Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Erop oder Eroof?

Erop oder Eroof?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.06.2010
  • Gekuckt:
    35644
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f5.6
  • Brennwäit:
    14mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    471 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 7D
  • Programm:
    AV BKT
  • Objektiv:
    10-20 Sigma f3.5
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46020]
Kommentar vum Fotograf:
D'Finanz Welt... Sie décideiren op et eroof oder erop gét an mier Kucken hinnen ier Dométen no.
D'Schold ... eng Prisong fir d'Staaten ... D'Banken, gour kén Problém wann am Scheiss sinn ... jidderen helleft hinnen... D'Staaten? virwaat nett dei selwescht Solidariteit? an Spntaneiteit?
dr_kim_veis 04.06.2010 - 17:11
well et kengem helleft. plus 110 milliarden sin schon zeechen vun enger gewesser solidariteit...
gtaddei1 04.06.2010 - 17:33
Awer nemmen eng Gewesser! ... Wien huet gelidden am Bank Crack? An wien laid am Greek Crack ?
Beiden wooren Gauneren
D'Spontaneiteit? ... dei woar do matt ganze villen Reserven...
Shantideva 04.06.2010 - 17:42
Nuje, déi 110 Milliarden sin jo och just eng nei Versklavung. Slaves enslave slaves... Daat ganzt System ass faul... awer Politik ass vieleicht, souwéi Religiounen, keen gudd Thema hei?
Ech fannen d'Symmetrie am Bild ganz flott. Schéin cadréiert! Alt erem eng ganz interessant Foto vun dir.
gtaddei1 04.06.2010 - 18:02
Merci JC... Jo ech mengen ech misst ophaalen eng Normaal Rolltraap an engem Soziooekonomeschen Kontext ze setzen.
Religioun ass ganz kriddelesch ... nach mei ewei Staatsscholden
En plus kén wéés , daat Deitschland an Frankreich d'Souen débourseiert hunn nodééms Griechenland Waffen vun hinnen kaaf huet (also esou wollten d'Franzousen an d'Deitscher)...
Nu jé
Ech hunn dess eogelueden well én nett esou erausfennt op den Haer erop oder eroof gét ...
Shantideva 04.06.2010 - 18:08
Ech gin mol dovun aus dass en eroof geht... oder et ass eng optesch Täuschung? smile
gtaddei1 04.06.2010 - 19:32
Et géét effectivement eroof... also ass meng iwerléung falsch ... nu jé sie ass nett logesch wann én gudd kuckt
suraki 04.06.2010 - 20:39
ech wées secher dat et eroof gét, an dat mer nach nët ukomm sin.
Wann rechts a lènks vu eis d'Léit, Fraen a Kanner erhingeren an et si keng Suen do fir dénen e Grapp Rëis ze gin, ... fir d'Privatbänker awer Milliarden do sin ....da kann et nemme eroof goen.

eng exellent Foto, mer gefällt dat éen d'Enn vin der Traap nët geséit ! smile
gtaddei1 04.06.2010 - 21:02
Merci Ed--- et gesäit een och net den Ufank
Den Euro < 1.2 an Ungarn schlecht drun...
D'Boursen all am Keller ...
De Pëtrol leeft aus an de Mier ...

Banker soen... " mir sinn net schold drun " an si hunn och Rescht...

PS: Freck wat ech Fehler schreiwen ouni Korrekter
Maimonides 04.06.2010 - 22:06
Deen do geet eroof, Gennaro,
ganz eleng. Eleng, well e kee bëgéint.
E "lonely cowboy" quoi.
An ën ass awer iwerzeecht
dass di Traap do
vir heen réservéiert ass.
Selbstverständlich.
Mat Glanz a Gloria, Arroganz an Toupie
gët dat do e grandiosen Inferno,
fro mol den Dante.
An déi di d'Traap erop wëllen,
déi trauën sich nët well sie zëvill fein sin.

Super Foto, Gennaro.
Shantideva 04.06.2010 - 22:28
Ganz schéin formuléiert! smile Soit... d'Inferno liewt an brauch Liewen fir ze liewen. Haut bei denen, op déi mir etlech Joeren "eroof" gekuckt hun, an elo, bei eis virun der Dier. Mat Glanz a Gloria, Arroganz an Toupie laafen mir ignorant do eran. Ech benotzen den Begreff: "mir", well mir jo dozou gehéieren an nokucken. Awer, waat ass d'Inferno fir eng Persoun, déi "observéiert". Et ass een eidelen Begreff wéi Strei, een Kugellager oder eng Wäschmaschine.
Sin mir net schon lang am Inferno? Oder wien ass glecklech an eiser aktueller Gesellschaft... daat gief mech interesséieren. An domat mengen ech richteg glecklech... ouni Valium am Nuetsdech...
Maimonides 04.06.2010 - 22:44
Dën "Inferno" ass keng Persoun, Shanti,
mais dën "Inferno" ass een Zoustand
wou glaat a guer keng Regelen méi gëllen,
viläicht nach déi vun der Anarchie,
wann ët déi da sollte gin.
Stréi, Kugellager a Wäschmaschinnen
sin keng eidel Begrëffer mais ganz konkreter.
Ween awer, an eiser Gesellschaft, glécklich ass,
ass viläicht just nët deen, dee ganz eleng,
eng bombastisch Traap eroof transportéiert gët,
an da si mir erem beim Gennaro senger Foto.
An duerfir gefällt se mir sou gutt.
Shantideva 04.06.2010 - 22:57
Edit: Ech wollt soen... Waat bedeit d'Wuert "Inferno" fir eng Persoun déi "obsevéiert"?

Jo, genau domat sin ech mat dir averstanen... Den "Inferno" ass een Zoustand... an och een Konzept. Mir definéieren waat gudd ass, an waat schlecht ass op Basis vun enger baal onendlecher Vergangenheet an och engem baal onendlechem Netz vun Konzepter déi mir eis opgebaut hun. Ech schwätzen elo net genau vum Dante sengem "Inferno" wéi heen et beschriwen huet. Ech well just soen dass eis Welt eng Illusioun ass sou wéi den "Inferno" jo och. Et ass een Begreff fir een Konzept waat mir erschaaf hun (e bessi kollektiv als Archetyp an och perséinlech durch den Intellekt)... dem mir een Liewen geschenkt hun, an daat ouni eis net kann liewen. Ouni "ECH"... keen Inferno... keng Wäschmaschine an keen Universum.... Uh!!!.... elo gin ech erem ze weit... Awer ech denken dass ech mech sou besser ausgedreckt hun... (Ech hoffen et mol... smile )
Maimonides 04.06.2010 - 23:15
D'Mënschen hun déi Welt déi sie verdéngen. Mais keen huet d'Welt gefroot. An déi wärt sich ze wiere wössen: ë bëssen röselen, ë bössen späitzen, e klengen Tornado an d'Landschaft bloosen, etc. A wann së da mol richtig op Toure kënnt, dann ass den Inferno awer ganz no.
Duerfir ass eis Welt och keng Illusioun, well soss kriiten d'Mënschen se nët ze spieren.
Villäicht, Shanti, sin d'Mënschen eng Illusioun. D'Welt huet nët op sie gewaart.
Shantideva 04.06.2010 - 23:58
Jo, am absoluten Senn sin mir grad sou Illusiounen wéi all Konzept waat mir erschaaf hun. Reduzéieren mir alles op d'Essenz, dann zerfaalen all eis Konzepter an jo och mir selwer... ouni elo wellen nihilistesch ze klengen. Soit... ech sin alt erem vun Pontius op Pilatus geflunn. smile))
Maimonides 05.06.2010 - 00:10
Nee nee, mir sin nët vu Pontius op Pilatus geflun. Mir hun iwert den anthropozentrische Prinzip diskutéiert: "dë Mënsch ass de Mëttelpunkt, an d'Welt ass nëmmen esou wi se ass well et de Mënsch gët, well wann ët deen nët géif gin da wär d'Welt anischt".
An dat Alles wéinst dem Gennaro senger Traap.
closed_eye
Shantideva 05.06.2010 - 00:18
Merci fir déi Äntwert. An sou gedanklech Austauscher sin emmer immens flott an vill ze selten. smile
Maimonides 05.06.2010 - 14:46
Merci och dir, JC, fir di flott Diskussioun.
suraki 04.06.2010 - 22:40
haut hellt keen méi eng Rolltrap méi, vir no uewen ze kommen,
vill vun déenen déi ech (leider) kennegeléiert hunn, bevirzeien
dee méi schnelle Lift. Et gin der do manner eran, an Gefor sech
ënner Gléichgesinnten do unzerämpelen as och nach méi kleng closed_eye
gtaddei1 05.06.2010 - 00:27
Mäin Gott, do hutt dir an e pur Zeilen den Dante, déi asiatesch an déi Westelesch Philosophie evoquéiert. Ech mengen ech brauch e bëssi fir dat ze lokaliséieren.
Also ech danken mool fir d' éischt fir dess SUPER Diskussioun--- an dat wengst enger Trap , Rolltrap an déi och nach Amerikanesch ass.
Mé ech wollt , dës Foto am Ufank : La descente vers l'enfer nennen ... an daat ass elo keng extemporaneiert Excuse... schwieren dat ech se esou wollt nennen.
Probeiren elo Schratt fir Schratt mech duerch dess Diskussioun ze goen fir dann mäin Pefferkär bäizedroen, wann dir erlaabt.

Ech loossen mir Zäit bis muer . Hunn elo net dén neideschen klore Kapp
Maimonides 05.06.2010 - 14:43
"Descente aux enfers" war (e.a.) och dëm Herakles seng letzt (12.) Missioun. Fro mol den Homer.
gtaddei1 05.06.2010 - 18:49
Den Homer ass net grad meng Kultur (do muss ech jo eng aner froen dofir) .
Den Dante , dat geet, muss e bëssi an mengem Verhalt opwullen.
Me wat mir beim Dante ganz fest pechen bliwwen ass , ass mol nett seng ganz Beschreiwungen vum Inferno con i cerchi an gironi sou och le bolgie , mé ganz einfach l'Anti-inferno, dohinner kommen déi déi den Paradäis nach d'Hell verdéngen , well si gelieft hunn ouni eppes fir sech an fir Mënschheet bedeit ze hunn ... neischnotz...
A suivre
Maimonides 06.06.2010 - 00:40
...a vive an d Fegefeier.
gtaddei1 06.06.2010 - 08:49
et ass méi schlëmm ewéi de Feegfeier ...
gtaddei1 04.06.2010 - 19:41
test spellchecker
Elo kann ech richteg Lëtzebuergesch schreiwen .
Datt geet.
Freck hunn Fehler bis elo geschriwwen , eng Onmass
Jeanny 05.06.2010 - 18:39
eng wonnerbar Foto
et geet erofsmile
doriwer kann e lang diskuteieren.
gtaddei1 05.06.2010 - 18:50
Eh oui ... weit weit et nach erof get ? Keen weess et
rom 06.06.2010 - 11:26
Ofgesin vun dem ganzen erop an erof as et eng super Foto. Flott an interessant wier et och bestëmmt, wann lénks dee Poto nach méi drop wier, d.h. dee lénkse Bord vum Poto an de Eck lafe loossen.
gtaddei1 06.06.2010 - 20:21
Ben dat erop an erop an den Diskussiounen sinn kleng Austauschen tëscht Frënn ... et ass oft witzeg mm hei war et doud serieux . Do hues du recht , mé dei Colonne (uewen lenks?) méi drop kréien heescht dann och aner Lait drop kréien , an dat wollt ech net
rom 07.06.2010 - 08:44
Jo, genau déi uewen lénks
gtaddei1 07.06.2010 - 11:15
jo et ass net drann ...
mischii 06.06.2010 - 18:28
et dauert nach e bessi bis en ënnen ass
Hun sou Biller gär, hun nach e ganzen Stockk Rolltreppen aus Frankfurt, smile)))
gtaddei1 06.06.2010 - 19:20
Me et waerd erof goen ... Weit erof
jean0663 11.06.2010 - 10:52
Super Foto. Bei langem kucken gëtt e mer schwindeleg smile
gtaddei1 11.06.2010 - 11:04
Mir och bei der Verschaffung... Sinn e puer mol opgestaanen fir d'Aan ewesch ze huelen vum Schierm

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 408 Gäscht online