Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

DUDELANGE ON WHEELS 2010

 
DUDELANGE ON WHEELS 2010
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.06.2010
  • Gekuckt:
    47197
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    jo
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    511x720
  • Späicherplaz:
    439 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D3
  • Programm:
  • Objektiv:
    24-70 2.8
Kategorie: Digital Art »» Allgemeng  
Extras:
Photoshop
Illustrator
Mandy, merci :)

Fir anzesetzen: [pg_img=46404]
Kommentar vum Fotograf:
13. éditioun!
Be there :)

www.parcandride.lu

Géif mech freen iwwer reaktiounen zu der Affiche!
Snaker 16.06.2010 - 19:22
Genial
Gudd Geschafft klex.lu
Maimonides 16.06.2010 - 20:49
Ass dat 1 Plakat ?
Kwitchibo 16.06.2010 - 21:54
jo
Kwitchibo 16.06.2010 - 21:56
iLIKE hues Foto wous de am Kapp has an erklärt hues guud emgesaat an dei Summerlechfuarwen gefallen och ganz guud
Representeiert guud DUDELANGE ON WHEELS!

mbG

MARC closed_eye
Gaga 16.06.2010 - 23:27
hmmm, och hei wier en kommentar am senn fun "erklärung" ganz gut ...
ech huelen jo mol un (fier net hoffen ze soen) dats du daat gemach hues ... well soss wier et jo absolut net präsenteierbar ... ?!?

trotzdem muss ech soen dat ech et net imens fannen hei PG als reklammentafel ze benotzen, an aus dengem Kommentar geht kloer eraus dats de nemmen wells reklam machen, an net kritik fier deng arbecht kreien !

also en kloren no-go fier mech ... sorry meng mehnung ....
forum as do dei besser plaatz !
Locke 17.06.2010 - 00:50
hu nix geschriwen bis en Aaneren sech erbarmt huet, wollt net als Buhmann do stoenclosed_eye, mee du hues Recht
klex 17.06.2010 - 01:20
hey smile ech hun e gemaat, du kans mer gär deng kritik gin, géif mech freen. Sorry wann ech vergiess hun dat dobäi ze schreiwen, normalerweis maachen ech et.

Zur Reklamm, d'schwätz fläit puer Jonker un, an hei erreescht et der secher mei wi am Forum. Dat eleng wuar awer net Sënn an Zweck fir et op PG ze setzen, mee gin der Rescht dat een et falsch verstoen kann. Zur Info awer nach, Parcandride ass eng asbl! Geht jo also hei och net drem Profit draus rauszeschloen.

Trotzdem ass et eng Foto a Grafik, wi och vill vu mengen aanere perséinleche Sachen, an do sin ech emmer frou iwwer Feedback.
Gaga 17.06.2010 - 08:32
jo Klex, ech well net bestreiden, wann ech nach em Minett geiff wunnen geiff et mech och interesseieren an ech geng souguer goen ..
mais ech denken daat hei : waat as wann elo all PG'er sengem Jickeclub sein Fuessbaalposter hei post ? (as jo noheliegend dat een den am Clubliewen aktiv as, och den "graphiker" fum Club spillt!)
Deng Arebscht fannen ech super, mais den Kontext :

13. éditioun!
Be there smile

www.parcandride.lu


fannen ech net esou gut !
mais egal, ech hun just eng Mehnung, PG huet der 2500 !

closed_eye
Johny 17.06.2010 - 09:39
Et sinn all Joer PG'ler um parcandride, et ass schonn eppes wéi en alljährlechen event wou ëmmer PG'ler hi ginn - wann soueppes wat scho laang méi bekannt ënnert de Leit ass net däerf gewise ginn ... bëssen gesonde Mënscheverstand muss een awer hunn smile En plus ass de Kwitch net iergendee PG-User.
Maimonides 20.06.2010 - 01:06
Johny, du wells eis jo secher net soen, dass et hei op PG, daer enger an daer aanerer gin. Am Prinzip si mir all gleich, oder gin et der dei mei gleich sin?
Johny 20.06.2010 - 12:32
Ech soë just wéi et rechtlech ass, an souguer virum Gesetz huet e Comitésmember aner Rechter wéi e Member, well en zesumme mam Comité de Club vertrëtt smile
Maimonides 20.06.2010 - 18:49
Dat si Rechter dei duerch d asbl defineiert sin. An dei Rechter do hun Naischt mat de Fotoen ze din.
Anscheinend huet de klex (deen ech iwrigens deck apprecieieren) dem Kwitchibo seng Foto jo och erklaert.
Firwaat huet heen eis se dann net och erklaert ?
Ech weess dass dat dei aal Dudetown Clique ass, dei och decken Asaaz weist, mais PG ass grouss gin, a mir hei uewen am Urwald, net nemmen di schwaarz Kaaz, mais och nach Aanerer, kennen net onbedengt dei ganz intim a kollegial Spezifiziteiten vun den Ufaeng vu PG.
klex 20.06.2010 - 18:59
hätt ech effektiv kenne maache, mee wollt firdéicht mol reaktiounen oofwuarden op et sou ukennt wéi geduecht.
Hun et beim Jade sengem Kommentar elo och erklärt...
klex 17.06.2010 - 16:55
komm laanscht, et kann ee flott Fotoen do maachen smile
Gaga 17.06.2010 - 18:26
jo ... ech hun jo nemmen meint gesoot, as der opgefall dat ech (nemmen) 2 Ausruffezeichen benotzt hun an esou engem laangen kommentar ? bigsmile
da stell et dach mol (och) ennert "meetings" *ausrufezeig*
closed_eye

PS : Diddeleng as cool, mais t'Diddelenger sin lauter luscher, haat eng jet Frenndinnen fun do bigsmile
Maimonides 20.06.2010 - 19:22
Den eyecatcher vun denger Grafik ass dei schiif Schreft. An dei passt genau.
Kwitchibo 21.06.2010 - 11:26
@ Maimonides

Muss ech Dir se erklären ?
Dudetown as keng Clique mee eng Stadt vun 19000 Leit closed_eye

Ech fannen Sponosoren hätten net missten hei mat drop sin mee voila...

Komm och dohinner an mach Fotoen mech geif et freen!

cheers
Kwitchibo 18.06.2010 - 12:12
@ Gaga Digital Art steet se an et as net dei eischt Affiche wou hei ze gesin as nach all Joer waren Dow Teaser drop elo eben mol Affiche well se eben vun engem Aktiven Photgener gemach as sowuel Foto wei och den Grafeschen deel!

an egal wei as DOW 2010 sau cool closed_eye

peace out

P.s : Jickeclub as de Parc an Ride net well et sin Jonk Leit vun wou daat ganzt ugefangen hun an gleef mir een et as mei easy een Fussball Club ze maan....

an du muss och kommen well et as Action Spass Musek Drenken an iesen waat wells de mei?? closed_eye
Gaga 18.06.2010 - 18:35
ehhh ... ech hun keng 20 mei Kwitchibo ... iessen an drenken geht nach ... mais de recht ...!
bigsmile
Snaker 19.06.2010 - 01:33
Dei hued den Kwitchibo och ned mei xD
io an daat mam jickeclub hued mech perseinlech och zimlech ugegraff...... unhappy
Gaga 19.06.2010 - 11:01
jo ech wees, dei jonk fun haut sin relatif sensibel a verletzlech, ech froen der en rendez-vous am SPOS, do kanns de mat engem schwätzen deen der nolauschtert, awer nemmen well en dofier bezuellt get ! bigsmile

closed_eye
Kwitchibo 20.06.2010 - 01:58
Wann ech weist ween mech op 9ieme orienteiert huet dann geif ech dem haut soen : waat bas du een IDIOT!...
Snaker 20.06.2010 - 02:41
Tja leider hun ech dei meiglechkeed vum SPOS ned mei!
Ed sinn nach jonker dei och nach mam lycée färdesch ginn, an ned dauernd setzn bleiwn cool
JADE 20.06.2010 - 14:35
ech gesin elo hei weider keng Comments zu der Affiche
Reaktiounen, jo smile

ech lancéieren mech dann matt engem Comment:

d'Affiche entsprecht net mengem perséinlechen Gout (eben les g et les c)

well:
° d'Foto fannen ech net esou passend zu deem Meeting an Contest
ech war nie do, hun och just Fotoen vun do gesin, an vun deem waat ech gesin hun, hätt ech éischter esou eng "skate/snake/BMX-in-action" Foto hei gesin
ass bestemmt och spezifesch gewollt esou

villaicht war d'Idee awer genau den Kontraire ze machen vun deem waat déi meescht sech erwaarden? wann jo, fannen ech et awer net esou gutt

° déi Faarwen errenneren mech éischter un Feier, oder un een Feierlager (oder un d'Hell bigsmile ) wéi un, ech soen elo emol einfach, "Loftfraiheet" (waiss, blo, gréng) an "artistic performance", "Vitesse" (metal, gro, selwer, blo) etc ... déi déi Wierder "skate/snake/BMX" bei mir ausléisen
et ass och net direkt ze erkennen waat et ass, also ech fannen deen setzenden Kandidat ze dominant am Verglach zum Skate

° fir een groussen skate, ... etc Fan, ass et villaicht egal ween do mattmecht, deen Fan geet wahrscheinlech egal wéi dohinner oder geet op d'HP kucken, well daat eben senges ass ...
an awer e puer Nimm vun deenen déi performen (zB och Gruppen)
wier och attraktiv

° ech fannen "DUDELANGE" och ze dominant am Kontrast an an der Gréisst
dass DUDE eenzel do steet daat gefaellt mir gutt bigsmile

déi Affiche ass elo fir mech net total ze verwerfen,
mee sie zitt main Aan awer och net esou un,
mee ech hun se och net als Affiche haenken gesin
an et ass just meng Vue

dann:
ech fannen och, dass et un sech éischter eng Affiche ass (du seet et jo och selwer, Klex) an net eng Foto wéi een d'PG Konzept verstoen kann/konnt/kéint
dh fir mech awer net, dass se seng Plaaz net hei huet, mee éischter dass eng Öffnung gemach gin ass fir esou Aarbechten
oder?

ech gesin se elo och net als Kandidatin fir d'Foto vun der Woch well et net eng Foto au sens propre du terme ass an well ech déi Foto déi dran/drop ass elo net als bewaeltegend fannen fir eng méiglech Foto vun der Woch


Klex, du kanns jo villaicht och deng Idee vun der Affiche erklaeren
ech kann mir gutt virstellen, dass du eben, wéi schon gesoot, net daat wollst machen waat jidfereen sech géing erwaarden fir esoueen Contest/Meeting
klex 20.06.2010 - 18:32
Wow merci fir dee Kommentar smile
Ass och net meng éicht Affiche hei, fannen eng Kategorie ''Foto/Grafik'' wär keng schlecht Iddi, gett jo och eng ''Digital Art''

erklären dan mol virwat ech et sou gemat hun...

D'sollt mol engkéier keng ''typesch'' Foto gin wu een direkt erkennt dat et e contest ass, well d'ass wäit méi wi nemen e contest (animatiounen, concerts, Dj's, d'Leit, di ganz Ambiance dee weekend) a wollt dat domadder weisen. Net just en serieuxen stricten contest wou et nemmen em dat geht.

Well déi meecht Leit déi um Contest matmaachen wessen et sws dat en ass an mussen net drun arennert gin smile

Um flyer dann ass awer nach bessen mei op Contest higewissen, d'ass Foto vum Skateparc drop, d'auerzäiten vun den Incriptiounen asw. An do stin och d'Bands drop di Concerten gin, an och soss mei Info nach.

Di wuarm Fuarwen sin un d'Enn vu engem ausgebrannten Film (super8) inspiréiert. An hu fonnt dass dat, zesummen mat der Fetter Oldschool Sans Serif Typografie aus där nemmlechter Zäit eng Pseudo-Nostalgie, Erennerungen, an e Summergefill vun Dudelange on Wheels eriwwerbréngt di ech och fir de Contest empfannen, well d'ass déi 13. editioun an eng vun de puer läschten do wu de Parc am moment steet.

Ech hu fonnt dat, doduerch, wans de d'Plakat esou gesäis iergentwou henken, dat et mei e grousse Public, firunallem Jonker uschwätzt a loscht mecht laanscht kucken ze kommen an e flotte Summerlesche weekend ze verbréngen, wi wann et reng op Contest getrimmt wär. Wees et natierlech net, mee mengen dat di Leit awer vun der Affiche ugewschwaat gin di et sollten. Dat stellt sech dann nach raus smile

Ech proposéieren trotzdem dats de d'dest joer bis laanscht luuse kens, da gesäis de besse wat dat ganzt sou ass :D
JADE 20.06.2010 - 19:16
ah ok, elo kann ech se e bessi besser novollzéien ...
zemols daat matt dem ausgebrannten super8 film, daat haat ech net erkannt ...

merci fir deng Erklaerungen

an, wéi gesoot, wann ech se als richteg Affiche gesin, gesin ech se erem aanescht smile

daat mam laanscht kommen ... ech waert mir et och dest Joer opschreiwen smile
Maimonides 21.06.2010 - 20:22
Och vu mir, Merci, JADE a Kwitchibo.
Miisamm 28.06.2010 - 18:24
Meiomei wat eng flut vun kommentarer. Simple as it gets:

Ech sin net deen, deen lo mat jorelaangem Konschtstudium daat dengen do no alle reegelen vun der Konscht kritiseieren, luewen resp. zerappen kann.

Et mecht säin dingscht, wann dat op der Stroos unzwousch hängt kuckt een drop. Et soll en eyecatcher sin (hoffen ech mol closed_eye ) an dat ass et och.

Fir elo ze soen iih bäähh reklam vun engem event op photogen ass beis a lo kenns de an d'häll, fannen ech e bessen krass. Et ass saugudd gemeet gsäit flott aus huet allerhöchstwahrscheinlich Tricker an Skill dran vun deenen ech dreemen. D'keinten sech vill Leit wou Affichen fir eppes maachen e grousst steckdofunner ofschneiden.

Also ech fannen fir dat wat dat Bild gemeet ass ass et Saugudd.

Greets

P.S. De Skatboard keint nach e bessen mei verbraucht asugesin closed_eye.
Oder och net et ass jo nach virum Contest smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 323 Gäscht online