Mar/2006
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:
Stativ
Remote Release

Fir anzesetzen: [pg_img=4645]
Kommentar vum Fotograf:
Um 2:12 geschter mueren gemeet, mein Fliger ass um 6:30 gaang.

D'Foto ass gemeet gin an den Marin Headlands, vis-à-vis vun San Francisco (lénks am Hannergrond).
mmphotos 20.03.2006 - 20:14
Mier gefaellt dei doten super as einfach nemmen schein. Mengen un daer get et neicht auszesetzen(du bas jo nawell oft an amerika)
CK 20.03.2006 - 20:21
Merci - ech hätt zwar nach gäer eng gehaat wou d'Wasser méi glaat ass (just firdrun war grad en Schëff vun riets no lénks duerch d'Bild gefuer), mee hun fonnt et wier Zeit bei de Flughafen ze fueren. smile

An jo, ech war 'relativ' oft doiwer an läschter Zeit, mee mengen lo ass mol eng Zeitchen Schluss. (Soën ech ëmmer. Reesen fir mech ass wi aner Leit mam Alkohol - "nie méi" an dann di Woch drop kucken ech schon rem waat et esou gët.)
Val 20.03.2006 - 20:15
ass et eng DRI ? Prima ! sau flott Fotto
CK 20.03.2006 - 20:17
Nee, just eng eenzel Foto.
n0brein 20.03.2006 - 20:22
Erennert mech direkt un eng aanere brecke fotoclosed_eye, mee des gefällt mer besser, mee du stoungs nawell zimlech laang do 61 sekonnen, wow...
an su direkt hun ech mol naicht ze meckeren, wierklech flott foto
CK 20.03.2006 - 20:29
Jo, daat héi ass halt eng klassesch Vue, ech hun just Joëren gebraucht fir mol eng Kéier nuets dohinner ze kommen. smile

61 Sekonnen ass laang, mee war di eenzeg Méiglechkeet fier genuch Luucht ze kréien fir eng ISO 100 Foto ze machen... dofiir ass jo d'Remote Release gudd, da brauch een och net de Knätonguepchen unzehaalen (ass jo am Bulb-Mode gemeet). smile
n0brein 20.03.2006 - 21:06
haat eigentlech un eng foto vun engem bestemten photogen user geduechtclosed_eye

sou fotoen wei des probeiren ech am summer zu londonsmile
CK 20.03.2006 - 21:11
Jo, war elo grad kucken an hun déi (wann mer vun der nämmlechter schwetzen) net mi fonnt.

Ech wollt och nach emmer méi sou Fotoën zu Lëtzebuerg probéieren, och wann mer net grad esou vill spektakulär Sujet'en hun. smile
yoshi 20.03.2006 - 22:25
dei foto ass nemmi um site, den user huet all seng fotoen gelöscht
elmuzo 22.03.2006 - 17:02
Wengst der Foto
redrum 20.03.2006 - 20:31
Einfach nemmen brilliant! Suwuel d'Bréck, wéi och d'Waasser an d'Hannerland ass absolut perfekt gin! D'Reflektioun am Wasser ass einfach WAHNSINN. All Respekt un deng Fotoen, déi sin emmer erem brilliant!
Gett vu mir eng makellos 10!
CK 20.03.2006 - 20:36
Merci! smile
Mojoo 20.03.2006 - 20:41
Wow... D'Waaser gesait sou glaad aus.. Wow... closed_eye
CK 20.03.2006 - 21:15
Merci. Mee wi gesoot, hätt nach kënnen bëssen méi glaat sin wann daat Scheff net bessen Onrou bruecht hätt. (Oder vlaicht hätt ech nach sollen eng machen op f/11 mat 2 Minutten, well schlussendlech war ech awer nach gudd zur Zeit um Flughafen.)
Kleent 20.03.2006 - 20:48
wonnerschéin! et passt wieklech alles! d'faarwen gefaale mer am beschten!
dohinner well ech och mol eng keier smile
CK 20.03.2006 - 20:59
Flugticket kaafen an fléien - hun soss och gesoot "do wier ech gäer" - heiensdo ass et méi einfach wi ee mengt. smile

(Oder wann d'Fra am Texas eng Erkenntnis haat di ech net hun, [Bleck op den knaschtegen Auto voll mat Salz] "so did you drive all the way over from Luxembourg?" smile
Kleent 20.03.2006 - 21:24
keng suen an keng zait tongue
CANON 20.03.2006 - 20:51
Sau gut Photo ...ech waar och schons do mee ech haat angscht vir owes dohinn ze goen 10/10
CK 20.03.2006 - 20:56
Nee, Angscht haat ech do eigentlech keng, di ganzen Zeit wou ech do war hull een Flick just 100m vun mengem Auto weg, an di eenzeg Leit di soss nach do waren (Koppelen) waren mat sech selwer beschäftegt. smile

Op der anerer Seit (also zu SF zou) war et mer bessen méi ongeheier, do hun ech och bessen méi opgepasst; mee insgesamt ass deen Stadtdeel um 2 auer nuets ganz roueg. (Di méi suspekt Gestallten waren méi Richtung Stadtzentrum.)

Am schlëmmsten Fall wou een mech attackéiert krit en en 3-Kilo Fotoapparat op de Kapp. smile

Merci fir de Vote. smile
NoHa 20.03.2006 - 21:09
uiui, wieklech super technik annatielech scheint motif!
d breck as immenz schaarf an t waaser as su glaat... wieklech scheint foto daat do smile
wann ech aal genuch hun kaafen ehc ma o en flugtiket closed_eye
CK 20.03.2006 - 21:12
Merci. smile

Heh, jo, heiensdo ass et ee Firdeel bessen méi aal ze sin. (Amerika virun allem, Auto bezuelt een och méi deier wann een ënner 25 as.)
elmuzo 20.03.2006 - 22:04
Nemmen allerbescht. Wat soll een bei sou villen Comments nach braddelen. Päfferkär... 61 Sekonnen sin do lo awer nemmen Zoufall, oder? smile
CK 20.03.2006 - 22:10
61 Sekonnen ass wann een well eng Beliichtung vun enger Minutt machen an et dréckt een net séier genuch op den Knätonguepchen fir d'Sperr vun der Fernsteierung rem lass ze machen. smile
elmuzo 20.03.2006 - 22:56
smile)
Nicon07 20.03.2006 - 22:25
Well ech der och eng ganz gudd note well gi, muss ech jo fir d'éischt ee Kommentär schreiwen. Domat hun ech alles gesoot.
CK 20.03.2006 - 22:50
Merci. smile
maxipu 20.03.2006 - 22:26
zu daer hei photo brauch ee wierklech nit mie vill ze son. einfach nemmen wonnerbar. has natiirlech och chance mam wierder, matt dem mir, an dass kee fliiger koum, mee egal.. dat do ass perfekt! war et nit besi kaal do?
CK 20.03.2006 - 22:43
Dem Auto no waren et mengen ech high 40s an deer Nuecht, daat heescht wuel sou em 7 Grad ongeféier, mee et war vill Wand, an deen war a***kaal. smile
maxipu 20.03.2006 - 22:45
ech mengen op där plaatz ass emmer wandclosed_eye suguer am héichsummer stees de der do den allerwärtesten ofzefréierenclosed_eye
CK 20.03.2006 - 22:53
Menger Erfahrung no (di zwar net esou enorm grouss ass) ass Freijoër an Hierscht souwiesou di besser Zeit zu San Francisco, op jidde Fall waat den Niwwel ugeht - well deen ass jo am Summer am schlëmmsten. Ech si mol schon am Februar oder März am T-Shirt iwert d'Bréck gaang.
yoshi 20.03.2006 - 22:32
Super Foto...
Hues de Beliichtunszait mat ausprobeieren fonnt oder iergentwei gemooss?
CK 20.03.2006 - 22:39
Merci. smile Ech haat virdrun e puer Beliichtungen gemeet mat Aperture Priority f/8 an 15-30 Sekonnen (vun der Kamera gemooss) op ISO 400, duerwéinst hun ech geduecht mat ISO 100 an 1 Minutt misst ech och e gudd Resultat kréien. (No der Logik 15s@ISO 400 = 30s@ISO 200 = 60s@ISO 100.) Also ass meng Äntwert wuel "eng Kombinatioun", dH. fir d'éicht vun der Kamera gemooss, dun empiresch erausfonnt, an schlussendlech Parameteren geännert no gängegen Regelen...
yoshi 20.03.2006 - 23:45
problem gudd geleist smile
kola 20.03.2006 - 23:36
Fir eng eenzel Foto ouni DRI fannen ech déi hei einfach genial ! Respekt smile
alma 21.03.2006 - 08:42
génial, ann daat alles ouni DRI einfach nemmen top
Knolles 21.03.2006 - 15:13
/removed/
patty 21.03.2006 - 21:16
gefällt mier och immens gudd! firun allem d'farwen!
dendan 22.03.2006 - 02:51
Einfach nemmen gut..... Respekt!
Olivier 22.03.2006 - 17:19
Fannen d'foto wierklech flott... faawen.. schein...
MarcGerard 23.03.2006 - 13:25
super-schéin!! zumol fir net-DRI!!!!
Annick 24.03.2006 - 18:47
fannen se och mega schein wow
Gummibaer 30.03.2006 - 20:41
Schéi Foto CK smile
CK 30.03.2006 - 20:48
-
Annick 06.04.2006 - 09:18
RESPEKT ech kukke ma di fotro dacks un, se gefällt mer einfach total
joellchen 12.04.2006 - 21:55
boah des foto as einfach nemen Top smile
coolpix 02.05.2006 - 21:28
Respekt, ech mengen et gouw schon alles gesoot...
Mee ech fannen net daat'en dei Wellen am Waasser steieren. Et brengt e bessi Beweegung am Bild well soss gesäit een naeicht "leiweges" wäit a breed bis op d'Autoen op der Bréck dei eng Liichtspur hannerloos hunn. Ouni wier et zwar vläit mei "tongueropper", mee dess huet hieren ganz eegenen Charme closed_eye.
CK 02.05.2006 - 21:31
Jo, sou kann een et och gesin. smile Merci!
Jury 06.05.2006 - 19:54
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
patty 10.05.2006 - 08:39
oh nee den kola wuar eischter wei ech mat dem wielen als topfoto!
MadSir 06.06.2006 - 22:20
Super Bild!! Ech hun a Menger Wunning ee Bild ophenken vun déier Breck, an nach vun aaner Brecken (Sydney an New York). Hun esou Fotoen gär. Dëss kéint ee glaad och nach ophenken smile
spako 21.06.2006 - 14:49
WOW! Super Foto!!!
kim 20.07.2006 - 04:22
OBERGEIL
joellchen 03.08.2006 - 19:49
daat heiten as elo meng Lieblingsfoto gin smile
CK 03.08.2006 - 19:57
Merci. smile
little-dreamer 09.08.2006 - 09:59
wow=O
ass wieklesch impressionant di aussicht!!=D
do muss ech och eng keier hin =P
ass der wieklesch eng gelongen foto gin!smile
(p.10)
CK 09.08.2006 - 22:34
Merci smile
THE-BAUER 09.08.2006 - 21:48
immenz foto, kann baal net gleewen dass dei echt ass
CK 09.08.2006 - 22:32
Thanks - an jo, se ass echt, daat kann ech der garantéieren. smile
Neckel 14.08.2006 - 09:32
Hm lo sin ech awer enttäuscht...hun ech dannn souvill Fotoen nach net gesin tongue

Hm majo dann mat bessen Verspeidung...eng super flott Foto...einfach schein unzekucken...cool

Genial Faarwen, riesegen Ausbleck, jojo eben CK-like closed_eye)
MarcGerard 14.08.2006 - 10:51

tjo neckel.... ween ze spéit kënnt [...]

bigsmile

du kanns jo engkéier ganz fir ufänken an alles duerchstöberen bigsmile
Neckel 17.08.2006 - 01:17
Du sees et mein gudden Maggele ... closed_eye)
CK 15.08.2006 - 21:23
Merci smile
MarcGerard 30.08.2006 - 13:40

't foto as ouni zweifel genial!
ech hun awer een intressanten trailer fonnt vun engem film deen sech bessi amt der bréck befasst.. as bessi traurech, mee ech posten de link mol einfach bigsmile

http://www.apple.com/trailers/independent/thebridg...
CK 30.08.2006 - 14:36
Jo, ech mengen ech haat schon vun sou engem Projet héieren. Ass sëcherlech keen Film deen een onbedengt muss gesin (also soën ech mer mol).

Woubei och do d'Leit manipuléiert gin - ech hun zB. iergendwou gelies dass XX Prozent vun den Leit giffen vun der Seit eroofsprangen wou een SF geseit. Daat heiert sech elo melodramatesch un, mee wann een dann weess dass di aner Seit net emmer op ass, respektiv deelweis just fir Veloën op ass, dann kann een déi Statistik ganz anescht interprétéieren.
Kwitchibo 22.09.2006 - 01:14
waat soll ech soen....


TOP as dei 100%
den richtegen Mann op der richtger Platz !!
BRAVO
KaKa 20.02.2007 - 20:55
Also, di Foto ass MMMEEEGGGAAAAAAA!!!
respekt...
CK 20.02.2007 - 21:05
Merci smile
KaKa 21.02.2007 - 15:03
wow
Annick 29.03.2007 - 09:36
wow, einfach nemen TOP!!!
rockstarnailbomb 09.06.2007 - 14:47
MEGA !!
wei ech do war, war dauernd niwel... do war et baal onmeiglesch fir eng flott foto vun der breck ze maachen....
herrlech dei doten..kriss eng 10 vun mir smile
CK 09.06.2007 - 16:06
Thanks. smile

Ech weess net wéini dass de do wars, mee Abrëll bis September ass an deer Geigend bei der Küst net déi optimal Zeit... dann ass ganz oft Niwwel.
MarcGerard 14.07.2007 - 13:48
Das Blau und das Gelb
Charles 10.04.2008 - 23:04
Also ech muss schon soen, WOW! Di dooten huet et an sech! Gefällt mar richteg gudd smile 10 Points....Bravo!
McQueen 17.04.2008 - 10:30
Do ass jo schon alles gesot gin...

Ganz gudd Foto! TOP !
buRRito 05.05.2008 - 23:20
hmm... einfach TOP! bigsmile hun do wierklech nix auszesetzen!! smile
jegas 15.05.2008 - 10:16
Ech schléisse mech un, e super Bild. Wier eng flott Reklamm fir San Francisco.
Matine 19.05.2008 - 20:14
hmm wow do weilt ech och mol hin
mega schein
denterlara 01.09.2008 - 15:20
Wierklech top !!!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 466 Gäscht online