Jo stemmt, wann ech ma Foto lo unkucken mierken ech et och. Ech Fotografeieren lo knapp 4 Wochen an sin fir all sou Tipp dankbar dass ech et nexten keier besser machen kann.
Eng kleng Saach stéiert an eng aner kenns du besser maachen.
Den Steng ënnen riets stéiert well en den Bléck no ënnen riets eraus zitt.
Blend kanns du déi nächsten Kéier méi opmaachen dat den Hannergrond méi onscharf an esou och manner "interessant" gëtt.
Evtl kanns du och nach eng Kéier croopen, Steng ewech an och deen ausgeclippten Deel iwwert dem Kapp e bëssen fort...., wat mengs du?
Merci fir dein Feedback
Mam Steng gin ech da Recht, wann ech Foto lo kucken steiert en mech och. Mat da Blend muss ech dir och recht gin, mei Blend op dem Objektiv geet net mei zou, ech sin leider um maximum.
Croopen hät ech se wierklech keinten, me hun se onverschaft online gesaat, me muss dir do och zoustemmen, muss mech mol bessen an den Photoshop ran schaffen
Wann's du mat der Blend um Enn bass muss du mat méi Brennweit schaffen.
Dat heescht am Plaatz 85mm mat zb 160mm, esou ass deng Schärftenzone och méi kleng.....
Fir Onverschafft ass Foto wéi gesot wierklech gutt....!
Wei den Foto schon geschriwwen huet stéiert den Potto liicht mä dat géif sech mat manner Schärfendéift vum selwen reegelen...
Stëmmen deem zou wat scho gesot ass (Steen ënne riets an de Luuchtepotto an der Mëtt).
A wéi de Laurent76 scho sot wier eng méi OPPEN Blend (hee sot du solls d'Blend zoumaachen, mengen do huet en sech awer just geiert; ass eppes wou ee séier duercherneen gëtt) gutt fir den Hannergrond méi onschaarf ze kréien.
Merci fir dein Feedback...
Ech probeieren nexten keier eng besser Platz ze fannen fir eng Foto ze machen, de problem war wär ech mei no lenks gangen hät ech foussgänger dropper.. De Luuchtenpotto hun ech mol net realiseiert wann ech eierlech sin
Dat mat da Blend hun ech verstannen, me dat objektiv wat ech hun as dei Oppsten Blend:f/4 ... Hät awer vleit sollten mein macro objektiv huelen, dat huet eng fest brennweit vun 100 mm awer eng blend vun 3,5 ...
Scheint Laachen huet Sabrina an Pose fannen ech och gudd
Emfeld as och flott, daat mam Steen an Luutepoto war jo well gesot, as daat wat ma och lo su opfällt