Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Diesel Loco M-otiv inside

 
Diesel Loco M-otiv inside
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.05.2010
  • Gekuckt:
    23628
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/F/6.3
  • Brennwäit:
    12mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    keen
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    800x531
  • Späicherplaz:
    405 KB
  • Originaldatum:
    20.05.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Programm:
    A
  • Objektiv:
    Tokina 11-16mm
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=45746]
Kommentar vum Fotograf:
Daat ass eng locomotiv vun bannen...ech mengen et waaren 50° dobannen...ech hoffen et waar derwäert
Laurent76 26.05.2010 - 20:34
Excellent Vito, fir mech wär et domadder schon derwäert.

Hun nach nie eng Lokomotiv vun bannen gesin....
m-otiv 26.05.2010 - 22:15
Oh den Laurent...wei geet et dir? Ma ech haat och nach nie eng gesin...merci smile
ludiol 26.05.2010 - 20:43
juhu, lo hun ech och eng vu bannen gesin.d'veraarbechtung gefällt mer och ganz gudd
m-otiv 26.05.2010 - 22:18
Merci freet mech...bei den eenzelnen opnaahmen haat ech mir naicht erwaardt vun deser foto...mä zesummen...also definitv nie eng foto klasseieren ouni se fir d'eicht ze verschaffen hun ech hei geleiert
weisandre 26.05.2010 - 21:14
Super Obnahm vun engem Machinenraum vun enger 1600

Ech kann der veroden dat et am Summer bis zu 80-90° do bannen get, wann huet misten drun geschaaft gin ass se alt zu 2 Deeg ob Saït gestalt gin bis se mol Kaal war, dann schwëtzemer vun 20-30°daat Léit sech konnten dran obhallen fier kennen Reperaturen ze machen

LG Änder


m-otiv 26.05.2010 - 22:20
Wow...merci fir all dei detailler smile do huet een jo wierlech aahnung
McQueen 27.05.2010 - 09:22
Wei hun dei dann dorunner geschafft ? Do ass jo null Platz dobannen.
xda 26.05.2010 - 21:25
Waat fir strapatzen een dach fir eng gudd Foto muss erdroen smile
ech fannen et war derwäert !
m-otiv 26.05.2010 - 22:21
Merci...also mir waaren naas geschweest...hoffen mein apparat ass net oxideiert closed_eye
xda 26.05.2010 - 22:48
hmm dei gudd d300 ass dach spretzwaasergeschützt, sollt also dicht genuch sin e besse Schwees ofzehaalen ...
m-otiv 26.05.2010 - 22:55
Jo meng d300(s) keint baal tauchen goen smile
xda 26.05.2010 - 23:22
Oh Pardon dass ech den (S) vergiess hun bigsmile S wei Superwaaserdicht smile
m-otiv 26.05.2010 - 23:30
Jo, vernenn meng nikon net...die ass (luucht) empfindleg
Conner 26.05.2010 - 21:55
Ass eng flott Foto!
m-otiv 26.05.2010 - 22:22
Merci conner...freet mech
gi87 27.05.2010 - 00:47
Einfach just nees Genial, an vun de Farwen net ze schwätzen, einfach super Aarbescht !
McQueen 27.05.2010 - 09:20
Dei ass wierklech gudd gin Vito !
Oh jo, do war et waarm.
Kleng Anekdot zur Foto:
Den Vito huet baussen eng Lok geknipst, an ech sin op der anneren Säit an des d'Lok geklottert.
Daat Gesicht wei ech un d'Fenster geklappt hun, hien soll erankommen........baal esou gudd wei d'Foto smile
m-otiv 27.05.2010 - 09:31
jo daat war mein herzinfarkt gesicht smile
McQueen 27.05.2010 - 09:38
du häss mech elo mol missen gesin laachen bei denger Äntwert
rivende 27.05.2010 - 23:07
...das ist der Preis für ein super Foto. Gefällt mir gut.
m-otiv 27.05.2010 - 23:23
Vielen dank simone smile sehr schön deine webseite
rivende 28.05.2010 - 21:54
Danke.....Deine ist aber auch nicht zu verachten....

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 419 Gäscht online