Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hei schafft keen mei ...

 
Hei schafft keen mei ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.06.2010
  • Gekuckt:
    19078
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    25
  • Blend:
    f/4.0
  • Brennwäit:
    10.0 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Nee
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x534
  • Späicherplaz:
    100 KB
  • Originaldatum:
    09.03.2009
  • Fotoapparat:
    Canon Eos 350D Digital
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46434]
Kommentar vum Fotograf:
gloda 18.06.2010 - 17:15
Flotte Kader, mä dem Bild feelt en Sujet, en Haaptpunkt.
Kuck och den Bord ronderëm d'Bild, et gesäit aus wéi wann dat beim Schäerfen geschitt wier.
sir_von_sinnen 18.06.2010 - 17:49
Haaptpunkt ... ech weist lo net direkt wat ech do hätt kéinten anescht maachen ?

Mengste déi wäiss Rumm ronderëm ??
Shantideva 18.06.2010 - 21:55
Mat Haaptpunkt mengt den Gloda bestëmmt een Sujet. Et ass näischt am Bild wat wierklech den Bléck unzitt. Ech ginn och (bal) nëmmen op sou Platzen Fotoen maachen, awer et muss een dohin goen mat enger Philosophie am Kapp, an och d'Platz duerch den Cadrage, d'Objektiv an d'Bea interessant maachen. Soss gëtt et just eng Doku Foto vun engem delabréierten Gebai. Ech well awer domat net un dir oder dengen Fäegkeeten zweiwelen. Awer dat ass och een speziellen Sujet wou sech 90% vun den Leit d'Zänn aus bäissen wann se sech net Joeren laang domat beschäftegen.
gloda 18.06.2010 - 22:31
Jo déi hell Rumm, 1px breed ongeféier. Den Shantideva bréngt et op den Punkt. Däin Bild ass ok als Arrière-Plan, mee du brauchs en Element wat eraus stëcht an sech vum Rescht ofhiewt.
sir_von_sinnen 18.06.2010 - 23:17
@ Shantideva :

Merci , et muss een io eng kéier ufänken , hunn awer wëlles nach en Versuch ze starten , an dann hoffentlech eng besser Foto eropzelueden ...

@ gloda :

Keen Plang wou , den wäissen Kader do hier kennt , um Original ass nämlech keen do ...

Wat mängste iwwerhaapt mat " Schäerfen" , kennen dat nëmmen vun Messeren ?
gloda 19.06.2010 - 01:06
Eng Foto kann "flou" oder scharf sin. Software kann eng Foto nodréileg méi scharf maachen, sou dass se méi kloer wierkt. Et kann sin dass den Programm deen s de fir d'Verklengeren vun der Foto geholl hues dat vum selwen gemaach huet.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 435 Gäscht online