Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Am Pafendall

 
Am Pafendall
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (26.05.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.05.2010
  • Gekuckt:
    31196
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/6 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x569
  • Späicherplaz:
    423 KB
  • Originaldatum:
    2010:05:26 10:32:10
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=45729]
Kommentar vum Fotograf:
Am Pafendall eben. Wollt mol wessen wa der sou driwwer denkt.
Jaycee 26.05.2010 - 11:29
Waat ëch esou spontan driwer denken? Nët besonnesch schaarf 1/6 s. an f6.3, wahrscheinlech eng Allround Optik am Genre 18-200mm, an zimlech flau. War wuel kéen idealt Fotowiëder déen Daag... closed_eye
dentom 26.05.2010 - 15:41
Jop et ass en Tamron 18-200 gewiecht an daat brengt net wierklech vill mee ech hu leider soss kee Zoom. Ech haat usech welles gehaat eng aaner Foto ze maachen dofier haat ech och den Aparat um Stativ an nach Iso 100 agestallt (am groussen ass se mei schaarf, mee effektiv net 100%). Well se nawell flaach war hun ech, wei de gtaddei1 et proposeiert huet, de Kontrast nach eropgeschrauft, wei fenns de et elo?
Jaycee 26.05.2010 - 16:03
Gesäit effektiv besser aus esou, an duerch den erhéichten Kontrast wierkt së och méi schaarf...
dentom 26.05.2010 - 16:05
Ok, merci fier deng Hellef smile.
McQueen 26.05.2010 - 11:33
Foto giff mier gudd gefallen, wann se dei blöd Heiser nemmen nie do an "rue Mohrfels" gebaut hätten.
Bass du och weider an Richtung Clausen gaangen ?
dentom 26.05.2010 - 15:43
Jo dei Haiser passen wierklech net sou richteg dohinn och wann et Platzen an der Staat ginn wou nach vill mei onpassendes gebaut ginn ass). Ech haat geschter keng loscht plätsch nass ze ginn dofier hunn ech agepaack a si leiwer an den George e gudde Patt huele gaangsmile.
gtaddei1 26.05.2010 - 12:00
Awer d'Fotokompo ... wann én den härt e bessi mei lenks gesaat hätt... dann super... Mé flotten schweiwenden Effekt.
Prozess: e bessi mei kontrast dann ass et super ... et gessait én esou eng Diffus Luucht dei d'Foto e bessi platt mecht... daat kennt durch iwerbeliichtung 1/6 sec
dentom 26.05.2010 - 15:45
Ech hunn se lo mol ersaat mee beim Bildopbau konnt ech leider net vill maachen well et alles nawell seier huet misse goen.
gtaddei1 26.05.2010 - 17:04
Dei ass besser... mé do keint én dei ennescht partie e bessi oofdonkelen iwert dem waasser riets )
dentom 27.05.2010 - 08:03
Merci, du mengs jo dei Mauer dei riets ennert dem Bpu vun der reck ass? Ech si mer awer net secher op ech daat färdegbrengen well PS ass net sou mengesclosed_eye.
gtaddei1 27.05.2010 - 12:00
Ech fannen se trotzdem an der Rai , de Mannchen dén op der Breck ass gett de Sënn vun der Deift an Dimensioun.
Also Fotografesch ass dess schons an der Rai... Kontraster ass nés eppes aanesters.
Am PS ass et nett emmer einfach den richteschen Equilibre ze fannen.
K-The-Killer 26.05.2010 - 12:40
Ech hun emmer um Siechenhaff gewunnt , nierft dem ''Paafendall'' , an sinn frouh do fort ze sinn aus deem Eck closed_eye Photo ass net ménges
dentom 26.05.2010 - 15:47
Ech fannen de Pafendall awer symphatechclosed_eye
Jaycee 26.05.2010 - 16:06
... an dem Fall misst dë dann eigentlech och Jéinesch schwätzen... closed_eye
dentom 26.05.2010 - 16:14
nee leider net (bis op: kuff d´Schmull), obwuel et secher interessant wier an och heiansdo praktechsmile.
Mee wou kann een dann nach en Nilles Plömpert an eng Nisch bestellen ouni ewei een Hornéckel do ze stoen
Jaycee 26.05.2010 - 16:22
oh du kënns awer bestëmmt nach e Puer aaner Ausdrëck wéi Moss, Schécks, Knëff... closed_eye
dentom 26.05.2010 - 16:25
Jo natierlech, mee de Charme vun der Sprooch ass eben datt net all Mensch se versteet.
McQueen 27.05.2010 - 09:39
ech kann smile
K-The-Killer 26.05.2010 - 20:58
Ech sinn frouh fort do ze sinn closed_eye
xda 26.05.2010 - 13:08
Ech fann se vermettelt keng Deift ... an wie dei aaner schon sooten e besse mei Kontrast wär wuel net falsch.
dentom 26.05.2010 - 15:45
Jop, se vermettelt wierklech keng Deift, ech hunn se lo mol mat mei Kontrat ersaat, besser?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 557 Gäscht online